Naturpark Öewersauer

Naturpark Öewersauer

Partager

D'Waasserregioun vu Lëtzebuerg Arbeit und Erholung ökologisch sinnvoll gestalten, heißt seit 1999 das Ziel des Naturparks Obersauer im Nordwesten Luxemburgs.

Er liegt inmitten der urwüchsigen Mittelgebirgslandschaft der Ardennen und zeichnet sich durch seine tief eingeschnittenen Täler, feuchten Wiesen, bewaldeten Steilhänge und die landwirtschaftlich genutzten Hochplateaus aus. Den Mittelpunkt bildet ein Stausee, der ca. 70% der Haushalte Luxemburgs mit Trinkwasser versorgt. Tourismus, Kultur, Umweltschutz und ökonomische sowie soziale Entwicklung wer

02/06/2026

Gitt elo Deel vun der Solarkooperativ enercoop 👋

Zanter 2020 gëtt et am Naturpark Öewersauer eng Solarkooperativ. Hei geet et drëm Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien ze lancéieren, un deenen sech méiglechst vill Awunner kënne bedeelegen.

👉 Du hues Loscht an erneierbar Energien z'investéieren? Da komm de⏰15. Juni um 19 Auer op d'Info-Versammlung an d'Sportshal vun der Regionalschoul Uewersauer. Et brauch ee sech net unzemellen.☺

Photos from Naturpark Öewersauer's post 31/05/2026

Loscht op e Picknick⁉

Entdeckt an eisem Naturpark-Shop op 15, rue de Lultzhausen zu Esch-Sauer eis flott Lunchboxen an Upcycling Bestecketui'en.

Dat Besonnescht dorunner⁉

👖 D’Etui’e sinn aus alen Jeans hiergestallt an am Atelier vun Autisme Luxembourg asbl gebitzt ginn.

✈️ Och d’Besteck huet eng zweet Chance kritt: Et handelt sech ëm Läffelsgeschier, dat mir vun Luxair Luxembourg Airlines recuperéiert hunn.

Praktesch, nohalteg a mat enger schéiner Geschicht hannendrun 🌍♻️

Photos from Naturpark Öewersauer's post 30/05/2026

Natur Pur? 🌿

Esou heescht ee wonnerschéine Wanderwee 🥾, dee beim Parking op der Misärsbréck start. Zur Auswiel stinn zwee Tier: ee vu 7 km an eng kuerz Variant vun 1,7 km.

ℹ Fir dee groussen Tour sollt een ongeféier 4 Stonnen aplangen. Ënnerwee begéint een ëmmer erëm faszinéierend Plazen. 😊

👉Profitéiert iwwerdeems weekends an op Feierdeeg vun der Stauséi-Navette, déi ronderëm de Stau fiert an iech ënnert anerem no un den Ausgangspunkt vun dësem Wanderwee bréngt. D'Haltestell heescht Misärsbréck.🚏

Photos from Ouni Pestiziden's post 28/05/2026

Mir hunn eis gefreet bei der Aweiung dobäi ze sinn a si gespaant ze gesi, wéi de Projet sech entwéckelt. ☺️

Photos from Naturpark Öewersauer's post 27/05/2026

E klengen Abléck an den Tournage, dee mir haut um Solarboot haten ☺️

👉Demnächst kritt dir hei d‘Resultat ze gesinn.

E grousse Merci u jiddereen, deen eis dobäi ënnerstëtzt huet - dir wart formidabel. 👏

Photos from Naturpark Öewersauer's post 26/05/2026

Repair Café zu Heischent ⚒️

👉Hues Du eppes wat misst gefléckt ginn⁉ Beim Repair Café kriss du gehollef - egal op et sech ëm elektresch, elektronesch, textil oder soss eng kleng Reparatur handelt. 💪

Käschten⁉ Eng fräiwëlleg Spend.

👉Rendez-Vous Samschdes, den 6. Juni tëschent ⏰ 9 an 12 Auer am Centre Culturel zu Heischent (Neiewee).

ℹ Natierlech kann een och einfach op d'Plaz kucke kommen an eng Taas Kaffi an ee gutt Stéck Kuch 🍰 genéissen.☺

Fotoen: Caroline Martin

25/05/2026

Reservéiert elo ären Tour mam Solarboot ☀

Dir wëllt vum gudde Wieder profitéieren an de Stauséi emol aus enger anerer Perspektiv kenneléieren⁉

👉 Dann ass elo de Moment ze reservéieren. Mir hu fir dës Woch nach Plazen op verschiddene Faarte fräi a freeën eis iech d'Waasserregioun vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.

ℹ All d'Detailer an de Link fir online ze reservéieren fannt dir op eisem Site ☺️

https://www.naturpark-sure.lu/offer/das-solarboot/

Foto: Nathalie Leger

24/05/2026

Kanneraktivitéit: Op de Spuere vun de Bestëbser 👀

Donneschdes, den 11. Juni proposéiere mir vu 14 bis 17 Auer en Entdecker-Nomëtteg zu Wooltz. Zesumme gi mir am urbane Raum op d'Sich no Bestëbserinsekten. D'Kanner léieren, wéi d'Bestëbsung funktionnéiert a wéi villfälteg d'Bestëbser sinn. 🐝

👉Duerno baue mir nach en Insektenhotel a maache Seedbombs. D'Aktivitéit ass fir Kanner ab 6 Joer. Umeldung iwwer dëse Formulaire: https://forms.office.com/e/jJ7NbhTFQB

Foto: Caroline Martin

23/05/2026

Workshop: Naturno Gaardegestaltung 👀

Samschdes, den 13. Juni proposéiere mir e Workshop iwwer d'Grondlage vun enger naturnoer Gaardegestaltung. Zesumme gestalte mir beim Dreamland Creative Space eng Fläch fir direkt d'Theorie a Praxis ëmzesetzen.

👉 Hei alleguer d'Detailer am Iwwerbléck:

✅ Samschdes, den 13. Juni vu 14 bis 17 Auer zu Wooltz
✅ D'Participatioun ass gratis
✅ Umeldung iwwer de Formulaire https://forms.office.com/e/h3C0tLgVKX

Foto: Caroline Martin

22/05/2026

UPDATE: déi 2 fräi Plazen fir en Donneschdeg si verginn. Mir hunn awer elo och d‘Imeldunge fir eng weider Tour am August fräigeschalt. D‘Umeldunge lafen iwwer de selweschte Link. ☺️

‼ Last Minute Call: 2 Plaze fräi fir eis guidéiert Kanutour 🛶👀

Opgrond vun enger Ofmeldung hu mir kuerzfristeg 2 Plaze fräi fir d'Kanu-Tour, déi mir en Donneschdeg, 28. Mee zu Lëlz um Stauséi ubidden. D'Tour ass vu 17 bis 20 Auer an ënnerwee kritt dir spannend Informatiounen iwwer d'Planzen- an Déierewelt am a ronderëm de Stauséi.

👉 D‘Exkursioun ass gratis, Umeldung iwwer de Formulaire: https://forms.office.com/e/55hnVigbnn

Foto: Caroline Martin

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Esch-sur-Sûre ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


15, Rue De Lultzhausen
Esch-sur-Sûre
9650