CSV Betzder

CSV Betzder

Partager

Dës ass d'Facebook Säit vun der CSV-Sektioun Betzder.

Photos from CSV Betzder's post 21/03/2026

COURAGÉIERT. RESPONSABEL. FIR LËTZEBUERG. 🇱🇺
Ënnert deem Motto stoung haut de Nationalkongress an der Däichhal zu Ettelbréck un deem mir als CSV Betzder gutt vertrueden waren.
Mir gratuléieren eisem Parteipresident sou wéi allen aneren Parteivertrieder déi all mat enger héijer Majoritéit gewielt goufen ✋.

Photos from CSV Betzder's post 13/03/2026

E Mëttwoch den Owend hate mer eis Generalversammlung zu Betzder an der aler Schéier.

Nieft dem Tätegkeets- an Keesebericht souwéi der Aktualitéit aus der Gemeng hu mer och eis langjäreg Member geéiert 🏆.

Eisen Inneminister Léon Gloden sou wéi eise Bezierkspresident an Deputéierte Ricardo Marques eis mat hire Rieden inspiréiert.

E grousse Merci 💐 och un eis Sekretärin, déi an de leschte Joeren eng super Aarbecht gemeet huet an eis all mat Rod an Dod zur Säit gestan huet.

Photos from CSV Betzder's post 26/02/2026

Mir freeën eis de Bezierkskongress Osten hei zu Rued-Sir am Syrkus hu kënnen ze begréissen 🤝. Ee flotten Owend, deen nieft der Wal vum Bezierkscomité Osten, vu richtungsweisenden an inspiréierende Riede geprägt war.

Gären felicitéiere 💐 mir dem Ricardo Marques dee mat 98% als Bezierkspresident Osten a senger Funktioun bestätegt gouf. An dësem neien a breet opgestallte Bezierkscomité ass d'Sektioun Betzder weiderhin mat 3 Member vertrueden.

Photos from CSV Betzder's post 31/01/2026

Merci fir deen flotten an inspiréierenden Owend um Neijoerschdagspatt 🥂 vun der CSV Osten.

Photos from CSV Betzder's post 08/01/2026

🥂CSV Neijoerschpatt 2026 hei zu Rued. Op vill nei Erausfuederungen an en erfollegräicht Joer.👍

25/12/2025

D‘CSV Betzder wënscht Iech an Äre Léifsten schéi Feierdeeg 🎄an alles Guddes fir 2026 ✨.

07/10/2025

Komm mat op e flotten Tour iwwert den Widdebierg!

🗓️ wéini? Samsdes 25.10.2025

📍 wou? 9:45 Auer beim Centre Culturel Menster

🍲 ab 11:30 hausgemaachten Gulasch oder Kürbiszopp.

Jiddereen ass wëllkomm.

Mellt Iech bis den 20.10. um 621 261 338 oder op [email protected] un.

Mir freeën eis op Iech.

28/09/2025

CSV Betzder on Tour 🚲 op der Quetschkiermes 2025

Photos from CSV Betzder's post 26/08/2025

CSV Betzder on Tour bei eisem Buergermeeschter Marc Ries am Fouer Kessel. Top Service 🙌🥂

12/03/2025

D’CSV Betzder um Bezierkskongress Osten zu Fluessweiler gëschter den Owend.
Mir felicitéieren dem neigewielten Bezierkspresident Ricardo Marques a wënschen him vill Erfolleg an eng glécklech Hand.🤝

Photos from CSV's post 11/01/2025
10/01/2025

Neijoerschdagspatt 2025 vun der CSV hei zu Rued am Syrkus 🥂

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg