CSV Dudelange

CSV Dudelange

Partager

MÉI NO. MÉI DIDDELENG. MÉI BEWEEGEN!

25/04/2026

Eis Gewënner si gezunn! 🎉

D’Nummere vun eiser Ouschter-Tombola sti fest 🐣🍫

👉 Kuckt op der Affiche no, ob är Nummer dobäi ass a kommt äre Präis ofhuele wgl.!

🗳️ Zousätzlech fannt dir hei och aktuell Informatiounen aus dem Gemengerot vun der CSV

05/04/2026

D'CSV Diddeleng wënscht Iech schéin Ouschteren 🐰🐣

02/04/2026

CSV-DIDDELENG huet eng flott Tombola organiséiert 🎉🐣

Mir gratuléieren häerzlech de Gewënner 🎁👏.

Mir wënschen Iech all e schéint a frout Ouschterfest 🌷🐰

09/03/2026

Mir haten eng flott Generalversammlung zesumme mat CSJ, CSF an CSV Diddeleng. 💪

An enger gudder Atmosphär hu mir op dat vergaangent Joer zeréckgekuckt, zesummen diskutéiert an och zesummen no vir gekuckt op déi Projeten an Erausfuerderungen, déi virun eis leien.

Photos from CSV Dudelange's post 26/02/2026

Mir invitéieren Iech häerzlech op eis Generalversammlung 🗓️
📍 Freideg, 6. Mäerz
🕖 19:00 Auer
📌 Centre Saint Martin – Diddeleng
Eis Generalversammlung ass déi perfekt Geleeënheet fir zréckzekucken, no vir ze kucken an zesummen d’Zukunft vum CSV Diddeleng ze gestalten.
👉 Hei fannt Dir och d’Kandidaturerklärung.
Mir freeën eis op Är Kandidatur als
▪️ Member vum Comité
▪️ Bezierksdelegéierten
▪️ Nationaldelegéierten
Mir gesinn eis den 6. Mäerz! 😊

21/02/2026

Gemengerot vum 13.2.26:

📦 Mat enger eegener Motioun hu mir d‘Opstelle vun enger Sportbox am Mayrisch-Park oder bei der Sportplaz beim CNA gefuerdert.

🏡 De Projet fir abordabele Wunnraum (4 Haiser an een Tiny House) hu mir matgedroen.

🏭 D’Verdichtung vun der Industriezone Wolser B hu mir mat gedroen.

🏸 Fir datt Kanner a prekären Situatiounen Zougang zum Veräins- a Sportsliewen hunn, hu mir d’Subventioun ënnerstëtzt.

14/01/2026

Merci u jiddereen, deen de Wee bei eis fonnt huet fir zesummen op dat neit Joer 2026 unzestoussen. 🥂

Hei sinn e puer Impressioune vum Neijoerschpatt. 📸👇

Photos from CSV Dudelange's post 31/12/2025

Mir invitéieren Iech häerzlech den 13.1 op eisen Neijoerschpatt vun der CSV Diddeleng.
Kommt laanscht a stousst mat eis op dat neit Joer.

Mir freeën eis op Iech!

31/12/2025

Schéi Chrëschtdeeg

21/12/2025

D’CSV mécht sech Gedanke ronderëm eis Finanzen an eng gesond Personalpolitik.
Mir sti fir Verantwortung, Transparenz an eng nohalteg Zukunft – am Interessi vun den Diddelenger Matbiergerinnen a Matbierger

12/12/2025

🎯 Fazit

Mir soen Nee zum Budget 2026, well:

❗ Et feelt un Transparenz,

❗ Projete ginn net ofgeschloss, an

❗ d’Verschëldung geet aus dem Rudder.

eis Gemenge-Projete ginn duerch laang Délaisen vill mei deier,

- et feelt un transparenter Kommunikatioun,

- ⁠d‘Verschëldung geréit aus dem Rudder.( 90,49 Mio)

- ⁠Eis Annuitéiten -wat mer all Joer zréckbezuelen- beleeft sech all Joer op 4 Mio.

- ⁠Vill Projeten MUSSEN weidergefouert gin, ( Schoul Balzing, CAD/ Tennis-Kennedy, Stroossebau..) awer mir verlaangen eng besser Kommunikatioun wann eng Deirescht kënnt. ( hei huet de Buergermeeschter versprach dass besser kommunizéiert gëtt )

- aner Investe fanne mir net gutt:

- ⁠Zëch Etuden-awer wéineg Presentatioune vun de Resultater:

- Observatoire Social, Léierstull op der UNI: deier- mee nach kee Bilan resp.Tëschebilan.

- Parking AM DUERF: de System funktionéiert net, muss ersat ginn, d‘Fraisen explodéieren.

- ⁠De Probleem vun der Mobilitéit virun allem mam Ausbau vun NEI SCHMELZ däerfe mer net just CFL iwwerloossen.

- ⁠D‘Beibehaalung vun enger Spidolsstruktur muss elo scho geplangt ginn.

- ⁠FAZIT: Mir soen NEE zum Budget 2026 a wäerten eis weider asetzen dass Diddeleng eng liewenswäert Stad bléift, an dass d‘Finanzen net komplett aus dem Rudder lafen.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg