Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises

Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises

Partager

Le syndicat a pour objet la promotion, la sauvegarde et la défense des intérêts généraux et communs des villes et communes luxembourgeoises.

03/06/2026

Neuf avis à l’ordre du jour de la réunion du comité du SYVICOL du 18 mai 2026

Lors de sa réunion du 18 mai 2026, le comité du SYVICOL a adopté pas moins de 9 avis sur des projets de loi ou de règlement grand-ducal, qui ont porté sur des sujets aussi divers que les structures d’éducation et d’accueil, les médias, l’environnement, la qualité de l’air et de transition énergétique. Il a en outre donné son feu-vert à un projet de réforme de la législation sur les syndicats de communes pour donner une base légale aux fonctions dirigeantes de ces entités.

➡ La communication intégrale sous ce lien : https://www.syvicol.lu/fr/actualites/ficheactualites/2026-06-03/neuf-avis-a-lordre-du-jour-de-la-reunion-du-comite-du-syvicol-du-18-mai-2026

Photos from Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises's post 26/05/2026

Cérémonie de signature du « Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen » par Dippach et remise officielle du « Biergerguide »

Le 18 mai 2026 s’est tenue la cérémonie de signature du « Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen » (pacte communal du vivre-ensemble interculturel) entre la commune de Dippach et le ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, Max Hahn, en présence du président du SYVICOL, Emile Eicher.

Plus d'informations sous ce lien : https://www.syvicol.lu/fr/actualites/ficheactualites/2026-05-26/ceremonie-de-signature-du-gemengepakt-vum-interkulturellen-zesummeliewen-par-dippach-et-remise-officielle-du-biergerguide

Photos : © Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil

Photos from Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises's post 22/05/2026

D’Kultur, de Statut vum SYVICOL an d'Formatioun fir d’Gemengepolitiker : d’Theme vum President Emile Eicher um Buergermeeschterdag

Zu Munneref am Casino 2000 huet en Donneschden, den 21. Mee 2026 den traditionelle Buergermeeschterdag stattfonnt, deen dëst Joer ënnert dem Motto „Meng Gemeng. Meng Kultur“ stoung. Dobäi huet den Emile Eicher ënnerstrach, datt d’Gemengen ee wichtegen Acteur am Beräich Kultur sinn an huet a senger Ried och d’Formation continue fir d’Gemengepolitiker, déi de SYVICOL zënter 2025 ubitt, an de Mëttelpunkt geréckelt.

De ganzen Artikel fann Dir hei : https://www.syvicol.lu/fr/actualites/ficheactualites/2026-05-22/dkultur-de-statut-vum-syvicol-an-dformatioun-fir-dgemengepolitiker-dtheme-vum-president-emile-eicher-um-buergermeeschterdag

Photos from Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises's post 21/05/2026

Zu Munneref am Casino 2000 huet haut den traditionelle Buergermeeschterdag stattfonnt, deen dëst Joer ënnert dem Motto „Meng Gemeng. Meng Kultur“ stoung an ëmmer méi zu deem Rendezvous schlechthi vum Gemengesecteur gëtt. Dobäi huet den Emile Eicher ënnerstrach, datt d’Gemengen ee wichtegen Acteur am Beräich Kultur sinn, dee vill Facetten huet. Desweiteren ass de President kuerz op d’Aarbecht vum SYVICOL agaangen, deen d’lescht Joer net manner wéi 60 Avisen zu Gesetz- a Reglementsprojeten ofginn huet.
Den Emile Eicher ass a sengen Ausféierungen och op de Volet Formatioun continue agaangen, déi de SYVICOL zënter 2025 ubitt. D’Equipe vum SYVICOL war och mat engem Informatiounsstand present fir den Acteuren aus dem Gemengesecteur d’Formatioun continue méi no ze bréngen.

Photos from Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises's post 16/05/2026

Eng Delegatioun vu chineesesche Gemengepolitiker op Visitt zu Lëtzebuerg

Vum 9. bis den 11. Mee 2026 ware Vertrieder aus 6 chineesesche Stied, ugefouert vun der « Association du peuple chinois pour l’amitié avec les pays étrangers » (APCAE), op Invitatioun vum SYVICOL op Visitt zu Lëtzebuerg. D’lescht Joer am Abrëll war eng Delegatioun vum SYVICOL zesumme mat 3 Buergermeeschteren a China invitéiert gewiescht.

De ganzen Artikel fann Dir hei : https://www.syvicol.lu/fr/actualites/ficheactualites/2026-05-16/eng-delegatioun-vu-chineesesche-gemengepolitiker-op-visitt-zu-letzebuerg

© SYVICOL/Laurent Blum an Caroline Martin

Photos from Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises's post 11/05/2026

Flotten Ofschloss haut den Owend a Präsenz vum chineeseschen Ambassadeur Hua Ning an der Escher Uelzechtstrooss op Hausnummer 90, wou d'Exposition Haut-fourneau C, déi 1997 vu Belval a China transferéiert ginn ass. An dat nodeem eng Delegatioun vu Lokalpolitiker aus 6 chineesesche Stied a Vertrieder vun der Association du peuple chinois pour l’amitié avec les pays étrangers (APCAE) op Invitatioun vum SYVICOL fir 3 Deeg hei am Land war. Um leschten Dag vun hirer Visitte gouf dunn e Memorandum of Understanding tëschent dem Gemengesyndikat Pro-Sud an dem Agora Group sàrl engersäits an der Milliounestad Zhenghzou anerersäits ënnerschriwwen.



Fotoen: ©️SYVICOL

Photos from Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises's post 11/05/2026

Flotten Ofschloss haut den Owend a Präsenz vum chineeseschen Ambassadeur Hua Ning an der Escher Uelzechtstrooss op Hausnummer 90 wou d'Exposition Haut-fourneau C, déi 1997 vu Belval a China transferéiert ginn ass. An dat nodeem eng Delegatioun vu Lokalpolitiker aus 6 chineesesche Stied a Vertrieder vun der Association du peuple chinois pour l’amitié avec les pays étrangers (APCAE) op Invitatioun vum SYVICOL fir 3 Deeg hei am Land war. Um leschten Dag vun hirer Visitte gouf dunn e Memorandum of Understanding tëschent dem Gemengesyndikat Pro-Sud an dem Agora Group sàrl engersäits an der Milliounestad Zhenghzou anerersäits ënnerschriwwen.


Fotoen: ©️ SYVICOL

Chinese Embassy in Luxembourg

Photos from Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises's post 11/05/2026

Haut, op dem 11. Mee 2026, stoung fir déi chineesesch Delegatioun vu Lokalpolitiker aus 6 Stied a Vertrieder vun der Association du peuple chinois pour l’amitié avec les pays étrangers (APCAE), déi op Invitatioun vum SYVICOL fir 3 Deeg hei am Land war, um leschten Dag vun hirer Visitte d’Ënnerschreiwe vun engem Memorandum of Understanding um Belval um Programm.

Dobäi hunn sech de Gemengesyndikat Pro-Sud, vertrueden duerch de President an Escher Buergermeeschter Christian Weis, an d’Agora Group sàrl, vertrueden duerch de Vize-President vum Conseil de gérance Bruno Théret, an d'Directrice générale Yannick Quevedo, mat der chineesescher Milliounestad Zhenghzou, vertrueden duerch de Vize-Buergermeeschter Zhifeng Ma, dozou engagéiert, an Zukunft méi enk zesummenzeschaffen an sech e.a. am Beräich Klimawandel, energetesch Transitioun, Rekoversioun vun industrielle Frichen an zum Thema SmartCities auszetauschen.

No der Signature vum Accord huet eng Visitt um Site Belval stattfond, do wou joerzéngtelaang dausende Leit hiert deeglech Brout an der Stolindustrie verdéngt hunn an haut ee Wunn- a Kommerzquartier entstanen ass an Institutioune wéi d’Uni.lu hiert Doheem fonnt hunn. An deem Kontext hunn och de LIST an d'Luxinnovation, vertrueden duerch den Deputy-CEO Juergen Joossen an den CEO Mario Grotz de chineesesche Gäscht Abléck an hier Aarbecht ginn.

Zum Ofschloss ass et dunn op de Kierchbierg an d‘Chambre de Commerce gaange, wou ee Matchmaking-Event stattfonnt huet, un deem méi wéi 100 Entreprisen deelgeholl hunn, déi well um chineesesche Marché aktiv sinn oder do wëlle Fouss faasse.

No eppes méi wéi 50 Stonnen hunn déi 26 Gäscht aus China eist Land dunn no engem ofwiesslungsräichem Programm erëm verlooss.



©️SYVICOL/Laurent Blum

Chinese Embassy in Luxembourg

Photos from Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises's post 10/05/2026

Haut, um 10. Mee 2026, goung et fir déi chineesesch Delegatioun vu Lokalpolitiker aus 6 Stied a Vertrieder vun der Association du peuple chinois pour l’amitié avec les pays étrangers (APCAE), déi op Invitatioun vum SYVICOL fir 3 Deeg hei am Land ass, fir d’éischt op de Krautmaart. De Chamberpresident Claude Wiseler hat et sech dobäi net huele gelooss fir d’Gäscht aus China selwer duerch d'Raimlechkeete vun der wichtegster politescher Instanz an eisem Land zu féieren an dobäi och déi néideg Erklärungen ofzeginn.

Duerno goung et an d‘Stater Märei, wou ënner anerem een Echangë mam Schäfferot, ugefouert vum Maurice Bauer, 1. Schäffen, um Programm stoung. Nom offiziellen Deel mat der Signature vum gëllene Buch vun der Stad Lëtzebuerg a Riede vum Maurice Bauer, dem Mindao Yuan, dem Vize-President vun der APCAE, dem Emile Eicher, President vum SYVICOL, a vum chineeseschen Ambassadeur Ning Hua, stoung am fréien Nomëtten ee kuerze Rondgang duerch d’Stad um Programm.

Duerno goung et fir déi eng Hallschent vun der Delegatioun op Sandweiler fir eng Entrevue bei d’Cargolux, déi bekanntlech eng strategesch Partnerschaft mat der Henan Civil Aviation Development & Investment Co., Ltd (HNCA), enger vun der gréisste chineeschen Fluggesellschaften, huet. Déi aner Hallschent vun der Delegatioun krutt Abléck an de Centre National d'Incendie et de Secours (CNIS), den Headquarter vum CGDIS op der Cloche d‘Or.

Ofgeschloss gouf den 2. Dag mat engem Banquet un deem och den Inneminister Léon Gloden deelgeholl huet.



©️ SYVICOL/Laurent Blum

Chinese Embassy in Luxembourg

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


3, Rue Guido Oppenheim
Luxembourg
2263

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 12:00
13:00 - 17:00
Mardi 08:30 - 12:00
14:00 - 17:00
Mercredi 08:30 - 12:00
14:00 - 17:00
Jeudi 08:30 - 12:00
14:00 - 17:00
Vendredi 08:30 - 12:00
14:00 - 17:00