Jonk Demokraten

Jonk Demokraten

Partager

www.jonkdemokraten.lu [email protected] twitter.com/jonkdemokraten

15/05/2026

📚 Geschicht geet eis all un!

An enger ZĂ€it vun Desinformatioun a politesche Spannunge brauch eis Jugend mĂ©i wĂ©i jee e staarken, moderne Geschichtsunterrecht. “Mir setzen eis dofir an, datt SchĂŒler net nĂ«mme Fakten auswenneg lĂ©ieren, mee lĂ©ieren ze hannerfroen, ze verstoen an sech eng eegestĂ€nneg Meenung ze bilden”, sou den Tom Elsey.

👉 MĂ©i kritescht Denken
👉 MĂ©i Bezuch zur haiteger Welt
👉 MĂ©i Praxis duerch Visitten a Projeten

Fir eis ass kloer: Wien d’Vergaangenheet versteet, kann d’Zukunft besser gestalten.

03/05/2026

đŸ‡ȘđŸ‡ș Europa handlungsfĂ€eg maachen!

D’EestĂ«mmegkeetsreegel am EuropĂ€esche Rot blockĂ©iert zĂ«nter Jore wichteg Reformen. D’ZĂ€it ass komm, fir dat ze Ă€nneren.
D‘Jonk Demokraten fuerderen:
âžĄïž En Enn vun der EestĂ«mmegkeet
âžĄïž Decisioune mat qualifizĂ©ierter MajoritĂ©it
âžĄïž Eng staark an decisiv EuropĂ€esch Unioun

Fir LĂ«tzebuerg steet vill um Spill: Eis SĂ©cherheet, eise Wuelstand an d’Zukunft vun der jonker Generatioun hĂ€nke vun enger staarker EU of, sou eise President Lou Linster.
👉 MĂ©i Informatioune fannt dir hei:https://www.jonkdemokraten.lu/wp-content/uploads/2026/05/Jonk-Demokraten-Europa-handlungsfahig-machen-Die-Einstimmigkeitsregel-gehort-abgeschafft.pdf

Photos from Jonk Demokraten's post 28/04/2026

E Freideg hu sech d’Jonk Demokraten mat den DP Mandatairen am Strike Bowling um Houwald getraff, fir bei interessante GesprĂ©icher an deenen eng oder anere Klatzen e flotten Owend ze verbrĂ©ngen.🎳🌇

Mir soen all eise Membere Merci, dĂ©i deen Dag de Wee bis an d’Stad fonnt hunn.â€ïžđŸ«¶đŸ»

31/03/2026

👉 SĂ©cherheet viru Spektakel!

No der tragescher Brandkatastroph Ugangs des Joers an der SchwÀiz, bei dÀr iwwer 40 jonk Mënsche gestuerwe sinn, fuerdere mir als Jonk Demokraten kloer Mesuren:

đŸ”č Pyrotechnik an zouene Raim staark aschrĂ€nken, respektiv verbidden
đŸ”č Streng Oplage fir Ausnamen

🎯 Eist Zil: Liewe schĂŒtzen – net d‘Feierkultur aschrĂ€nken.

Sou Tragedien dÀerfe sech net widderhuelen.

29/03/2026

Illegalen Offall laanscht eis Stroossen an op Ă«ffentleche Plazen ass net akzeptabel. 🌍

Littering schuet eiser Ëmwelt, kascht de Steierzueler all Joers vill Suen a reduzĂ©iert eis LiewensqualitĂ©it.

D’Jonk Demokraten fuerderen eng konsequent Ëmsetzung vun der „Null-Offall“-Strategie an zousĂ€tzlech konkret Moossnamen op kommunalem Niveau: mĂ©i SensibilisĂ©ierung, innovativ Projeten, gratis OffallsĂ€ck op Problemplazen an mĂ©i streng Strofen.

Mir mussen elo handelen, fir eis Natur 🍃 a LiewensrĂ€im ze schĂŒtzen.

Kuckt de Video fir eis ganz Positioun!
Luxembourg

12/02/2026

Zu Letzebuerg stinn d’Chaufferen all Joer bis zu 179 Stonnen am Stau. Dat si bal 22 Congesdeeg. Doriwwer eraus klĂ«mmt duerch de ville Stau och d’Unzuel vun den Accidenter an d’Loftverschmotzung.

Fir desem Problem entgéintzewierken, fuerdere mir:
✅Eng Vitesslimitatioun vun 110 km/h op eisen Autobunnen am BeruffsverkĂ©ier (7h-9h & 15h30-18h30).
✅Eng VitesserhĂ©ijung op 110 km/h an den Autobunnstunnellen.
✅DĂ©i bestoend Vitesslimitatioun vun 90 km/h op der A1 an der A6 och owes anzefĂ©ieren.

âžĄïžDes Mesure bedeiten: Manner Accidenter, manner Stau, manner COz, manner KamĂ©idi a mĂ©i SĂ©cherheet fir jiddereen.

21/01/2026
15/12/2025

D’Jonk Demokraten sinn der Meenung, datt dĂ©i Jonk zu verantwortungsbewossten Erwuessenen am Ëmgang mat natierleche Ressourcen ausgebilt solle ginn.♻

Dofir si mir der Meenung fir d’Bildung fir nohalteg EntwĂ©cklung op de LĂ©ierplĂ€ng an eise Schoulen ze verankeren.đŸ«đŸŽ“

07/11/2025

IwwerfĂ«llte Poubellen an Dreck op de Stroosse sinn an eise Stied a Gemengen nach Ă«mmer e reelle Problem đŸ—‘ïžđŸšź

D’Jonk Demokrate setze sech dofir fir eng nohalteg an effizient Offallpolitik an, Ă«nner anerem duerch den Ausbau vun Ă«nnerierdesche Poubellen.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg