Sebes.lu

Sebes.lu

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Sebes.lu, Public & Government Service, 20, Um Quatre Vents, Eschdorf.

💧 Eist Drénkwaasser – vun der Natur an de Krunn.
🇱🇺Zënter 1962 suergt SEBES fir eng sécher Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg.
🇱🇺Le SEBES a pour mission de renforcer l’alimentation en eau potable du Grand-Duché de Luxembourg.

27/05/2026

D’Awunner am Stauséigebitt sollen d’Schutzzone respektéieren, fir eng héich Drénkwaasserqualitéit ze garantéiere. 💧🌿
Hire Pech? Nee.

Proppert Drénkwaasser ass eng Grondlag fir jiddereen. 🚰

Dowéinst dréit och jidderee Verantwortung fir de Waasserschutz – an duerch säin eegent Verhale kann all eenzelen dozou bäidroe. 🌱🌍🤝

✔️ Wa méiglech, muss op de Kaf an den Asaz vu waassergeféierleche Chemikalien a Pestiziden verzicht ginn. 🚫🧪🌾
✔️ Waassergefährdend Produkter net an de Lavabo, d'Toilette oder an e Gulli schëdden, mä ganz einfach a gratis fachgerecht entsuerge. 🚫🚽🧴♻️

Zesumme schütze mir eist Drénkwaasser – haut a muer. 💧💙

Photos from Service national de la jeunesse's post 21/05/2026

👉 17.08. : Visitt um SEBES – D'Rees vum Drénkwaasser entdecken

📅 Dës Aktivitéit ass Deel vun enger ganzer Rëtsch u flotte Aktivitéiten fir Jugendgruppen, déi wärend der Päischte- an der Summervakanz stattfannen.

💧 Nieft villen anere sportlechen an naturverbonnenen Aktivitéite bitt dës Visitt eng besonnesch Geleeënheet, fir eppes Neies ze léieren. Hei entdeckt Dir de Wee vum Drénkwaasser – vun der Natur an de Krunn.

✍️ Infoe & Umeldung iwwer: Service national de la jeunesse

LAKU - eng Zesummenaarbecht tëscht Baueren, SEBES an dem Naturpark Öewersauer 20/05/2026

En effikasse Schutz vum Stauséi-Waasser geléngt nëmmen zesumme. 🤝💧

E staarkt Beispill dofir ass d’LAKU – d’landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer. 🌿🚜

Zanter méi wéi 10 Joer schaffen d’Bauerebetriber aus dem Stauséigebitt, den Naturpark Uewersauer an de SEBES Hand an Hand, fir eng waasserschounend landwirtschaftlech Flächenotzung ëmzesetzen – ouni ekonomesch Nodeeler fir d’Betriber.

D’LAKU Bauere setzen sech aktiv fir d’Qualitéit vun eisem Drénkwaasser an. 💧🌿💙🌱

🎥

LAKU - eng Zesummenaarbecht tëscht Baueren, SEBES an dem Naturpark Öewersauer D'landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer(LAKU) engagéiert sech zënter 2015 fir eng nohalteg Landwirtschaft amWaasserschutzgebitt vum Stauséi. Dëst an Zes...

Photos from Sebes.lu's post 13/05/2026

De Schutz vum Stauséi fänkt bei de Schutzzonen un. 💧🌿

Kloer Reegelen an Obligatioune suergen dofir, datt d’Waasserqualitéit héich bleift an eist Drénkwaasser esou wéineg wéi méiglech opbereet muss ginn. ✅🚰

Mat sengem Moossnameprogramm mobiliséiert de SEBES all Akteuren am Stauséigebitt. 🤝

Duerch fräiwëlleg Waasserschutz Moossname ginn d’Risike vu Verschmotzungen duerch Pestiziden oder aner Chemikalien vu vir era reduzéiert. 🌱🚫🧪

Zesumme schütze mir eist Drénkwaasser. 💧🌿💙

Photos from Sebes.lu's post 06/05/2026

💧 3 Saachen, déi’s du iwwer däin Drénkwaasser vläicht nach net wousst:

1️⃣ Et gëtt permanent kontrolléiert – iwwer 5000 Analysen pro Joer.
2️⃣ Eist Drénkwaasser kënnt aus geschützte Quellen a natierleche Schutzgebidder.
3️⃣ SEBES Profien am Asaz – 24/7, mat modernster Technik.

💙 Sécher. Propper. Zu all Moment.

05/05/2026

IInvitatioun op d’Waasserkonferenz 💧

Am Kader vun der éischter Editioun vun de Waasserdeeg fënnt den ⏰ 18. Mee vun 9:45 bis 14:30 eng Waasserkonferenz bei eis um Site zu Eschduerf statt.

D’Konferenz beschäftegt sech mam Thema Waasserschutz. Um Programm stinn verschidde Virträg a Gespréichsronnen.

👉 De detailléierte Programm an d’Umeldung fannt Dir hei:
https://www.naturpark-sure.lu/offer/wasserkonferenz/

ℹ D’Waasserdeeg ginn am Kader vum transnationalen LEADER-Projet Wasserregionen Attersee-Öewersauer organiséiert.

Naturpark Öewersauer l LEADER Lëtzebuerg lMinistère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

Invitatioun op eis Waasserkonferenz 💧

Am Kader vun der éischter Editioun vun eise Waasserdeeg luede mir jiddereen an, eis Waasserkonferenz ronderëm d'Thema Waasserschutz lauschteren ze kommen. Um Programm stinn den⏰18. Mee vun 9:45 bis 14:30 verschidde Virträg a Gespréichsronnen. Dat Ganzt fënnt um Site vun der SEBES zu Eschduerf statt.

👉 Den detailléierte Programm an de Link fir sech unzemelle gëtt et hei: https://www.naturpark-sure.lu/offer/wasserkonferenz/

ℹ D'Waasserdeeg fannen am Kader vum transnationalen LEADER-Projet Wasserregionen Attersee-Öewersauer statt.

Sebes.lu | LEADER Lëtzebuerg | Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

Photos from Sebes.lu's post 28/04/2026

Am Kader vum Weltdag vun der Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht erënnere mir drun:
Sécherheet fänkt net um Terrain un – mee am Wëssen.

Beim SEBES ginn eis Mataarbechter reegelméisseg forméiert:
🩹 Éischt Hëllef
🧗 Aarbecht mat Harnais
⚡ Sécherheetsinstruktiounen
📋 Gesetzlech Oplagen

Dat déngt net nëmme fir eis Equipe ze schützen,
mee och fir d’Qualitéit vun eisem Drénkwaasser ze garantéieren.

Dësen Dag ënnersträicht, wéi wichteg et ass, all Dag bewosst a responsabel ze handelen.

Sécherheet ass keng Optioun. Et ass eis Verantwortung.

23/04/2026

Invitatioun op eis Waasserkonferenz 💧

Am Kader vun der éischter Editioun vun eise Waasserdeeg luede mir jiddereen an, eis Waasserkonferenz ronderëm d'Thema Waasserschutz lauschteren ze kommen. Um Programm stinn den⏰18. Mee vun 9:45 bis 14:30 verschidde Virträg a Gespréichsronnen. Dat Ganzt fënnt um Site vun der SEBES zu Eschduerf statt.

👉 Den detailléierte Programm an de Link fir sech unzemelle gëtt et hei: https://www.naturpark-sure.lu/offer/wasserkonferenz/

ℹ D'Waasserdeeg fannen am Kader vum transnationalen LEADER-Projet Wasserregionen Attersee-Öewersauer statt.

Sebes.lu | LEADER Lëtzebuerg | Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

22/04/2026

🦺 Firwat hu mir en délégué à la sécurité?

Well Sécherheet net vum Zoufall ofhänke däerf.

Beim SEBES suergt eisen délégué à la sécurité, zesumme mat de Servicer, dofir
👉 Risiken fréi ze erkennen
👉 Schutzmoossnamen ëmzesetzen
👉 an d'Sécherheet am Alldag ze verankeren

Hien ass d’Verbindung tëschent Mataarbechter, Direktioun a Reglementer –
mat engem kloeren Zil:
👉 jiddereen soll seng Aarbecht ënner séchere Konditioune maache kënnen.

15/04/2026

💧 Drénkwaasser ass Deel vun der kritescher Infrastruktur.

Méi wéi d’Hallschent vum Land kritt säin Drénkwaasser vum SEBES.
Eng kontinuéierlech a sécher Drénkwaasserversuergung ass dofir essenziell fir eist Land.

Dat bedeit:
🔒 Schutz
👀 Iwwerwaachung
🔧 kontinuéierlech Verbesserungen

Zu Eschduerf hu mir an de leschte Joren vill investéiert,
fir eis Anlagen och vu baussen nach besser ze schützen.

Sécherheet gesäit een net ëmmer.
Mee si ass ëmmer do.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Eschdorf ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


20, Um Quatre Vents
Eschdorf
9150