14/02/2026
🇱🇺 Op eiser Generalversammlung zu Hueschtert hu mir de Bilan vun 2025 gezunn an eise Memberen eis politesch Decisiounen am Gemengerot am Detail erkläert.
Zesummen hate mir e gudden Austausch zu aktuelle Problemer an der Gemeng (Benevolat, Problemer duerch Chantieren, dem Solfège- a Citybus, der Präiserhéijung bei der Offallentsuergung,… ) souwéi zukünftege Projeten (Infrastukturen a Masterplang Am Sand).
Mir hunn awer virun allem och iwwer wichteg politesche Froe wéi:
- Wisou hëllefe mir als finanzstaark Gemeng net méi aktiv bei der Léisung vum Logementsproblem? 🏘️
- Wisou hu mir als Gemeng nach keng Strategie fir de Besoine vun enger alterender Bevëlkerung (22% vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung wäerten 2040 viraussichtlech iwwer 65 Joer al sinn) an Zukunft kënne méi gerecht ze ginn? ⚖️
Des Weideren hu mir eis iwwert dem Claire Delcourt säi Besuch gefreet. D’Bezierkspresidentin an Deputéiert huet mat eis iwwert déi aktuell Debaten a Problemer an der Nationalpolitik diskutéiert souwéi parteiintern Neiegkeete mat eis gedeelt.
Du hues Loscht matzeschaffen oder matzediskutéieren? Mell dech bei eis! Mir géingen eis freeën. 🤝
🇬🇧 At our general meeting in Hostert, we reviewed the year 2025 and explained the political decisions we took in the municipal council in detail to our members. �We also discussed about current issues in the municipality (volunteering, issues brought on by road construction, the Solfège and Citybus, the price increase for waste disposal, etc.) as well as future projects (infrastructure and the Am Sand master plan).
But above all, we also discussed important political questions such as:
- Why are we, a financially robust municipality, not assuming a greater level of responsibility in addressing the housing crisis?🏘️
- Given that 22% of Luxembourg's population is predicted to be over 65 by 2040, why do we as a municipality still lack a plan to adapt to the needs of an aging population and guarantee more equitable services going forward? ⚖️
Furthermore, we were pleased by Claire Delcourt's visit. In addition to sharing party-internal news with us, the district president and MP spoke with us about the current national political debates and issues.
Fancy working or discussing with us? Get in touch! We would be pleased. 🤝
29/09/2025
E Freide war den éichte Gemengerot no der Summerpaus 🗳️ Des weidere goufen déi nei Infrastrukture vum Tennis um Sennengerbierg ageweit 🎾
D’Margaretha Inghelram-Maeyens, de Georges Paquet an de Marc Weirig vertrieden d‘Nidderaanwener LSAP ab elo an eisem Gemengerot.
Replay vum Gemengerot ⏯️
https://www.youtube.com/live/LeA4_vxbj20?si=ZB4U_1WPnZiqRbdr
26/08/2025
🇱🇺 Muer ass d’ Aweiung vum eichten 3D-Drock-Haus ("Tiny-House”).🏠
Zesumme mat der DP Nidderaanwen hu mir dem Schäfferot matgedeelt dass mir net un der Aweiung vun dësem Projet deelhuelen. Mir ënnerstëtzen alternativ Wunnformen, bedaueren awer déi konkret Ëmsetzung vun dësem Projet.
An dem Kontext stelle mir konkret Fuerderunge fir änlech Projeten an Zukunft am Intrêt vun der Allgemengheet matstëmmen ze kënnen.
🇬🇧Tomorrow is the inauguration of the 3D-printed house ("Tiny House"). 🏠
Together with the DP Nidderaanwen, we informed the College of Aldermen that we will not participate in the inauguration of this project. We support alternative housing forms, but we regret how this project was implemented.
In this context, we are calling for more transparency (regarding the price offers & selected sub-contractors) as well as socially fair & non-discriminatory criteria for potential tenants.
27/06/2025
🇱🇺 De Jean Schiltz, aktuelle Gemengeconseiller zu Nidderaanwen, huet aus perséinleche Grënn decidéiert op den 30. Juni 2025 vu sengem Mandat zeréckzetrieden.
De Marc Weirig (31), aktuelle Sektiounssekretär, réckelt doduerch fir d’LSAP an den Nidderaanwener Gemengerot no.
Weider Informatiounen fannt dir hei:
https://lsap.lu/post_sektioun/marc-weirig-iwwerhellt-fir-jean-schiltz/
🇬🇧 Jean Schiltz, municipal councilor in Niederanven, has decided to step down from his mandate on June 30, 2025, for personal reasons.
