CSV Zentrum

CSV Zentrum

Partager

Léif Matbierger aus dem Bezierk Zentrum,

Herzlech wëllkomm op der offizieller Facebooksäit vun der CSV-Zentrum.

Léif Matbierger aus dem Bezierk Zentrum,

Mir freeën eis, dat Dir de Wee op déi offiziell Facebooksäit vun der CSV-Zentrum fonnt hutt! Mir wëlle Iech iwwer dat informéieren, wat an onserem Bezierk, an deene verschiddenen Sektiounen geschitt.

Är Equipe vun der CSV-Zentrum

18/05/2026
Photos from CSV Zentrum's post 17/05/2026

Leschte Weekend ware mir bei de Frënn vun der CSV Stroossen & CSV Bartreng op hirem traditionellen Europafest.🇪🇺 A bei der CSV Walfer op hirem Lëtz‘Pétanque.🥂

05/04/2026

🐰🐰

15/03/2026

Bezierkskongress 2026

17/08/2024

Déi traureg Nouvelle vum Max sengem Doud huet eis alleguer déif beréiert.

De Max war een engagéierte Politiker, Buergermeeschter an Deputéierten deem et ëmmer em d’Saach goung an deen ëmmer do war fir jiddereen. Hien huet sech mat vollem Asaz fir seng Sujet’en, de Bezierk Osten an d’Partei agesat.

Mir drécke senger Famill, senger Fra a sengen zwee Jongen eist déift Bäileed aus.

Max, mir wäerten dech a gudder Erënnerung behalen an eist Bescht gi fir däin Engagement weider ze droen.

Mat groussem Bedaueren hu mir all d’Nouvelle vum Doud vum Max Hengel kritt, dee säi Liewe ganz an den Déngscht vu senge Matmënschen an eisem Land gestallt huet.

Mat him verléiert d’Land en engagéierten a kompetente Politiker mat engem groussen Häerz.

Eis Gedanke sinn an dëser schwéierer Zäit bei senger Famill, senger Fra a sengen zwee Jongen. Mir drécken hinnen eis opriichtegt Bäileed aus.

Als Politiker huet säin Asaz der Schoul-, Sport- a Gesondheetspolitik gegollt. Hie war e Familljemënsch a mam Osten déif verbonnen. Hien huet als Buergermeeschter vun der Gemeen Wormer, Deputéierten, Vize-Präsident vun der CSV Fraktioun a Präsident vum Bezierk Osten ëmmer den enke Kontakt zu de Mënsche gesicht a gepfleegt.

Max, däin Asaz, deng Liewensfreed an däi Courage bleiwen onvergiess. Mir wäerten dech vermëssen.

09/03/2024

Mir gratuléieren eisem President fir seng Wal zum Bezierkspresident mat 97,6 % vun de Stëmmen haut zu Hesper 👏🏻

04/03/2024

Haut den Owend op der Assemblée Générale ass eng nei Exekutiv an ee neie Comité vun der CSJ Zentrum gewielt ginn.

De Bob MORBACH, an den Arnaud GEORGES sinn zum President respektiv Sekretär gewielt ginn. Mir wëllen op dëser Platz eisem laangjärege President Kim FELTEN ee grousse Merci ausdrécke fir säi grousst an onermiddlecht Engagement an de leschte Joër.

Mir wënschen dem neie Comité eng glécklech Hand fir déi nächst Joren.

Photos from CSV Zentrum's post 07/10/2023

Haut de Mueren um Broschtkriibslaaf zu Hesper am Park. Super Initiative 🙏🍀

05/10/2023

Lëscht 4 , fir de Wiessel ! 💯

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg