Villverspriechend Volleksvirbereedung

Villverspriechend Volleksvirbereedung

Partager

De groussen, partizipative Biergerforum zur Verfassungsreform an de Referenden.

Laang gouf en ugekënnegt, endlech ass en do: Deen groussen, partizipative Biergerforum zur Verfassungsreform an de Referenden. An deenen nächste Wochen erméigleche mir et, Iech objektiv a sachlech iwwer d'Verfassung z'informéieren a wann der Iech un d'Spillregelen haalt, däerft Dir souguer um Biergerdialog deelhuelen.

Referendum: So NEE zu de Mënscherechter 01/06/2015

Déi lescht Fro ass sou niewesächlech a banal, dat donieft souguer d'Fro zur Begrenzung vun den Ministermandater (wat ass eigentlech mat de Ministerinnen?) wéi déi Elementaarsten Fro erschéngt, déi zu Lëtzebuerg je gestallt gouf:

D'Fro vun de Mënscherechter.

(Am Chamber-Fach-Jargon och bekannt als: "déi nerveg Fro, déi d'Verfassung onnéideg an d'Längt zitt")

Referendum: So NEE zu de Mënscherechter Verfassungen uechtert d'Welt ëmfaassen ëmmer méi Rechter, an déi Rechter ginn ëmmer méi progressiv. Awer net zu Lëtzebuerg!

Referendum: So NEE zur Reform vum Staatsrot 27/05/2015

Eise Staatsrot ass déi lescht Bastioun am Mier vun der Demokratie. Mä wéi laang nach wa geschwënn alles hannerfrot gëtt?

Referendum: So NEE zur Reform vum Staatsrot Ondemokratesch Beroderkreesser uechtert d'Welt verléieren ëmmer méi Unerkennung. Eise Staatsrot ass déi lescht Bastioun am Mier vun der Demokratie. Mä wéi laang…

Referendum: So JO zur Monarchie 19/05/2015

Endlech do: Den offiziellen Informatiouns-Spot fir déi éischt vun de Referendums-Froen: D'Fro vun der Staatsform.

Referendum: So JO zur Monarchie Kinnekshaiser uechtert d'Welt verléieren ëmmer méi Pouvoir. Gott sei Dank kann eise Grand-Duc nach d'Demokratie ausser Kraaft setzen, wann hien d'Gefill huet, et…

Photos 22/04/2015

Lues awer sécher mécht d'Vollek sech prett fir de Referendum. Mir hunn eis vun offizieller Säit aus bis elo wéi versprach zeréckgehale fir dat méiglechst vill sachlech Desinformatioun entsteet a keen herno Saache freet wéi "Ween huet sech dann déi Froen ausgeduecht?" oder "Wat ass mam Recht vun der Verfassung?"

Geschwënn ass awer den Ufank vun der Campagne an et ass eis Aufgab iech zesumme mat der Chambre des députés - Luxembourg méiglechst neutral iwwert de Referendum z'informéieren.

De Grand Duc huet demissionéiert: Exklusivinterview | Radio ARA podcast 13/04/2015

Skandaléis! Eise Grand-Duc wëll eis Verfassung méi demokratesch maachen...
"Déi gëlle Buedbidden ass ee Symbol fir d'Privilegie vu menger Famill. Dir musst wëssen, dat méi Papp schonn an hier gebued huet, an Zäite wou d'Stolkris d'Land gerëselt hat. A meng Groussmamm dës gëlle Bidden deemools während dem Krich mat an England geholl huet. Vu menge Privilegie wëll ech mech duerch meng Demissioun lo endgülteg trennen, also och vun der groussherzoglecher Buedbidden."

De Grand Duc huet demissionéiert: Exklusivinterview | Radio ARA podcast De Grand Duc huet demissionéiert: Exklusivinterview Leave a reply De Grand-Duc Henri huet demissionéiert. An seng Buedbidden virun de Palais gestallt. Wéi geet et elo virun mam Land? Wéi wäscht sech eise Monarch elo? An virun allem: Kann den ARA elo an de Palais plënneren? Mir kruuten een exklusiven…

Photos 12/04/2015

E fuerchtbart Gerücht kurséiert zanter Wochen a Mediekreesser: lo schéngt et offiziell ze sinn: De Henri, Grand Duke of Luxembourg ass zeréckgetrueden! Hei den integralen Demissiounsbréif:
"Léift Vollek,

D'Zeitungen hunn d'Nouvelle bruecht, ons Verfassung wier moderniséiert ginn. D'Fro vun der Monarchie ass - ouni dat mat mir oder mat Iech ze beschwätzen - ausgeklamert ginn. Iech, dem Vollek, gouf de Choix geholl fräi iwwert Är Staatsform z'entscheeden. A mir, Ärem Grand-Duc, gouf d'Méiglechkeet geholl endlech als fräien a gläiche lëtzebuerger Staatsbierger ze liewen. Ech denoncéieren dës Barbarei virum Weltgewëssen.

