Geschichtsfrënn Gemeng Péiteng

Geschichtsfrënn Gemeng Péiteng

Partager

Amis de l’Histoire de la commune de Pétange a.s.b.l.

21/05/2026
05/12/2025

Hallo Geschichtsfrënn

De neie Geschichtsfuerscher Nr. 14 ass eraus.
An Zesummenaarbecht mat der AMTF Train 1900 asbl weist dëst Wierk en interessante Abléck an Geschicht vun 150 Joër Eisebunnslinn Péiteng-Fond-de-Gras
En absolute "Must have" fir all Geschichts Interersséierte.
Buch kascht 43€ a kann all Freides Mëttes bei eis zu Rolleng ofgeholl ginn, vun 15hh00-18h00 oder um Bureau vum Minett Park am Fond-de-Gras, Méindes bis Donneschdes 8h00-17h00
5€ kommen dobäi wann mir Iech et Heem schécke solle.

Mir wënschen Schéi Feierdeeg!

18/06/2025

🌞 Visite guidée du site gallo-romain au Titelberg 🌞
🇨🇵Date: Vendredi le 20 juin 2025 à 18.30 heures
Langue du tour: francais
Départ: Parking "Bëschkierfecht" avant de descendre au Fond-de-Gras
La visite sera gratuite et durera environ 1h30!
🇱🇺Datum: 4. Juli 2025 um 18.30 Auer
Sprooch vum Tour: Lëtzebuergesch
Départ: Parking "Bëschkierfecht" eier dir erof an den Fond-de-Gras fuert.
D'Visite ass gratis an dauert ongefeier 1h30!

10/10/2024

Hallo Geschichtsfrënn

Fir all déi, déi e Samschdeg um grousse Millefest zu Rolleng dobäi sinn, wat vun 11h00-18h00 op der Grondmillen stattfënnt, hei nach eemol de Film vum Millejängi deen e Samschdeg natiirlech och dobäi ass, an Iech seng Mille wäert weisen.
Visite vun der Millen sinn um11h15 , 13h15,an 15h15
Mir gesinn eis vläicht do!

16/08/2024

Geschichtsfrënn aus der Gemeng Péiteng deele mat, dass hire Bureau elo zou ass bis den 12 September!
Freides den 13 September sinn mir nees do fir all är Froen zur Geschicht ze beäntweren, an dat vun 15h00-18h00.
Fir all déi, déi nach net fort woren, wënsche mir eng schéi Vakanz.

01/07/2024

Hallo Geschichtsfrënn

Den neie Geschichtsfuerscher Nr :13 ass do!
Dës kéier hellt den Auteur Roger Bour op 244 Säiten de Lieser mat op eng Rees duerch Gemeng Péiteng.
Säin neit Buch dréit den Titel: Il était une fois… Pétange, Lamadelaine, Rodange, l’histoire, le pittoresque.
Op der lénker Säit vum Buch, huet hien déi wichtechst Platzen aus der Gemeng als Aquarell ofgemoolt, an op der rietser Säit mat enger Photo gewisen, ewéi Platz oder Strooss haut ausgesäit.
Dat ganzt gëtt dann och am Detail erkläert.
E flott an interessant Wierk fir eisen 20ten Anniversaire dëst Joer ze feieren.
Buch kritt dir fir 30€ wann dir et Freides vun 15h00-18h00 bei eis an “Uecht” siche kommt, oder fir 38€ wann dir et Heem geschéckt wëllt kréien. BCEE LU26 0019 5655 0734 8000
Mir maachen dëst Joer eise Bureau zou fir Summer Vakanz vum 17 August, a sinn dann nees ab dem 13 September do fir all Geschichts Interesséierter.
Vill Spaass beim Liesen an der Vakanz, oder Doheem, wënschen
Geschichtsfrënn aus der Gemeng Péiteng

13/05/2024

Hallo Geschichtsfrënn

Am Kader vum Summerlach organiséiert vun der Gemeng Péiteng, proposéire mir an Zesummenaarbecht mam Oppidum Tëtelbierg eng Visite guidée vun deem historesche Site an zwar: den 8 Juni mat Départ um 10h00 um Parking Bësch Kierfecht, dat ass éier dir erof an de Fond-de-Gras fuert .
Wien woren eis Virfaren, a wéi hunn se gelieft?

Dauer ass 2 Stonnen, an Visite ass Gratis.

Vläicht gesinn mir eis do?

Geschichtsfrënn aus der Gemeng Péiteng

17/04/2024

Hallo Geschichtsfrënn

Mir wollte just matdeelen, dass mir fir de Film Owend "Schockela Knätschgummi a brong Puppelcher" vum Andy Bausch den 25 Abrëll ausgebucht sinn!
Net trauereg sinn, mir hunn nach vill historesch Filmer an eisem Archiv, a bei Gelëenheet weisen mir nach déi eng oder aner historesch Pärel wou dir dann dobäi sidd!

Geschichtsfrënn Gemeng Péiteng

29/03/2024

Hallo Geschichtsfrënn

Am Kader vum 80 Anniverssaire vun der Befreiung duerch Amerikaner den 9.09.1944 wou Péiteng als éischt Uertschaft vum Land befreit gouf,weise mir dem Andy Bausch säi Film zu dem Thema ,
"Schockela Knätschgummi A brong Puppelcher.
Den 25 Abrëll um 19h30 bei eis am Kinos Sall an der Uecht.
Den Entrée ass fräi, Umeldungen bis den 23 Abrëll um [email protected]
Mir wënschen schéin Ouschteren.

13/03/2024

Hallo Geschichtsfrënn

Leider musse mir matdeelen dass Liesung vum Claudine Muno déi eis sollt muer den Owend aus hirem neie Buch virliesen, annuléiert gouf.
Mir bieden ëm äert Verständnis.
De Comité

23/02/2024

Hallo Geschichtsfrënn

Liesung vum Claudine Muno

De 14 Mäerz um 19h30 hei bei eis an der Uecht, liest Claudine Muno eis aus hirem neie Buch "Roff"!
Eng fiktiv Geschicht awer mat historesche Fakten, wou fir eemol Péiteng net esou gudd ewech kënnt!
Claudine Muno hat virun 20 Joer schon de Servais Präis fir hiert Buch "Frigo"kritt, an lescht Joer kruet Sie de Letzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur !
Dofir loost Iech dat net entgoen, a reservéiert är Platzen op [email protected]
Den Entrée ass fräi!
Mir frëeen eis op e flotten Owend.

Geschichtsfrënn aus der Gemeng Péiteng

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Lamadelaine ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


Lamadelaine
L-4873

Heures d'ouverture

15:00 - 18:00