CSV Ettelbréck-Waarken

CSV Ettelbréck-Waarken

Partager

Wëllkomm ob den Internetsäiten vun der CSV Ettelbréck-Waarken ! Mir wäerten och vun elo un eis Aktivitéiten hei virstellen. Kuckt dofir regelméisseg eran.

Mir stellen eis an eis Aarbecht ob dësen Säiten vir, a mir lueden Iech an, mat eis an d’Diskussioun ze kommen duerch Froën a Urégungen déi Dir un eis riichten kënnt. Kuckt eran an eisen Komitee, informéiert Iech iwwert eis responsabel Léit an de Gemengekommissiounen a liest den interessanten Historique vun der CSV zu Ettelbréck. Mat dësem Site kommen mir méi noo bei Iech. CSV ass déi dreiwend Kraf

Photos from CSV Ettelbréck-Waarken's post 26/03/2026

Gëschter hatte mir eis Generalversammlung an der Präsenz vum 💪🏽
Nieft der politescher Aarbecht, déi mir am läschter Joer geleescht hunn, si mir och op déi verschidden Projeten:
➡️ewéi eis geplangten Quartiersschoul,
➡️dem Uelzechtpark
➡️der néier Brasserie am Carré op der Maartplaz,
➡️ den geplangten Calisthenics an eis aktuell Chantieren
➡️ awer och dem Projet vun der Gare an eiser sozialer Verantwortungs- a Secherheetsroll als Majoritéit am Gemengerot.

👀 Och en vue vun den aktuellen Fusiounsprozesser huet de eis duerch déi Aktualitéiten geleed an dorop higewisen, ewéi wichteg des Entscheedung fir eis Entwécklung vun der Gemeng a fir d‘Regioun ass!

Mir soen all eisen Memberen fir hiren Asatz ee grousse Merci a freeën eis op eng gemeinsam konstruktiv a gutt Zesummenaarbecht❤️

Photos from CSV Ettelbréck-Waarken's post 03/03/2026

Gëschter ass um Bezierkskongress den néien Bezierkscomité vun der CSV an der CSJ gewielt ginn.

Mir gratuléieren ganz häerzlech dem Jeff Boonen an der néier Ekipp fir dest Mandat weiderhin fortzesetzen.
Ee grousse Merci geet och un eis politesch Gäscht an hier wichteg Beiträg fir a virun allem mat de Léit.

CSV huet och Courage bewisen. De Courage, Dossieren unzegoen, déi net ganz einfach waren an et ëmmer nach net sinn.

Mir sinn eis eiser Verantwortung Bewosst a bleiwen weiderhin fir Iech all um Ball🤝 dest souwuel als CSV, ewéi och als CSJ.

Photos from CSV Ettelbréck-Waarken's post 03/02/2026

🏥 Gëschter hatte mir d‘Éier eis Gesondheetsministesch bei eis an der Sektioun ze begréissen. An desem Kontext huet d‘Martine Deprez eis déi néi Pensiounsreform erklärt a wou nach d‘Erausfuerderungen, awer och d‘Chancen vun eisem aktuelle Gesondheetssystem, ewéi och der Sécurité sociale leien.

👀 Een informativen a spannenden Owend mat engem interessanten Diskussiounsofschloss, wou d‘Léit hier Froen un eis Gesondheetsministesch konnte stellen🤝

Ee grousse Merci un all déi Leit, déi de Wee op Ettelbréck fonnt hunn an der .norden fir d‘Organisatioun vun desem Event!

01/02/2026

Mir traueren ëm de Lucien Weiler (1951 - 2026)

Als Deputéierte fir de Bezierk Norden huet de Luss sech iwwer bal dräi Joerzéngte fir d'Wuel vum Land engagéiert. Als President vun der Chamber (2004–2009) stoung hie fir Ausgläich, institutionell Stabilitéit an eng Demokratie, déi vum Dialog a vum Respekt lieft.

De Luss huet och als Fraktiounspresident d’Politik vun der CSV geprägt a sech besonnesch fir de Jugendschutz staark gemat.

Och no senger parlamentarescher Carrière ass de Luss dem Déngscht um Land trei bliwwen. Als Maréchal vun der Cour grand-ducale (2016-2020) huet de Lucien Weiler seng grouss Erfarung, Diskretioun a Loyalitéit an den Déngscht vum Staatschef gestallt.

Fir d’CSV bleift de Luss e Virbild fir Verantwortung, Bescheidenheet a konsequenten Asaz.

Mir drécken der Famill eist chrëschtlecht Bäileed aus.

27/01/2026

Et ass un eis Verantwortung ze iwwerhuelen, dass esou gruseleg Momenter an der Geschicht vum Mensch net widderhol a weidergefouert ginn.

Als CSV Ettelbréck Waarken gedenke mir also och den Verstuerwenen, déi duerch de Vëlkermord ëm d‘Liewe komm sinn! Dest soll net a Vergiessenheet geroden virun allem elo an den ëmmer nach turbulenten a vu Gewalt gezeechneten Zäiten

Haut gedenke mir den Affer vum Holocaust.