Et bleift mir nëmmen een eenzege raisonnabele Schrëtt als éierbaren Demokrat iwwereg. Dowéinst ginn ech lo heimat meng Demissioun bekannt. Andeems ech ofdanken, kann endlech déi noutwenneg Diskussioun ronderëm d'Monarchie ugestouss ginn, déi bei enger Verfassungsreform eigentlech selbstverständlech si misst.

An engem symboleschen Akt géint d'Privilegie vun der Monarchie a fir meng demokratesch Iwwerzeegungen hunn ech gëschter Owend de Mores gebieden meng gëllen Bidde virun de Palais ze stellen.

Ech weess an ech spieren et: Dir stitt all wéi ee Mann a wéi eng Fra an aler Trei zur Demokratie an zur Heemecht. Eis gutt Saach läit lo an den Hänn vun deenen, déi fir d'Recht an d'Demokratie kämpfen.

Ären Heng"

Photos 27/03/2015

Iwwer Referendum.lu kritt dir lo endlech d'Chance Är generell Meenung zur Verfassung an e Formulaire anzedroen.
Passt just op, dat der eppes Relevantes schreiwt, an net schonn nees méi Menscherechter oder ähnlech Banalitéiten fuerdert: dat sprengt dann wierklech de Kader vun enger Verfassung.
Mir freeën eis op Är Virschléi! Wat mer duerno domat maachen? Loosst Iech iwwerraschen!

CHD REFERENDUM 2015 26/03/2015

Tadaaa!
Dir hutt geduecht, dat "Partizipatioun" just e Bluff wor? Well iech dat schonn zanter Oktober versprach gouf an lo de Referendum alles anescht an de Schiet stellt?
Falsch geduecht!
No méintelaangem Programméieren, no intensive Berodungen iwwert d'Grondzich vun demokratescher Partizipatioun am Internet an nodeems d'Zougänglechkeet zum komplexen Text och fir Net-Juristen hiergestallt gouf presentéiert d'Chamber des KOMMENTARFUNKTIOUN.
Dir mengt lo vläit: "Do hätt ech dem Bodry och einfach eng Mail schreiwe kënnen", mä falsch: do hätt dir jo net Är Telefonsnummer mat ugi mussen.
Sidd der lo zefridden?
P.S.: Am Bodry sengem Spam-Fichier land är Iddi allerdéngs trotzdem, mir hunn bis lo leider nach keng Ahnung, wat mat deenen Iddie geschéie soll...

CHD REFERENDUM 2015 Referendum 2015 - Responsive HTML5 WebSite

Photos 18/03/2015

Enger Etude no sinn ca. 70% vun de Leit géint d'Opdeelung vum Land a 4 Walbezierker. Dass de Punkt an der neier Verfassung ignoréiert gouf an och net am Referendum drukënnt, huet een einfache Grond. De Grond fält eis grad net an, mä en ass awer do.

version+13.03.15docx.docx 15/03/2015

E Word-Dokument mam Titel "version+13.03.15docx.docx" ass lo um Site vun der Chamber ze fannen. Eis nei Verfassung: endlech public!
Äre Partizipatiouns-Formulaire kritt äre Noper deemnächst a Form vun engem Floppy-Disc per Bréiwdauf geschéckt. Awer just wann e schonn eng Kéier bei Gemengewale matgemaach huet.

version+13.03.15docx.docx

Photos 12/03/2015

"Den neien Entworf vun der Consitutioun steet. Bei der Referendumskampagne soll net nemmen iwer 3 Froen mee och aner Punkten debattéiert gin." huet eis den Alex Bodry gëschter iwwer Twitter verroden.
Well et scho schwéier genuch wor, dee neien Entworf hinzekréien an den Text lo och net méi verännert gi soll, huet sech d'Chamber fir déi weider Partizipatioun vun de Bierger*innen eng ganz speziell Prozedur iwwerluecht.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

Adresse

Luxembourg