19/03/2026
De Pop Up Bistro K.zwee huet haut den Owend seng Dieren opgemaach 🍻 Donneschdes, Freides a Sonndes ass op, direkt nieft der Leidelenger Kierch, kommt bis laanscht! E grousse Merci un de Ralph Pletsch fir dës Initiativ ergraff ze hunn a vill Erfolleg gewënscht!
09/02/2026
Um Quiz vun der Leidelenger Musek 🤓
18/10/2025
Eng wichteg Etapp fir eis Gemeng!
Gëschter hu mir zesumme mat de Ministere Claude Meisch an Léon Gloden d’Faarwekëscht II an den neie Schoulhaff offiziell ageweit – eng modern, nohalteg a funktionell Schoul- a Maison-Relais-Struktur am Häerz vu Leideleng.
De Wee bis heihinner war laang a net ëmmer einfach, mee d’Resultat kann sech gesinn loossen.
E grousse Merci un all déi, déi iwwer d’Joren um Projet geschafft hunn – vun de Planer iwwer d’Gemengentechniker bis bei d’Enseignanten an Educateuren. Dir hutt dozou bäigedroen, datt eise Kanner elo esou eng flott Schoul zur Verfügung steet. 💛🎒
Fotoen: (c) WW+ & Gemeng Leideleng
10/05/2025
De Lët’z Rides zu Leideleng um Europadag war mat wäit iwwer 300 Young- an Oldtimeren e vollen Erfolleg. E grousse Merci un Old Rides fir d’Organisatioun an de Gemengeservicer fir d’Ënnerstëtzung. Mir freeën eis schonn op d’nächst Joer!
02/02/2025
Dës Woch hu mir den Avant-Projet sommaire vum neie Leidelenger Duerfkär der Ëffentlechkeet virgestallt, deen zu engem Shared Space ëmgebaut wäert ginn. Eng Apdikt e Supermarché, e Centre médical, e Restaurant a reamenagéiert Duerfplaze solle fir méi Liewen am Leidelenger Duerfkär suergen. Et freet eis, dass d'Leidelenger Biergerinnen a Bierger de Projet positiv opgeholl hunn, d'Kriticken an Ureegungen wäerte mir mat afléisse loossen. 2026 soll et lass goen, stay tuned!
(c) STDM, Ernst + Partner a Gemeng Leideleng
15/11/2024
E puer Hecke gesat um Dag vum Bam 🌳🌱
23/06/2024
Leideleng stoung haut am Zeeche vun den Old- a Youngtimers mam mëttlerweilen traditionnellen Lët’z Rides-Treff 🚗 Merci dem Old Rides fir d’Organisatioun an dem Club des Jeunes an dem Jugendhaus déi gutt gehollef hunn!
09/06/2024
🇱🇺 Eng gelongen Nuit du sport gëschter Owend zu Leideleng mat bal 300 Leit! Merci alleguerten de Veräiner an dem Gemengepersonal, déi eng Hand mat ugepak hunn!
🇫🇷 Une nuit du sport réussie hier soir à Leudelange avec presque 300 visiteurs! Un grand Merci à tous les clubs et le personnel communal pour l’organisation!
30/03/2024
Dës Woch huet d’Gemeng Leideleng als eng vun den 13 éischte Gemengen de Pakt vum Zesummeliewen mam Familljeminister Max Hahn ënnerschriwwen. Dëse Pakt gëtt eis nei Outilen an och finanziell Moyenne fir d’Zesummeliewen zu Leideleng weider ze verbesseren 💪🇱🇺🇫🇷🇩🇪🇬🇧🇧🇪🇵🇹🇳🇪🇺🇦
28/01/2024
E gutt besichtene Leidelenger Wanterlaf mat ëm déi 700 Participanten 🏃🏽♀️🏃🏼 E grousse Merci un d’Sportskommissioun, den DT Leideleng an natierlech eist Gemengepersonal fir d’Organisatioun a mir hoffen dass et de Leeferinnen a Leefer gefall huet!