Et ass eis gemeinsam Verantwortung, net nëmmen un déi onschëlleg Liewe vun deenen, déi verfollegt an ermort gi sinn, ze erënneren, mee och alles dofir ze ginn, datt esou eppes ni méi geschitt.

Diskriminatioun an Haass hu keng Plaz an eiser Gesellschaft.

13/01/2026

Hutt dir Froen un eis Ministesch Martine Deprez zu der Pensiounsreform?

Hutt dir Froen iwwert déi aktuell Gesondheetspolitik oder wëllt ee spannenden an informativen Owend verbréngen an hutt Virschléi? Da kommt den 2te Februar op Ettelbréck 👀

Mir freeën eis Iech häerzlech op en öffentlechen an informativen Event anzelueden bei deem mir d’Éier hunn d’Ministesch Martine Deprez bei eis zu Ettelbréck am Festsall vun der Gemeng begréissen ze däerfen.

📅 Wéini? Méindeg, den 2. Februar, um 19h30

Am Kader vun dësem Owend gi wichteg a ganz aktuell Sujeten ugeschwat, déi jidderengen vun eis betreffen:

👉 d’Reform vun de Pensiounen
👉 de Gesondheetssystem

Dëst ass eng wäertvoll Geleeënheet sech aus éischter Hand z’informéieren, Froen ze stellen an an den Austausch ze goen.

Dëst Event ass fir jiddereen op, also zéckt net, och Famill, Frënn a Bekannter matzebréngen.

Zesumme kënne mir vill bewierken mir zielen op Iech a freeën eis op eng grouss Participatioun!

Photos from CSV Ettelbréck-Waarken's post 13/01/2026

2️⃣0️⃣2️⃣6️⃣🥂Gëschter hatte mir als CSV Nordstad zu Schieren eisen Néijoerspatt.

En vue vum Fusiounsprozess sinn verschidden méiglech Projeten presentéiert a wichteg Informatiounen matgedeelt ginn.

Mir als CSV Nordstad gesinn dës Fusioun als eng regional Chance, als ee Projet mat vill Potenzial, wou et wichteg ass déi 4 Gemengen bestoen ze lossen an trotzdem d‘Synergien gemeinsam ze betruechten fir an Zukunft als Nordstad zesummen ze funktionnéieren.

Virdrun hatte mir als CSV Norden den 1ten Bezierkscomité, den iwwregends am Mäerz néi gewielt gëtt

📈 Mat ganz vill Motivatioun, Energie an Zesumeenaarbecht si mir fir dat néit Joer bereed ze starten 🤝

💡Wann dir Iddien hutt, matschaffe wëllt an Äre Bäitrag fir d‘Nordstad Fusioun leeschte wëllt: Informéiert Iech an deelt är Iddien op der Internetsäit https://meng.nordstad.lu/de-DE/

Photos from CSV Ettelbréck-Waarken's post 09/01/2026

Gëschter ware mir och als Sektioun um Néijoerspatt vun der CSV.

Souwuel de Generalsekretär , den néie Fraktiounspresident Laurent Zeimet awer och eise Staatsminister .frieden hunn kloer Messagen un eis geriicht.

Et gouffe wichteg Themen op den Dësch bruecht, et sinn och onangenehm Diskussiounen gefouert ginn an virun allem ass sech d‘CSV och no enger Amtszäit vun 2 1/2 Joer ëmmer nach hirer Verantwortung an der Regierung bewosst.

Esou muss et och dëst Joer viru goen. Ee gelongenen Optakt fir 2026 an ee flotten Owend zesummen mam .norden Bezierk 🤝

23/11/2025

👀 Als CSV Nordstad si mir frouh, dass d‘Majoritéit vun de Léit zu Ierpeldeng dofir gestëmmt hunn, d‘Gespréicher mat den aanere Gemengen fir de Referendum vun 2027 zu der Nordstadfusioun weiderzefueren.

🤝 Fir eis ass d‘Fusioun weiderhin eng Chance

➡️ fir de regionale Stëllewert ze erhéijen, wichteg lokal Projeten ze realiséieren

➡️ Chancen fir déi kommend Generatiounen ze erméigleche

➡️ als eng Gemeng Nordstad zesummezeschaffen.

❗️Elo ass et un eis bis 2027 an doriwwer eraus, dofir ze suergen, dass et net bei engem Projet um Pabeier bléift.

Photos from CSV Ettelbréck-Waarken's post 09/11/2025

Zesumme mat verschiddene Memberen aus dem CSV Norden Comité ware mir haut um Haupeschmaart zu Munzen. Mir soen allen Acteuren Merci fir den léiwen Emfpang a fir déi immens Organisatioun 😃

Photos from CSV Ettelbréck-Waarken's post 31/03/2025

Den Owend hatte mir eis AG an der Präsenz vun de Memberen vun der CSV Dikrich an dem Buergermeeschter Claude Gleis. No der Versammlung ware mir dunn nach zesummen iessen fir den Owend auskléngen ze lossen 🥂

Ee flotten an informativen Owend mat engem Réckbléck op dat läscht Joer, wou mir all eise Memberen an och de Léit dobaussen Merci soen, déi eis esou enorm ennerstëtzen 👏🏻

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse

Luxembourg