Centre d'Incendie et de Secours Junglinster

Centre d'Incendie et de Secours Junglinster

Partager

Centre d'Incendie et de Secours Junglinster

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Junglinster's post 24/02/2026

+++ Übung INCSA & SAP +++

Geschter Owend huet et erem geheescht "Back to the Basics"

Zesummen hu mir eis wichteg Regelen ugekuckt wéi z.B d'AUTO Regel oder d'AIRBAG Regel déi eis bei éngem Verkéiersaccident hëllefen wichteg informatiounen opzehuelen an virun allem Sëcher kënnen ze schaffen.🚒🚑

Weiderhinn konnten dunn virun allem nei Memberen Geschier wéi Schéier a Spreizer, déi mir benotzen fir ageklemmt Persounen aus engem Gefier ze befreien, kennenléieren an och domadden Schaffen.🚒

Fir, virun allem eis SAP Leit, ass et niewebäi drëms gaangen eng Persoun, mat denen Moyenen déi eis zur Verfügung stinn, achsegerecht aus engem Gefier erauszehuelen.🚑

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Junglinster's post 20/01/2026

+++MdA INCSA+++

Gëschter Owend haate mir fir d'éischt dest Joer erem eng Übung op der Rouder Säit 🚒

Bei der Übung ass et virun allem em d'Basis virgoen bei engem Verkéiersaccident gangen.

Dozou gehéiert Stabiliséieren géint Kippen a Sëcheren géint e méiglecht wech rullen vum Auto.

Dass des Handgrëffer sëtzen ass essentiell fir de Patient am Auto sou séier a sou sëcher wéi méiglech eraus ze kréien.

Zum Schluss huet dann nach missen eng Victime duerch den Dach vum Auto erausgeholl ginn.

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Junglinster's post 05/12/2025

+++ Kleeschen am CIS Jonglënster +++

Och dëst Joer huet de Kleeschen sech et net huelen gelooss fir de Pompjeeën vu Jonglënster eng Tiitchen op der Commune de Junglinster ze hannerloossen. E spezielle Merci geet un den Herr Buergermeeschter Ben Ries, dee perséinlech och nach Boxemännercher fir d‘Pompjeeën matbruecht huet.

12/11/2025

Geschter war et dann un eis! 🌳
Mir soen e grousse Merci dem Centre d'incendie et de secours Mensdorf - CISM fir d’Nominatioun!

Natierlech hu mir d’Bamplanz Challenge ugeholl – soudass eis Menster-Kolleegen leider net bei eis grillen kënnen kommen.🔥😉

Mir ginn d’Challenge elo weider un:
🌱 Lënster Musek
🌱 Centre d'Incendie et de Secours Commune de Manternach
🌱 Paul Schroeder

Dir hutt 72 Stonnen Zäit, fir äre Bam ze planzen 🌳 —
an wann net, da freeë mir eis schonn als CIS Jonglënster bei iech ze grillen! 🍖😄

16/10/2025

+++ Staying Alive LU - Hëlleft och Dir e Liewen retten 🚑 +++

Dir kennt d‘Handgreffer vun der Reanimatioun? Da lued d’App Staying Alive LU erof, gitt bei engem Haerzstellstand an äerer Emgéigend alarméiert an hëlleft e Liewen ze retten!

Kennt Dir d‘Gesten nach nët? Da mellt Iech an engem Éischt Hëllef Kuer un. Weider Detailer fannt Dir ënnert: cours.cgdis.lu

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Junglinster's post 07/10/2025

🚑 MdA SAP & FIS am CIS Jonglënster 🚒

Gëschter Owend stoung en Maintien des Acquis um Programm.
Simuléiert gouf en Accident tëscht enger Camionette an engem Auto – mat dräi verletzte Persounen (1 schwéier, 1 mëttel a 1 liicht).

Déi éischt Ambulanz war séier op der Plaz an huet d’Situatioun analyséiert, ier den HLF nokoum an d’Equipe weider Verstäerkung ugefrot huet.

Zil vun der Übung: d’Zesummenaarbecht tëscht den Unitéiten ze stäerken an d’Ofstëmmung am Asaz ze verbesseren.

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Junglinster's post 15/09/2025

+++ Trauma Team Junglinster goes WRC +++

E Samsden de Mëtten um 12h15 war déi läscht Competitioun fir eis Ekipp. Sie hunn sech zesummen mat der Equipe vu Praia da Vitoria aus Portugal dem MCI (Mass Casualty Incident) gestallt. Bei dësem Szenario gouf en Accident mat engem Van duergestallt wou 8 Victimen hunn missen versuergt ginn.

An den éischten 2 Minutten war ee Member vum Trauma Team Jonglënster zesummen mat engem Member vun Praia da Vitoria fir den Triage vun de Victimen ze machen. Duerno sinn déi aner 2 Memberen nokomm.
No an no goufen déi 8 Victimen betreit an faerdeg gemach fir den Transport. Uschléissend gouf d‘Iwwergab un d‘Richteren gemach.

2025 war fir d‘éischt, wou sou en Szenario op enger Weltmeeschterschaft gemach gouf. Fir eis war et eng flott Erfahrung mat enger auslänescher Ekipp ze schaffen.

E Samsten den Owend stoung Closing Ceremony um Programm wou den Ofschloss gemach gouf mat engem gemeinsamen Iessen.

Nach eemol e grousse Merci un eis Sponsoren ouni Sie dëst nët méiglech gewierscht wier.

12/09/2025

+++ Trauma Team Junglinster goes WRC +++

Nodeems gëschter Owend d‘Swap Night war wou fläisseg Gadgets getosch ginn sinn a mir gëschter keng Challenge haten geet et haut weider fir eis Ekipp.

Um 16h30 de Mëtten ass dann déi zweet Challenge an der Kategorie Complex. Hei geet et drëms 2 Victimen ze versuergen, wouvunner eng kritesch ass.

Dir kennt de Livestream kucken ennert folgendem Link: https://youtube.com/?si=YduI7JZJY7k2tl03

Nach eemol e grousse Merci un eis Sponsoren. Ouni si alleguerten wier eis Teilnahmn net méiglech gewierscht.

Recto
GABBANAelcom
Centermed
Koeppchen
Gedrénks Buttek Weber / Ären Dépositaire
Agence Greisch Steve - Foyer
Doppler S.A.
Prefalux Construction
Sarl ALPI Protection Incendie
Lux-echafaudages
Constructions Entrapaulus S.A.
Stoll Safety
HexArmor
Libéaert

11/09/2025

+++ Trauma Team Junglinster goes WRC +++

D’Trauma Team Junglinster huet haut keng Challenge. Mir sinn awer de ganzen Dag um Site fir eis Kolleegen aus der ganzer Welt ze ënnerstetzen. D‘Beatriz ass haut dann och nach bei enger brasilianescher Ekipp als Iwwersetzer am Asaz (Condá Rescue Team).

Den Owend um 18h ass Swap Night wou Gadget‘en ënnert den Ekippen getosch ginn.

Nach eemol e grousse Merci un eis Sponsoren. Ouni si alleguerten wier eis Teilnahmn net méiglech gewierscht. Ps. et feelen leider Sponsoren um Calicot.

Recto
GABBANAelcom
Centermed
Koeppchen
Gedrénks Buttek Weber / Ären Dépositaire
Agence Greisch Steve - Foyer
Doppler S.A.
Prefalux Construction
Sarl ALPI Protection Incendie
Lux-echafaudages
Constructions Entrapaulus S.A.
Stoll Safety
HexArmor
Liébaert

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Junglinster's post 10/09/2025

+++ Trauma Team Junglinster goes WRC +++

Haut huet sech eis Ekipp dem Standard Szenario gestallt. Op der Strooss ass e Cycliste iwwert e Gitter geflunn ier en mam Bauch an en holzenen Poul gefall ass an Bauchberäisch blesséiert ginn ass.
Innerhalb vun 14 Minutten ass de Patient en Charge geholl a faerdeg fir den Transport gemach ginn. Duerno hunn mir 1 Minutt Zäit gehat fir d‘Iwwergab un den Dokter, deen vun engem Richter gestallt gouf ze machen.

Muer hunn mir keen Szenario ier et Iwwermuer um 16h30 mam Complex Szenario weider geet.
Muer feieren mir eis Kolleegen un an muer den Owend ass dann Swap Night wou dann mat all den aneren Teams Gadget‘en getosch ginn.

Mir soen eise Sponsoren villmols Merci fir hier Ënnerstetzung.

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Junglinster's post 09/09/2025
Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Junglinster ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


1, Rue Emile Nilles
Junglinster
6131