déi Lénk Diddeleng

déi Lénk Diddeleng

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de déi Lénk Diddeleng, Organisation politique, Luxembourg.

Photos from déi Lénk Diddeleng's post 24/04/2026
Photos from déi Lénk Diddeleng's post 13/02/2026

Haut woar nees Gemengerot. Mir hunn déi wichtegst Punkten zesummegefaasst.

03/02/2026

Och wa mir frou sinn, dass de Schäfferot an Zukunft de Sozialdialog wëll méi seriö huelen, sou si mir awer verwonnert iwwer d'Virgoe vun der LSAP, eng Charte z'ënnerschreiwen a gläichzäiteg déi majoritär Gewerkschaft auszeschléissen:

"Ebenso unverständlich ist die Haltung der Stadt Düdelingen, die diesen Schritt mitträgt, obwohl die gewerkschaftlichen Mehrheitsverhältnisse innerhalb der Gemeinde bekannt sind. In der Beamtendelegation stellen OGBL-Mitglieder die Mehrheit, in der Salariatsdelegation ist der OGBL allein vertreten. Damit wird ausgerechnet jene Gewerkschaft ausgeschlossen, die den überwiegenden Teil der betroffenen Beschäftigten repräsentiert."

Der OGBL reagiert mit großem Unverständnis auf seinen Ausschluss von der Unterzeichnung einer Charta zwischen FGFC und der Stadt Düdelingen und sieht darin eine Reaktion auf seine legitime Forderung nach Beteiligung an den Verhandlungen zum Gehälterabkommen im öffentlichen Dienst.

Dieser Ausschluss untergräbt die Glaubwürdigkeit des Sozialdialogs, da ausgerechnet der OGBL als größte und in der Gemeinde mehrheitlich vertretene Gewerkschaft außen vor gelassen wird, obwohl sie viele betroffene Beschäftigte repräsentiert.

▶️ Mehr Infos: https://tinyurl.com/mpencr5w

12/12/2025
05/12/2025

Haut woar nees Gemengerot:
📈 Mer kruten de Budget virgestallt, op dee mer nächst Woch wäerte reagéieren.
🚫Mer hu géint den iwwerdeierten Devis vum Déierenasyl gestëmmt. Als Oppositioun ass et eis Aufgab, e kritesche Bléck op d'Finanzen ze werfen an net alles blann matzestëmmen.
✅️Mer hunn de Budget vum Office social gestëmmt, deen eng ganz gutt a wichteg Aarbecht mécht.
☢️Mer hunn eng Résolutioun géint Atomenergie ënnerstëtzt, mä och kloergestallt, dass et net duergeet, géint Cattenom ze sinn. Och d'Gemeng huet eng Responsabilitéit an och op nationalem Niveau muss den Invest an Atomenergie duerch eise Pensiounsfong gestoppt ginn!
❓️Mir haten eng Reih Froen un de Schäfferot, déi dësen haut net wollt beäntweren. Détailer dozou kommen an den nächsten Deeg no.

23/11/2025

Citybus: verstoppte Privatiséierung 🚍
Citybus: privatisation cachée

🇱🇺 Et kléngt gutt op den 1. Bléck: D'Gemeng Diddeleng iwwerhëllt d'Gestioun vum Citybus.
A Wierklechkeet handelt et sech hei awer em eng verstoppte Privatiséierung. De Citybus, dee bis elo zum TICE gehéiert huet, wäert an Zukunft nämlech vun engem private Betrib gefuer ginn.
Fir d'Awunner vun Diddeleng ännert dat näicht. Mä d'Buschauffeuren am Privatsecteur hu vill méi schlecht Aarbechtskonditiounen, wéi déi beim TICE. Aus deem Grond hu mir eis als eenzeg am Gemengerot géint dës Privatiséierung ausgeschwat. Mir wäerten eis och an Zukunft fir en Ausbau vun ëffentleche Servicer a géint Privatiséierunge wieren.

🇫🇷 A première vue, cela semble une bonne idée: la Ville de Dudelange reprend la gestion du Citybus. En réalité, il s'agit cependant d'une privatisation cachée. Le Citybus qui jusqu'à présent appartenait au TICE, sera désormais exploité par un opérateur privé.
Pour les habitants de Dudelange, cela ne changera rien. Mais les chauffeurs de bus du secteur privé ont des conditions de travail nettement moins favorables qu'auprès du TICE. C'est pourquoi nous avons été les seuls à nous prononcer contre cette privatisation au sein du conseil communal. Nous continuerons à militer pour le développement des services publics et contre la privatisation de ceux-ci.

24/10/2025

Haut am Gemengerot hu mer nees Stellung bezunn:

🏚 Mer hunn d'Adaptatioun vun der Grondsteier net matgestëmmt, well et hei an eisen Aan un engem kloere politesche Signal feelt. D'Logementskris gëtt befeiert duerch Groussgrondbesëtzer, déi Bauland aus Spekulatiounsgrënn bewosst zeréckhalen. D'Gemeng muss all Hiewel notze fir dat ze bekämpfen.
🔊🔊 Mer hunn och géint den Avis zum nationale Plang géint Kaméidi gestëmmt. Kaméidi aus Stroosseverkéier kann net duerch de Bau vu weidere Stroosse bekämpft ginn. Hei feelt et un engem strukturellen Emdenken.
🌳 Mer hunn awer de Forstwirtschaftsplang matgestëmmt. No enger flotter an detailléierter Présentatioun vum Fierschter huet sech nees confirméiert, dass eis Bëscher a gudden Hänn sinn.
🧑‍🏫 An och déi definitiv Schoulorganisatioun hu mer matgestëmmt. Mer stinn hannert de Quartiersschoulen an enger enker Zesummenaarbecht tëscht Schoul a Maison Relais.

Party auf Pump / Düdelingen leiht sich 500.000 Euro für Guillaumes Thronwechsel-Feier am Samstag 02/10/2025

déi Lénk soen NEE zum Kredit vun 500.000€ fir eng Grand-Duc-Feier!
Mer hunn e Freiden am Gemengerot géint déi hallew Millioun gestëmmt, déi eis Gemeng d'Fest am Kader vum Trounwiessel kascht.
Hei en Extrait aus eisem Argumentaire:
"„Es ist nicht so, als wäre nie etwas los in Düdelingen, und wir brauchen den Grand-Duc nicht, um zu feiern“, sagte Carole Thoma von „déi Lénk“. Sollte der Kredit komplett aufgebraucht werden, koste das Thronwechsel-Event laut Thoma ein Drittel des jährlichen Budgets, das für alle Feste in Düdelingen vorgesehen ist. Dies sei vor allem im Kontext der kommunalen Verschuldung zu viel."

Party auf Pump / Düdelingen leiht sich 500.000 Euro für Guillaumes Thronwechsel-Feier am Samstag

Party auf Pump / Düdelingen leiht sich 500.000 Euro für Guillaumes Thronwechsel-Feier am Samstag 29/09/2025

Mer hunn haut géint déi hallew Millioun gestëmmt, déi eis Gemeng d'Fest am Kader vum Trounwiessel kascht.

Hei en Extrait aus eisem Argumentaire:
"„Es ist nicht so, als wäre nie etwas los in Düdelingen, und wir brauchen den Grand-Duc nicht, um zu feiern“, sagte Carole Thoma von „déi Lénk“. Sollte der Kredit komplett aufgebraucht werden, koste das Thronwechsel-Event laut Thoma ein Drittel des jährlichen Budgets, das für alle Feste in Düdelingen vorgesehen ist. Dies sei vor allem im Kontext der kommunalen Verschuldung zu viel."

Party auf Pump / Düdelingen leiht sich 500.000 Euro für Guillaumes Thronwechsel-Feier am Samstag Eine halbe Million Euro für ein Fest: Der Düdelinger Gemeinderat hat einen Sonderkredit für die Feierlichkeiten zum Thronwechsel bewilligt.

29/09/2025

🇫🇷Duerch eng Resolutioun vum Carole Thoma, Gemengeréitin zu Diddeleng a Co-Spriecherin vun déi Lénk, zitt déi Diddelenger Gemeng aus Solidaritéit ee Palästinensesche Fändel erop. Dëse Fändel soll bleiwe bis et zu enger Wafferou an der Gazasträif kënnt. D’Gemeng zitt och gläichzäiteg de Friddensfändel erop. D’LSAP an déi Gréng hunn d’Resolutioun vun déi Lénk matgestëmmt. D’CSV an d’DP hunn sech enthalen, den ADR war dogéint. Op nationalem Niveau fuerderen déi Lénk Sanktioune géint Israel. De Lëtzebuerger Handelsbüro zu Tel-Aviv muss zougemaach ginn an den Handel mat israeelesche Warbonds iwwer Lëtzebuerg muss direkt gestoppt ginn.

🇱🇺À l’initiative d’une résolution déposée par Carole Thoma, conseillère communale à Dudelange et co-porte-parole de déi Lénk, la commune de Dudelange hisse, par solidarité, un drapeau palestinien. Ce drapeau restera en place jusqu’à ce qu’un cessez-le-feu soit conclu dans la bande de Gaza. La commune hissera également le drapeau de la paix. Le LSAP et les Verts ont voté en faveur de la résolution présentée par déi Lénk. Le CSV et le DP se sont abstenus, tandis que l’ADR a voté contre. Au niveau national, déi Lénk réclame des sanctions contre Israël. Le bureau de commerce luxembourgeois à Tel-Aviv doit être fermé et le commerce d’obligations d’État israéliennes via le Luxembourg doit être immédiatement interrompu.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse

Luxembourg