14/10/2025
JDL - Jonk Demokraten Norden
Bass du interesséiert der JDL Norden bäizetrieden oder wëlls eis einfach nëmmen eng Fro stellen? Dann kontaktéiert eis per E-mail op: [email protected]
14/10/2025
30/09/2025
"Iess dech waarm" mat de Jonken Demokraten Norden
Mellt iech un😉
Mir freeën eis ee flotten Owend mat iech zu Dikrech ze verbrengen💙
06/06/2025
D’Jonk Demokraten si ganz kloer der Meenung, dass de Gerson Rodrigues den Owend net dierf fir Lëtzebuerg spillen.
Den Owend huet Lëtzebuerg e Frëndschaftsmatch géint Slowenien an de Gerson Rodrigues gouf an d'Ekipp nominéiert, fir Lëtzebuerg ze representéieren. Fir eis Jonk Demokraten ass et ganz kloer: De Gerson Rodrigues soll eng Virbildfunktioun fir vill Jonker anhuelen, mee no sengen Aktiounen a sengem Jugement, wou e schëlleg gesprach gouf, ass hien dat definitiv net méi. Dofir soll hien och net méi an der Nationalekipp bleiwen. Et ass un der Zäit, dass de Gerson Rodrigues seng Feeler agesäit a sech fir dës entschëllegt, well genau dat huet hie bis haut nach net gemaach.
D’FLF huet, nieft der sportlecher, eng moralesch Aufgab. Andeems een haislech Gewalt banaliséiert an an d’Privatsphär stellt, weist ee ganz kloer, dass d’Täter kënnen ouni reell Konsequenzen dovu kommen an nach ëmmer méi beschützt ginn ewéi d’Opfer, déi e Liewe laang mat deem Trauma ze kämpfen hunn.
Dem Luc Holtz an der ganzer FLF soe mir: eng Nationalequipe representéiert d’Land an d’Valeuren aus deem Land, an an dës Nationalequipe gehéiert de Gerson Rodrigues net méi hin.
27/04/2025
De Moien um DP Kongress sinn eise President, de Michel, an eise Comitésmember, d‘Angèle, an de Comité Directeur gewielt ginn 💪🏻💙
18/02/2025
05/02/2025
21/01/2025
29/09/2024
Mir ware gëschter Owend op der END OF SUMMER BBQ PARTY vun de JDL Jonk Demokraten mat dobäi😁
23/08/2024
„Gruppe seit Jahren bekannt“ / „Jonk Demokraten Norden“ fordern Konsequenzen nach Schlägerei in Folscheid Die „Jonk Demokraten Norden“ haben sich in einer Pressemitteilung zu einer Schlägerei auf einer Veranstaltung in Folscheid geäußert. In dem Schreiben fordern sie, dass die „nötigen Maßnahmen“ getroffen werden, damit so etwas nicht noch einmal vorkommt. Aber worum geht es dabei überhaup...
27/07/2024
Mir Jonk Demokraten si schockéiert, dass d’Petitioun 3198 “LGBT-Themen aus der Educatioun vu Mannerjäregen auszeschléissen” a manner wéi dräi Deeg, déi néideg 4.500 Ënnerschrëften erreecht huet, fir an der Chamber debattéiert ze ginn. Och wann den Auteur behaapt, dass d’Petitioun net als Zil huet, d’LGBTQIA+ Community ze diskriminéieren, si mir der Meenung, dass dës Petitioun genau dat mécht. D’Theme ronderëm d’LGBTQIA+ Community aus der Educatioun vun de Mannerjäregen erauszehuelen, bedeit dës Communautéit onsiichtbar ze maachen a se domat ze décrédibiliséieren.
D’Schoul soll eng Plaz sinn, wou all Kand sech wuelfillt a sech selwer ka sinn, ouni dofir jugéiert ze ginn. Mir fannen et wichteg a gutt, dass de Kanner bäibruecht gëtt, dass si sech individuell entfalen an expriméiere kënnen, sou ewéi si et fir richteg empfannen.
Bei ganz villen Theme kann een iwwer verschidde Meenungen diskutéieren, mä eppes steet fir eis net zur Debatt: Respekt virun eise Matmënschen ass keng Meenung, dat ass selbstverständlech!
D’Jonk Demokraten hoffen, dass d‘Debatt an der Chamber friddlech ofleeft, mat Respekt fir d’LGBTQIA+ Community, an dass d’Chamber déi eenzeg richteg Decisioun hëlt, an zwar dës Petitioun ofzeleenen. 🏳️🌈
06/07/2024
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
