Schengener Piraten

Schengener Piraten

Partager

Hëllef fir Mënsch an Déier !

22/03/2026

🚨 Diesel iwwer 2 Euro – Wien profitéiert wierklech? 🚨

Haut ass en historeschen Dag, awer kee fir ze feieren. Fir d’éischt Kéier huet den Diesel d’Grenz vun 2,00 €/l iwwerschratt. Bannent nëmmen engem Joer ass de Präis ëm 57 Cent pro Liter geklommen (+40%!).

Während Dir beim Tanken de Portemonnaie eidel gemaach kritt, reiwen d'Ueleggesellschaften an de Staat sech d'Hänn. Wousst Dir, datt de Staat dëst Joer ronn 123 Milliounen Euro méi u Steieren anhëlt wéi d'lescht Joer?. Nëmmen e klengen Deel dovun kënnt duerch d'CO2-Steier. De Rescht? Dat ass eng "heemlech" Erhéijung duerch d'TVA. Wat de Präis méi klëmmt, wat de Staat méi vum Bierger profitéiert – ouni datt doriwwer am Parlament gestëmmt gouf.

Ass et fair, datt de Staat an d’Uelegmultien sech un der Kris beräichert, während d'Leit net méi wëssen, wéi se d'Enn vum Mount packen?

💬 Wat mengt Dir? Soll de Staat d'TVA op Sprit temporär erofsetzen fir d'Bierger ze entlaaschten? Oder solle mer e Präisdeckel aféieren? Schreift et an d'Kommentaren! 👇

19/03/2026
Photos from Marc Goergen - Député's post 19/11/2025
30/10/2025

D’Caisse Nationale de Santé (CNS) steet virun enger seriöser finanzieller Erausfuerderung.
A menger parlamentarescher Fro hunn ech d’Regierung gefrot, wéi si gedenkt, dësen Defizit ze stabiliséieren, d’Qualitéit vun de Gesondheetsleeschtungen ze erhalen a laangfristeg Nohaltegkeet ze garantéieren. 🤔

📅 Den 13. Oktober krut ech eng Äntwert, awer an där gouf gréisstendeels op de Communiqué vun der Quadripartite verwisen. Wat feelt: eng kloer politesch Positioun. D’Leit hunn e Recht ze wëssen:
➡️ Kënnt eng Erhéijung vun de Bäiträg?
➡️ Sinn nei Finanzéierungsmodeller geplangt?
➡️ Wéi eng strukturell Reformen am Gesondheetssecteur ginn ugestrieft?

Et ass Zäit fir Transparenz an Entscheedungen, net fir Verweis op Aarbechtsgruppen. ☝🏻

De genauen Detail fannt dir hei: https://buff.ly/qtH5VCc

29/10/2025
17/10/2025

https://www.facebook.com/share/p/1BDBLanax1/?mibextid=wwXIfr

🤯 Dat ass de Geck gemaach! D'Regierung huet eis Froen iwwer d’CNS-Kris mat engem LINK geäntwert! 😡

D'Finanzkris an eiser Krankenkeess (CNS) ass eng eescht Affär. Ech hunn am Numm vun Iech, de Bierger, véier kloer, kritesch Froen un d'Gesondheetsministesch gestallt.

❓Wéi héich ass den Defizit? Wat si konkret Moossnamen?
❌ D'Äntwert koum net.

D'Äntwert war e LINK op e Pressecommuniqué!

Dat ass keng Rechenschaft! Dat ass Veruechtung vum Parlament.

De Respekt fir d’Aarbecht vum Deputéierten ass de Respekt fir Iech, de Wieler! Mir hunn e Grond firwat mir eng parlamentaresch Enquête maachen.

E puer, wann och net all Äntwerte konmt een awer erausliesen:
🚨ALARM: CNS-Reserve fält 2027 ënner de gesetzleche Minimum.
💶 Defizit: 2025: €118.6 Milliounen.

D'Regierung däerf keng Pressespillerei mat eiser Gesondheet maachen! Ech hu scho géint d'Regierung gekämpft a gewonnen, fir d'Rechter vum Parlament ze stäerken. Ech wäert och dësen Echec an dëse Mangel u Respekt net duerchgoe loossen!

Wat mengt Dir? Ass dës Aart a Weis vum Ëmgang mat de Bierger hire Vertrieder akzeptabel? Loosst e Kommentar!

Hei iwwregens d’Äntwert: https://buff.ly/eFX1uIE

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Site Web

Adresse

Luxembourg