“I am grateful for the trust that citizens have placed in me over the past 37 years. My thanks also go to my local party section, my fellow party members, and everyone I’ve had the pleasure of working with constructively over the years.”
Marc Weirig (31), the current section secretary, will succeed him on the Niederanven municipal council for the LSAP.
30/03/2025
🇱🇺 Dësen Freiden war zu Hueschtert d’Generalversammlung vun eiser Sektioun.
Hei hu mir de Bilan iwwert déi vergaangen 12 Méint gezunn. Mir hunn eis och iwwert d’Presenz vun eiser Parteipresidentin, dem Francine Closener gefreet. Zesummen hu mir iwwert déi aktuell politësch Tendenzen & Défien op nationalem, awer virun allem och op lokalem Plang an eiser Gemeng diskutéiert. No der AG war eis Sektioun zesummen op den After-work vun den Iernster Stoussnéckelen.
🇬🇧 This Friday, we held the annual meeting of our local section in Hostert, where we reviewed the past 12 months. We were also very pleased that Francine Closener, the president of our party, came to visit us. We discussed the current political trends and challenges in our commune, as well as in national politics. After the meeting, we attended the afterwork event of the Iernster Stoussnéckelen.
07/01/2025
Wiessel am Nidderaanwener Gemengerot.
🇱🇺 Nodeems de Régis Moes op den 1. Januar 2025 no 13 Joer aus berufflëche Grënn aus dem Gemengerot demissionéiert huet, gouf de Georges Paquet Haut als neie Gemengeconseiller vereedegt. Mir soen dem Régis villmols Merci fir säin engagéierten & éierlechen Asaz fir eis Gemeng, a wënschen dem Georges Bonne Chance a vill Freed als neie Conseiller.
🇩🇪 Nach 13 Jahren hat Régis Moes seinen Rücktritt als Gemeinderat zum 1. Januar 2025 angekündigt. Georges Paquet wurde Heute als neues Gemeinderatsmitglied ernannt. Danke Régis! Dein ehrliches & engagiertes Engagement war und bleibt eine Bereicherung für unsere Gemeinde. Wir wünschen Georges viel Erfolg bei der Ausübung seines neuen Mandats im Gemeinderat.
🇫🇷 Après 13 ans, Régis Moes a annoncé sa démission du conseil communal pour le 1er janvier 2025. Georges Paquet a été nommé aujourd'hui comme nouveau membre du conseil communal. Merci Régis ! Ton engagement sincère & dévoué a été un enrichissement pour notre commune. Nous souhaitons à Georges beaucoup de succès dans l'exercice de son nouveau mandat au sein du conseil communal.
🇬🇧 After 13 years of service, Régis Moes has announced his resignation as a municipal councillor as of January 1, 2025. Georges Paquet was appointed as a new municipal councillor today. Thank you Régis! Your honest & dedicated commitment has been an asset to our municipality. We wish Georges every success in his new role on the municipal council.
28/06/2024
Am Gemengerot vum 28. Juni huet d'LSAP an DP-Oppositioun gemeinsam zwou Motioune präsentéiert:
- Déi éischt fir een Urbanisteconcours ze lancéiere, fir d'Entwécklung vum Site "Am Sand" déi nächst Joerzéngten ze plangen, virun allem fir d'Fluxe vum Fouss-, Vëlos- an Autosverkéier besser ze stéieren an ze iwwerleeë wéi eng Funktiounen um Site gebraucht ginn, a bis dohinner, mat Ausnam vun der Extensioun vun de Schoulinfrastrukturen déi mir dringend brauchen, keng weider Bauprojeten um Site Am Sand virunzedreiwen. Ier mir do viruschaffen, sollt een sech mol kloer si wat do gebraucht gëtt!
- Eng Motioun betreffend engem Projet vun engem eenzelnen Tiny House am Bëton 3D-Drock an der Rëtsch, op enger Plaz déi et nëmmen erlaabt ee laange schmuele Schloff ze bauen ouni Liewensqualitéit. Déi ausgewielten Technik stellt och haut nach vill Froen. Fir eis handelt et sech hei em een deiere Gadget, dee kee Problem léisst a vill Froen opwerft. An dëst an enger Zäit wou de Schäfferot eis ëmmer erëm erkläert dass d'Gemeng an Zukunft manner Sue wäert hunn. Dëse Projet ass fir eis also definitiv keng Prioritéit.
Béid Motiounen si leider mat de Stëmme vun der Majoritéit verworf ginn.
04/05/2024
Haut war eis Papekipp erem ennerwee fir d'Europawalen!