DP Gemeng Käerjeng

DP Gemeng Käerjeng

Partager

DP Sektioun Gemeng Käerjeng

19/03/2026

Generalversammlung vun der DP Käerjeng - ee gesellegen Owend mat flotte Gespréicher.

Merci un all déi, déi dobäi waren 💙

06/12/2025

🇱🇺 Dës Woch huet de Gemengerot de Budget fir d’Joer 2026 vun der Gemeng Käerjeng gestëmmt.

D’DP Käerjeng gesäit zwar vill gutt Projeten am Budget 2026, ass awer der Meenung, dass fir eng besser Liewensqualitéit vun eisen Awunner nach wichteg Punkte feelen. Dofir huet d’DP sech beim Vote enthalen.

🔹E puer Projeten aus dem Budget 2026 erausgepickt:
- De Bau vun engem neie Gemengenhaus.
- D’ Verkéiersberouegung mam Zil fir den Duerchgangsverkéier ze reegelen an d’Vitesse erofzesetzen.
- Den Ausbau vun de Schoulinfrastrukturen zu Kënzeg mat Vergréisserung vun der Maison Relais.
- D’Uleeë vun engem Park “Hanner Acker”, mat Ariichtungen fir Jonk an Al.

🔹Mir droen déi Projeten mat, sinn awer der Meenung:
- Bei der Verkéiersberouegung solle Variante gewielt ginn, déi eis Awunner méiglechst wéineg schikanéieren.
- A puncto Maison Relais fuerdere mir e weideren Ausbau vun de Kapazitéiten, sou dass och d’Kanner aus dem Précoce kënnen fir d’Mëttegiessen an d’Maison Relais goen.
- Beim Projet “Hanner Acker” soll de Bau vun engem neien Jugendhaus net vergiess ginn.

🔹An eisen Aen wier och nach Spillraum fir aner Projeten, déi mir scho méi laang fuerderen:
- Eng Testphase, fir ze evoluéieren, ob e Ruffbus eng Plus-Value fir eis Gemeng wier.
- E Fitnessparcours am Bësch, well mer feststellen, dass sou Installatiounen an anere Gemenge vill benotzt ginn.
- Drénkwaasserspenderen op ëffentleche Plazen.
- D’Gemengerotssëtzungen als Audio zur Verfügung stellen.

🇫🇷 Cette semaine, le conseil communal a voté le budget de la commune de Käerjeng pour l’année 2026.

Le DP Käerjeng reconnaît de nombreux bons projets dans le budget 2026. Nous estimons toutefois que des points essentiels manquent. C’est pourquoi le DP s’est abstenu lors du vote.

🔹Voici quelques projets issus du budget 2026 :
- La construction d’une nouvelle maison communale.
- La mise en place de mesures visant à réduire la vitesse et à réguler le trafic de transit, afin d'apaiser la circulation.
- L’extension des infrastructures scolaires à Clemency, avec l’agrandissement de la maison relais.
- L’aménagement d’un parc « Hanner Acker », avec des installations pour les jeunes et les aînés.

🔹Nous soutenons ces projets, néanmoins nous proposons :
- En matière d’apaisement de la circulation, les solutions envisagées doivent gêner le moins possible les habitants.
- Nous demandons une extension supplémentaire des capacités des maisons relais, afin que les enfants du cycle 1.0 (éducation précoce) puissent également y déjeuner.
- Dans le cadre du projet « Hanner Acker », la construction d'une nouvelle maison des jeunes ne doit pas être oubliée.

🔹À notre avis, il existe encore une marge pour d'autres projets, comme par exemple :
- Une phase de test pour évaluer si un service de bus à la demande (« Ruffbus ») serait bénéfique pour notre commune.
- Un parcours fitness dans la forêt, car nous constatons que de telles installations connaissent du succès dans d’autres communes.
- Des distributeurs d’eau potable sur les places publiques.
- La mise à disposition d’enregistrements des séances du conseil communal en format audio.

Photos from DP Gemeng Käerjeng's post 05/10/2025

Mir wënschen all de Pappen e schéine Pappendag

08/06/2025

D'DP Käerjeng wënscht all de Mammen e schéine Mammendag

20/04/2025

Mir wënschen Iech an Äre Léifste schéin Ouschteren

Photos from DP Gemeng Käerjeng's post 26/03/2025

E puer Andréck vun eiser Generalversammlung. Et war e flotten Owend mat interessante Gespréicher a gudder Ambiance.

Photos from DP Gemeng Käerjeng's post 18/07/2024

Des Woch ass de Gemengerot zweemol zesumme komm. Um Ordre du jour stoungen ënnert anerem follgend Punkten:

- Neigestaltung vum Schoulhaff vun der Käerjenger Schoul
- Neibau vum Gemengenhaus, bei deem op e besonnescht innovatiivt an nohaltegt Konzept gesat gëtt
- e Konzept fir d’Verkéiersberouegung vun enger Rei Stroossen a Quartieren

Déi dräi Projeten ginn vun der DP matgedroen

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg