Fokus

Fokus

Partager

FOKUS: biergerlech Wäerter an Engagement fir d'Gesellschaft am Mëttelpunkt! Familljen, Bildung, Rechtsstaat, Gerechtegkeet!

30/05/2026

❌ | Et geet deck duer! Respekt am Sport brauch méi wéi déi nächst Campagne!

Eis huet gëschter e Message vun de Responsabele vu fussballstagen.lu erreecht, dee fir eng dramatesch Entwécklung a de leschte Jore steet: eng Trainerin huet sech misse vun engem Elterendeel op déi iwwelst Manéier agresséiere loossen, well se sech wuel net esou um Terrain verhalen huet wéi den Täter dat gäre gehat hätt.

🛑 | Schidsriichter, Trainer a bénévole Jugendbetreier ginn ëmmer méi dacks beleidegt, menacéiert oder souguer ugegraff. Politesch Verurteelungen oder Campagnë fir Opklärung si sécherlech wënschenswäert, bréngen allerdéngs ouni néideg Konsequenze fir Täter ganz wéineg bis näischt.

✅ | Dofir plädéiert FOKUS. fir eng circonstance aggravante am Lëtzebuerger Code pénal wann Delikter géint Persoune mat enger wichteger Aufgab fir d’Allgemengwuel begaange ginn.

Wärend hirer Ausübung sollten:
👉 | Schidsriichter, Trainer a Jugendbetreier am Sport
👉 | Buschauffer a Personal am ëffentlechen Transport
👉 | Léierpersonal
👉 | Asazkraaft an insgesamt de Rettungsdéngscht
besser géint Gewaltakte geschützt ginn.

Mat der Loi du 5 juin 2019 gouf schonn den Artikel 269 vum Code pénal ugepasst, fir Persounen an der sécurité civile besser ze schützen. Dëse Prinzip betrëfft haut schonn Secouristen an aner Asazkräfte a soll och konsequent op aner Beruffsgruppen an op de Benevolat ausgebaut ginn.

Wien et eescht mengt mat de Wäerter an eiser Gesellschaft, dee muss genau déi Leit schützen, déi an der éischter Rei vun dëser stinn.

Fir méi Respekt. Fir konsequent Bestrofung. Fir eng Alternativ mat Vernonft.

Photos from Fokus's post 21/05/2026

🇱🇺 | Bei der Lag vun der Natioun huet virun allem eng laangfristeg Visioun am Logement gefeelt.

🏠 | Wou sollen déi geschwë 700.000 Awunner, déi d'Politik viséiert wunnen, wa mir elo schonn net nokommen? Wei soll sech d'Mëttelschicht an den nächste Joren eng Wunneng innerhalb vun de Grenze kënne leeschten?

🔎 | Bauland mobiliséieren do wou et Sënn mécht a schnell an onkomplizéiert bauen. Lëtzebuerg huet mei verdéngt.

21/05/2026

🎤 | Tribune libre vum Marc Ruppert.

🫩 | Dem „hin an hier“ an dem „du bass Schold, hien ass Schold“ een Enn setzen. 

🇱🇺 | Den État de la Nation sollt mei si wei géigesäiteg Scholdzouweisungen. 

🫸🏻 | Si all, Oppositioun a Regierung, ware laang genuch an der Verantwortung. 

🔎| An well et net besser gëtt brauch dëst Land eng Zukunftskommissioun. Een Opsiichtsrot fir d’Politik an d’Regierung. Well: Lëtzebuerg huet mei verdéngt.

17/05/2026

📣 | Vun der Long op d’Zong!

👉 | FOKUS ass houfreg, seng nei Sektioun zu Esch-Uelzecht virzestellen, a freet sech op déi kommend Aarbecht am Déngscht vun den Escher Bierger. Mir wëllen net nëmme matschwätzen, mee virun allem nolauschteren, diskutéieren an zesumme konkret Léisunge fir eis Stad entwéckelen.

Zu Esch ginn et vill Erausfuerderungen, déi d’Leit am Alldag direkt spieren:�
🚗👮 | Vum Verkéier- a Parkchaos, iwwer Sécherheet bis hin zum ëmmer méi deiere Logement an der Liewensqualitéit an de Quartieren. Och Themen ewéi eng lieweg Stadentwécklung, attraktiv Commerce de proximité, méi Gréngflächen an eng Politik no beim Bierger wäerten am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht stoen.

Esch huet Potenzial – mee et brauch eng Politik mat Visioun, realistesch Iddien a virun allem gesonde Mënscheverstand.

Genau dofir setzt FOKUS. sech an:

Fir eng pragmatesch, éierlech a konstruktiv Alternativ, déi d’Interesse vun de Bierger an de Mëttelpunkt stellt.

An de nächste Wochen a Méint wäerte mir eis Positiounen, Iddien a konkret Proposen zur Escher Gemengepolitik presentéieren. Bleift also gespaant op eis Bäiträg, eis Initiativen an den Austausch mat iech!

Fir eng Alternativ mat Vernonft.
Fir eng modern a liewenswäert Stad.
Fir Esch-Uelzecht.

15/05/2026

✋❌ | Gewalt ass net ze toleréieren!
D’Politik dierf d’Aen net zou maachen. Mir brauchen Ulafstelle fir d’Affer, mir brauche kloer Zuelen a Statistiken. Mir mussen eis Wäerter an de Respekt nees héich halen. Respekt ass keng Kiischt um Kuch, et ass d’Basis vum Zesummeliewen!

Photos from Fokus's post 13/05/2026

🇱🇺 ✍️ | FOKUS. fuerdert eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch.

🤝 | Lëtzebuergesch ass keng Barrière fir Méisproochegkeet — et ass eng Bréck dohinner.

D’Sprooch huet eng germanesch Struktur, déi den Zougang zum Däitschen erliichtert, a gläichzäiteg vill franséisch Aflëss, déi et francophonne Kanner a Jonken erlaabt, hiren Wuertschatz weiderhin zu engem erhiefleche Mooss ze notzen. 

Kanner léieren esou schonn am Alldag, tëscht verschiddene Sproochesystemer ze denken. Dat ka spéider Däitsch, Franséisch an aner Sprooche méi accessibel maachen.

Eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch géif:
➡️ de Kanner eng méi natierlech Basis ginn
➡️ d’Verständnis vun der Sprooch stäerken
➡️ Integratioun an Zesummenhalt fërderen
➡️ an d’Méisproochegkeet net schwächen, mee opbauen

Lëtzebuergesch verbënnt duerch seng historesch Aflëss vun Däitsch a Franséisch national Identitéit mat Toleranz an Oppenheet géintiwwer anere Kulturen. Des hybrid Form ass eng Stäerkt — keng Schwächt. 

Fir eng Alternativ mat Vernonft.

Photos from Fokus's post 12/05/2026

✋🤔 | Wat bréngt eis eng Politik, déi just bis bei déi nächst Walen denkt?

🇫🇮 🇱🇺 | Wärend vill politesch Debatte kuerzfristeg geféiert ginn, plangen aner Länner Joerzéngte viraus. A Finnland gëtt et schonn zënter Joren eng parlamentaresch Zukunftskommissioun, déi sech systematesch mat de groussen Erausfuerderunge vu muer beschäftegt: Digitaliséierung, Wunnengsbau, Bildung, kënschtlech Intelligenz, Klima, Resilienz oder de gesellschaftlechen Zesummenhalt.

🇱🇺 🤔 | Firwat soll Lëtzebuerg net och esou eng Zukunftskommissioun aféieren?

Grad e klengt Land wéi Lëtzebuerg steet viru risegen Erausfuerderungen:

💶 | Explodéierend Wunnengspräisser

🚗 | Trafic

🛢️ | Wirtschaftlech Ofhängegkeeten

🤝 | Gesellschaftlechen Zesummenhalt

🧑‍💻 | Digitaliséierung a KI

👴 | Demografie

🌱 | Energie- a Klimafroen

Oft reagéiere mir eréischt, wann d’Problemer schonn iwwer Joren entstane sinn. Eng Zukunftskommissioun kéint Entwécklungen éischter erkennen, Zenarien ausschaffen a parteiiwwergräifend laangfristeg Léisunge virbereeden.

Net als symbolescht Gremium, mee als e richtegt strategescht Instrument fir d’Zukunft vun eisem Land.

Politik däerf net nëmme verwalten.

Si muss och virausdenken.

Fir eng Alternativ mat Vernonft.

Photos from Fokus's post 10/05/2026

⚽️ Um 9. Mee huet eng Equipe vu Fokus bei beschtem Fussballwieder beim JC Stamp Penalty Cup matgemaach! 🤗

09/05/2026

🗳️ | Eng direkt Wiel vun der Presidentin oder dem President vun der EU-Kommissioun.
❌ | D’Ofschafe vum Veto-Recht, besonnesch an der Aussepolitik, fir datt Europa a Krisenzäiten net blockéiert gëtt.
👨‍⚕️ | Eng verbessert Politik fir legal Immigratioun op Basis vu Qualifikatiounen, déi op eisen Aarbechtsmaart gebraucht ginn.
🛡️ | Manner Duebelstrukturen a besser Verdeedegungspolitesch Zesummenaarbecht wou national Egoismen sollten evitéiert ginn.
✋ | Eng konsequent Begrenzung vun irregulärer Immigratioun.

🇪🇺 | Dëst a villes méi stoung schonn am Europawalprogramm 2024 vu FOKUS. Et gëtt Zäit dass d‘Europäesch Unioun dës Saachen endlech verbessert. Den 9. Mee sollt grad niewent den Europäeschen Errungenschaften an dem historesche Kontext vun der Schuman-Erklärung aus dem Joer 1950 dofir benotzt ginn.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Esch-sur-Alzette ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

25 Rue Du Nord
Esch-sur-Alzette
4260

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 17:00
Mardi 09:00 - 17:00
Mercredi 09:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 17:00