01/07/2022
Eis Finanzplaz beschäftegt méi wéi 50.000 Leit mat ganz diverse Profiller. Entdeckt se op www.eisfinanzplaz.lu
Eisfinanzplaz soll jiddereen iwwert déi Lëtzebuerger Finanzplaz informéieren. Wat sinn hir Beruffer a
01/07/2022
Eis Finanzplaz beschäftegt méi wéi 50.000 Leit mat ganz diverse Profiller. Entdeckt se op www.eisfinanzplaz.lu
24/06/2022
Seid 1995 setzt sech d'Association luxembourgeoise d'assurance et de réassurance op nationalem an internationalem Niveau fir den Assurance Secteur an. Si identifizéiert, iwwerwaacht an analyséiert fir déi Branche relevant Froen a Bezuch op eng Rei vun Themen.
21/06/2022
Kennt Dir dëst Gebai? Déi Firma ass eng vun den gréissten multinationale Service-Reseauen vu Finanzprofessionellen weltwäit. Si bidden haaptsächlech Berodung an Audit-Servicer un. An desem Beräich beschäftegen si méi wéi 1700 Leit, déi multipel Finanzfirmaen am Grand-Duché dobäi ënnerstëtzen déi richteg Opportunitéiten z'ergräifen an gläichzäiteg Risikoen ze bewäerten an ze geréieren.
17/06/2022
De Gesamtmontant vun den gelabelten Obligatiounen op der Luxembourg Green Exchange beleeft sech op 727 Billiounen Euro. Di 1.376 Obligatiounen setzen sech aus gréngen, nohaltegen a sozialen Fongen, awer och aus aneren Fongen déi der Nohaltegkeet nostinn zesummen. All dëst Obligatiounen droen zu der Finanzéierung vun enger méi nohalteger Zukunft bei.
14/06/2022
Hir Aufgab ass et dem Bankesecteur eng Stëmm ze ginn an am Numm vun hire Memberen eng nohalteg Entwécklung vun engem reguléierte, innovative an responsabelen Bankeservice ze promouvéieren. D'Association des Banques et Banquiers Luxembourg suivéiert d'Developpementer vu wichtegen Themen weltwäit, déi fir den Bankesecteur vun Bedeitung sinn a schafft mat hiren Memberen fir gemeinsam Positiounen festzeleeën, déi di beschten Auswierkungen fir d'Branche kéinte hunn.
09/06/2022
D'Luxembourg's Private Equity and Venture Capital Association (LPEA) representéiert, ënnerstëtzt a protegéiert d'Interêten vun der Lëtzebuerger Branche vum Private Equity an dem Venture Capital. Si bitt eng dynamesch an interaktiv Plattform un, déi Investisseuren an Beroder hëlleft sech an déi neisten Trends erëmzefannen an dréit dozou bei, dësen wichtegen Finanzsecteur zu Lëtzebuerg weiderzebréngen.
07/06/2022
Et handelt sech em eng Gesamtzuel vun nohalteg-gebonnen Obligatiounen, déi op LGX gelëscht gi. An nëmmen 2 Joer ass d'Unzuel vu nohalteg-gebonnen Obligatiounen exponentiell gewuess, mat engem Wuesstem vu net manner wéi 941% am Laf vum Joer 2021. Dës Produiten ënnerscheeden sech vun den traditionellen ESG-Obligatiounen doduerch, daat se net ee bestëmmten Produit oder eng Initiativ finanzéieren, mee enger Firma dobäi hëllefen hir Transitioun zu Nohaltegkeet ze maachen.
27/05/2022
D'Commission de Surveillance du Secteur Financier ass eng ëffentlech Institutioun, déi Professioneller a Produiten vun eiser Finanzplaz iwwerwaacht. Si ass fir d'Surveillance vu verschiddene Firmaen zoustänneg an assuréiert d'Sécherheet an d'Soliditéit vum lëtzebuergeschen Finanzsecteur. D'CSSF vertrëtt Lëtzebuerg och am Beräich vun der europäescher an internationaler Opsicht.
24/05/2022
De Lëtzebuerger Tresor Public huet eng Obligatioun am Wäert vun 2,5 Mrd. EUR erausginn, fir d'Liquiditéit z'erhéischen. D'Levée vu Fongen op de Kapitalmäert dréit dozou bei, de Lëtzebuerger Pandemie-Rettungspak ze finanzéieren, d'Energiekris ze bekämpfen an d'Liquiditéit vu staatlechen Subventiounen, Steierguttschrëften a Garantien vu Prêten ze erhéischen. Di Staatsobligatioun ass an zwou Tranchen opgedeelt a gëtt op der Lëtzebuerger Bourse kotéiert. Si huet eng Echeance vun 7 bzw. 20 Joer.
20/05/2022
D'Gläichberechtegkeet vun de Geschlechter an d'Stäerkung vun den Fraerechter sinn e wichtegen Bestanddeel vun den UN-Zieler fir nohalteg Entwécklung. Dofir muss een net nëmmen d'Verständnis fir d'Erausfuerderungen hunn, mee och eng adaptéiert Finanzéierung. An dësem Zesummenhang huet d'Lëtzebuerger Bourse mat den UN-Fraen een Accord ënnerschriwwen fir hir Collaboratioun ze stäerken an d'Gender-Finanzéierung ze fërderen.
18/05/2022
Den Kierchbierg ass een vun den 24 Quartieren vun der Haaptstad. Et ass och d'Hertz vun der eiser Finanzplaz. Vu Banken iwwer Asset Manageren, Assureuren bis hin zu Service Prestatairen, gi vum Kierchbierger Plateau aus di meescht lëtzebuergesch, europäesch an international Clienten zerwéiert.
13/05/2022
Eis Finanzplaz mécht en Drëttel vum PIB vum Land aus a 40 Prozent vun de Recettë vum Staat. Et ass definitiv ee wichtegen Deel vun der wirtschaftlecher Wirbelsail vum Land. Am Finanzberäich zu Lëtzebuerg, also dem Secteur vun de Banken, de Fongen, den Assurancen an der Fintech schaffe knapp 52.000 Leit.