14/07/2025
déi Lénk trauert ëm de Pascal Alff. Merci Pascal, deng Stëmm bleift, mir vergiessen dech net!♥️
Den Norden net riets leie loossen!
14/07/2025
déi Lénk trauert ëm de Pascal Alff. Merci Pascal, deng Stëmm bleift, mir vergiessen dech net!♥️
11/01/2024
Léif Memberen a Sympathisant*innen aus dem Norden,
Mir invitéieren Iech all häerzlech zu eiser Generalversammlung den 24.1.2024. Op dëser beschwätze mir d’Zieler an d’Zukunft vun eiser Sektioun, a stëmmen eng lokal Koordinatioun. Eisen Deputéierten David Wagner aus dem Zentrum wäert des Versammlung begleeden.
Mir sinn och op der Sich no neie, motivéierte Leit, déi sech fir verschidde Posten opstellen oder eis mol kenneléiere wëllen. Mir freeën eis iwwer nei motivéiert Gesiichter. Komm laanscht, wanns de selwer interesséiert bass a so denge Kolleg*innen Bescheed, déi sech wëlle fir e solidareschen Norden engagéieren. Jiddereen ass häerzlech invitéiert sech aktiv bei déi Lénk Norden ze bedeelegen. E staarken Norden hänkt vu senge staarken a engagéierte Memberen of. Och no de Wale loosse mir den Norden net riets léien! A grad dofir ass dës Versammlung entscheedend fir d’Zukunft vun eiser Sektioun an engem wichtegen (Wal-)Joer. 🚩
07/10/2023
Mäi Numm ass Nico Schannel.
Ech wunnen zu Bettenduerf, si Rentner an hu 66 Joer. Ech si Papp vu 4 Kanner a Grousspapp vu 5 Enkelkanner.
Meng Interesse leien haaptsächlech am soziale Beräich! Virun allem bäi froe wéi: "Wéi kënne mir gutt a fair mat alle Bierger zesumme liewen, egal wat fir eng Nationalitéit?".
06/10/2023
Hallo, mäi Numm ass Ludivine, ech sin 40 Joër jonk, glécklech bestued, wunnen zu Hëpperdang (Gemeng Cliärref) mat menger wonnerléiwer Fra, a schaffen am Bënzelter Musée.
Zu mengen Hobbien ziëlen 3D Holzpuzzle bauen, liësen, gudd iëssen, a Sproochen léieren. Fir de Moment probéieren ech déi Sproochen déi ech geléiert hunn ze perfektionnéieren, an dann Finnësch rem vu vir ufänken.
Meng Fra an ech liëwen nom Motto, dass souwäit mir et kënnen, mir an den klengen Buttéker akaafen, an och probéieren souvill et geet lokal anzekaafen an z’iëssen. Mäin Défaut: Ech zéien mech virum Spadséieren goen, awer daat soll ech och nach probéieren unzepaaken.
05/10/2023
De Ben Kobs huet 25 Joer, ass vu Bungeref, an huet grad säi Master an de Neie Medien an Digitale Kulturen zu Amsterdam oofgeschloss. Als jonk Persoun ass et him wichteg souwuel un enger sozialer wi och enger ökologesch nohalteger Zukunft ze schaffen. Dat ass nëmme méiglech wann d’Problemer vu muer - sief et d’Klimakriis, d’Gestaltung vun eise Liewensräim, d’Zukunft vun Aarbescht a Logement - un de Wuerzele bekämpft ginn, an den Accés un Ressourcen gläichmässeg verdeelt ass.
Niewt sengem politeschen Engagement ass de Ben extrem kulturbegeeschtert. Vu Film a Musik, iwwer Konscht a Literatur verbrengt hee seng Zäit gäeren a kreative Welten. Awer och d’Natur läit him um Häerzen, mat der eng oder aanerer Wanderung ronderëmt de Stau.
04/10/2023
46 Joer, Lëtzebuerger, wunnen zu Nidderfeelen a stame vu Pärel. Gemengebeamte bei der Stad Lëtzebuerg säit 2004. Ech war Vizepresident vun der Gewerkschaft FNCTTFEL-Landesverband an och President vun hirem Sekter Ëffentlechen Déngscht. Ech war Personalvertrieder an der Beamten Delegatioun vun der Stad Lëtzebuerg an Member vun der commission centrale am Ministère de l’Interieur. 2013 war ech Kandidat fir d’Chamberwale fir déi Lénk am Zentrum.
03/10/2023
D’Esin Göksoy huet 30 Joer, wunnt zu Bettenduerf an ass Sozialwëssenschaftlerin. Hat huet een B.A. an der Soziologie/Philosophie an een M.A. an der Interkultureller Kommunikatioun. Zënter 2019 fuerscht hat fir säin Ph.D. zu den Theme Migratioun, Rassismus an sozial Ongläichheeten. Hat huet op den Universitéiten zu München an zu Graz als Dozentin geschafft sou wéi och Antirassismus-Traininge gehalen.
02/10/2023
Mäin Numm ass Opalia Gara, ech hunn 32 Joer a wunnen zu Feelen. Ech sinn an gepacst mat mengem Partner an ech hunn zwee Muppen. Ech sinn eng Sozialaarbechterin mee ech hunn och laang als Educatrice geschafft. Ech begleeden, ënnerstëtzen a versichen deene vulnerabele Leit an eiser Gesellschaft zanter 10 Joer ze hëllefen. Ech hunn och eng Passioun fir Muppen an hiert Verhalen.
01/10/2023
Ech si 46 Joer al, Lëtzebuergesch, Single a wunnen zu Warken. Ech si Gewerkschaftsberoder am Botzberäich, Member vum Comité d'égalité des femmes, Sekretär vun der Sektioun VSE. Meng Haaptengagementer sinn: Wuelbefanne vun alle Salariéen zu Lëtzebuerg, Gläichberechtegung fir Fraen, Ongerechtegkeet tëscht Aarm an Räich an Déiereschutz. Interessen: National an international Politik, Geschicht, Déieren.
01/10/2023
Pascal Alff, besser bekannt ënnert mengem Kënschtlernumm «De Pascal vu Wooltz» si säit bal 20 Joër musikalesch ënnerwee. Iwwert 500 Concerten hunn ech schonn um Bockel. Ech sinn och am Comité vum Syndicat d’Initative zu Wooltz. Ech setze mech och vill an, och am Ausland, fir d’Integratioun vun auslännesche Matbierger an d’Akzeptanz vun jidderengem an der Gesellschaft.
30/09/2023
Madeleine Mireille Abega Ngoton, 47, originaire de Hoscheid, est une aide-soignante qui travaille au CHNP d'Ettelbruck. Elle est mariée et mère de trois enfants. Inspirée par les difficultés de son travail, son objectif est d'améliorer les conditions de prise en charge des personnes âgées, en créant un réseau de soutien plus efficace pour les personnes dans le besoin. En outre, Mireille se consacre à la lutte contre la discrimination sous toutes ses formes et à la lutte contre l'exclusion liée au logement.