22/03/2026
🚨 Diesel iwwer 2 Euro – Wien profitéiert wierklech? 🚨
Haut ass en historeschen Dag, awer kee fir ze feieren. Fir d’éischt Kéier huet den Diesel d’Grenz vun 2,00 €/l iwwerschratt. Bannent nëmmen engem Joer ass de Präis ëm 57 Cent pro Liter geklommen (+40%!).
Während Dir beim Tanken de Portemonnaie eidel gemaach kritt, reiwen d'Ueleggesellschaften an de Staat sech d'Hänn. Wousst Dir, datt de Staat dëst Joer ronn 123 Milliounen Euro méi u Steieren anhëlt wéi d'lescht Joer?. Nëmmen e klengen Deel dovun kënnt duerch d'CO2-Steier. De Rescht? Dat ass eng "heemlech" Erhéijung duerch d'TVA. Wat de Präis méi klëmmt, wat de Staat méi vum Bierger profitéiert – ouni datt doriwwer am Parlament gestëmmt gouf.
Ass et fair, datt de Staat an d’Uelegmultien sech un der Kris beräichert, während d'Leit net méi wëssen, wéi se d'Enn vum Mount packen?
💬 Wat mengt Dir? Soll de Staat d'TVA op Sprit temporär erofsetzen fir d'Bierger ze entlaaschten? Oder solle mer e Präisdeckel aféieren? Schreift et an d'Kommentaren! 👇
30/10/2025
D’Caisse Nationale de Santé (CNS) steet virun enger seriöser finanzieller Erausfuerderung.
A menger parlamentarescher Fro hunn ech d’Regierung gefrot, wéi si gedenkt, dësen Defizit ze stabiliséieren, d’Qualitéit vun de Gesondheetsleeschtungen ze erhalen a laangfristeg Nohaltegkeet ze garantéieren. 🤔
📅 Den 13. Oktober krut ech eng Äntwert, awer an där gouf gréisstendeels op de Communiqué vun der Quadripartite verwisen. Wat feelt: eng kloer politesch Positioun. D’Leit hunn e Recht ze wëssen:
➡️ Kënnt eng Erhéijung vun de Bäiträg?
➡️ Sinn nei Finanzéierungsmodeller geplangt?
➡️ Wéi eng strukturell Reformen am Gesondheetssecteur ginn ugestrieft?
Et ass Zäit fir Transparenz an Entscheedungen, net fir Verweis op Aarbechtsgruppen. ☝🏻
De genauen Detail fannt dir hei: https://buff.ly/qtH5VCc
05/09/2025
D’Verhandlungen am Kader vum Sozialdialog si gescheitert. D’Positioune vun de Sozialpartner an de Parteie louchë wäit auserneen: d’Patronat wollt keng nei Belaaschtungen, d’Gewerkschafte ware géint méi laang Aarbechtszäiten, an och an der Majoritéit gouf et Differenzen. Trotzdeem huet d’Regierung Drock gemaach, fir séier e Resultat ze presentéieren… ouni Konsens.
An elo? Méi laang schaffen a méi héich Cotisatiounen, an de System klappt trotzdeem 2048 zesummen. Dëst ass fir eis keng Léisung! Eng Reform ouni Tripartite-Accord ass en Affront géint de Sozialdialog!
Zousätzlech kann et net sinn, dass bei esou engem wichtegen Thema einfach alles op d’Walen oder op 2030 verréckelt gëtt. Dat ass kee laangfristegt Denken a kenger politescher Decisioun wierdeg.
D’Piraten hunn ëmmer gesot: esou geet et net! Mir brauchen e faire Modell, dee jiddereen an d’Verantwortung hëlt. Wichteg: mat eis ass kee gezwongen ëmmer méi ze bezuelen. Dofir proposéiere mir eng Roboter- & KI-Steier, fir datt och d’Produktivitéitsgewënn aus der Digitaliséierung an Automatisatioun an de Pensiounsfong fléissen. Nëmmen esou kënne mir en nohaltege Sozialstaat garantéieren, deen net nëmme vu mënschlecher Aarbecht ofhänkt.