Déi Gréng Nordstad

Déi Gréng Nordstad

Partager

Regionalsektioun Nordstad vun déi gréng
Koordinator: Claude Feltgen
Kontakt: [email protected]

25/04/2026

🐝Ettelbrécker Gemengerot ee Méinden

Um Miscanthuschalet beim neie Minigolf goufe Luuchte baussen ubruecht, déi immens hell sinn an an all Richtung liichten. Dat ass weder gutt fir d'Camper*innen déi hannendru parken, nach fir d'Flora a Fauna laanscht d'Uelzecht. D'Svenja Birchen huet dowéinst eng Fro agereecht.

Doriwwer eraus wëll d'Svenja méi Informatiounen zur Hëllef vun der Gemeng kréien, wa Leit bei sech een Nascht vun der asiatescher Runn entdecken.

All d'Froen am Volltext an de kompletten Ordre du jour fannt dir wéi gewinnt an de Kommentarer.

Photos from Déi Gréng Nordstad's post 20/04/2026

🌳Arboretum zu Ettelbréck - Vu "Lost Place" zu engem richtege Schmuckstéck!

Merci dem Thomas Rob fir déi spannend Erklärungen an déi flott Visite guidée, Merci him a senger ganzer Équipe fir hir wäertvoll Aarbecht a Merci jidderengem dee matkomm ass!

07/04/2026

🚘Réckbléck op den Ierpeldenger Gemengerot vum 25. Mäerz (2/2)

Nieft de Froen an Interventiounen hat de Giovanni Ferigo am leschte Gemengerot och nach zwou Motioune vu sech zu enger méiglecher Verkéiersberouegung um Ordre du jour. Dës hat hie scho virun engem Joer agereecht, se sinn awer elo réischt diskutéiert ginn.

An där Éischter ass et haaptsächlech drëms gaangen d'Haaptstroossen - spréch d'Rue Laduno, d'Porte des Ardennes, d'Rue de la Sûre an den CR348 zu Bierden - duerch baulesch Moossnamen ze berouegen an d'Autosfuerer*innen un d'Vitesselimitatioune mat Zeechen op der Strooss ze erënneren. Hei huet de Schäfferot drun erënnert, datt ee schonn eng Rei Mesure getraff a geplangt hätt fir de Verkéier ofzebremsen a wollt dowéinst d'Motioun net matstëmmen.

An där zweeter Motioun ass et drëms gaangen déi "Fräiwëlleg 30"-Zonen zu Ierpeldeng no an no an obligatorescher ëmzewandelen. Dëst och fir datt et net zwou verschidden 30er Zonë ginn déi fir Confusioun suerge kënnen. Doriwwer eraus wollt den Giovanni fir jeweils d'Schoulrentrée d'Stroosse ronderëm d'Primärschoul an 30er Zonen ëmänneren.
Hei huet de Schäfferot drop higewisen, datt obligatoresch 30er Zonen eng ganz Rei vu baulesche Moossnamen musse virweisen, an een dat dowéinst aktuell net wéilt ugoen. Och dës Motioun gouf net gestëmmt.

D'Diskussiounen nolauschtere kënnt der hei: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2026/04/260325-Motiounen-Verkeiersberouegung.mp3

04/04/2026

✉ D'Gläichberechtegung am Bréifverkéier huet et schwéier

Déi lescht Woch hat eis Ettelbrécker Gemengeréitin Svenja Birchen nogefrot, wéi dat mat der sougenanntener "Personne de référence" op der Gemeng gehändelt gëtt. Et haten sech nämlech an de Woche virdrun e puer Frae bei eis driwwer beschwéiert, datt d'Gemeng Bréiwer just un hir Männer adresséiert hat, déi Bréiwer awer fir de ganzen Haushalt geduecht waren.

An der Diskussioun huet de Buergermeeschter drop higewisen, datt op d'mannst 99 Gemengen hei am Land mat der "Personne de référence" schaffen a si do och net vill anescht maache kënnen, well den informatesche Programm näischt aneres zouléisst. Gläichzäiteg huet de Buergermeeschter awer och duerchblécke gelooss, datt hien de Problem net esou ganz versteet. Dofir hu mer him deen hei nach eng Kéier opgeschriwwen. Dat vun him proposéierten Ännere vun der "Personne de référence" stellt an deem Sënn och keng wierklech Léisung duer, well dann awer nëmmen eng Persoun aus dem Haushalt ugeschriwwe gëtt an net richtegerweis déi ganz Famill déi do wunnt.

Déi komplett Diskussioun kënnt der iech hei ulauschteren: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2026/03/260323-Fro-Referenz.mp3

02/04/2026

🌼Réckbléck op den Ierpeldenger Gemengerot vum 25. Mäerz (1/2)

Den Giovanni Ferigo hat am Gemengerot déi lescht Woch eng Interventioun zu e puer Themen. Sou huet hien dem Schäfferot d'Propose gemaach, datt d'Gemeng mat enger Rei Gréngflächen beim Projet "Méi net am Mee" sollt matmaache fir Insekten a ganz besonnesch Bestäuber wéi Beien ze schützen. De Buergermeeschter huet déi Iddi ganz positiv opgeholl.
Doriwwer eraus huet de Giovanni nach eng Kéier en Opruff un de Schäfferot gemaach fir de Plang vun enger Gasheizung am geplangten neien Atelier ze iwwerdenken. Déi aktuell Situatioun am Noen Oste weist nämlech, datt mer eis Ofhängegkeete reduzéiere mussen. Heirobber gouf et keng Reaktioun.

Déi komplett Interventioun, ë.a. mat der Fro wou als nächst d'Stroosseluuchten op LED ëmgestallt ginn a fir ee Bilan financier zu den neie soziale Wunnengen ze kréie kann een hei nolauschteren: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2026/04/260325-Interventioun-Giovanni.mp3

Photos from Déi Gréng Nordstad's post 23/03/2026

🏃 Déi Nordstädter Gréng waren de Weekend ë.a. um Relais pour la vie an der Coque ënnerwee

22/03/2026

✉ Muer um Ettelbrécker Gemengerot geet et ëm Gläichberechtegung am kommunale Bréifverkéier

De leschte Mount huet d'Gemeng wéinst de Parkvignetten den Haushalter Bréiwer geschéckt. Doropshin hu sech bei eis eng Rei Biergerinne gemellt, déi et net an der Rei fonnt hunn, datt dee Bréif just un hire jeweilege Mann adresséiert war, obwuel dat si genau sou vill ugeet.
An enger éischter Reaktioun hat d'Gemeng de betraffene Biergerinne gesot, datt dat um Konzept vun der "Personne de référence" géing leien, an datt dat déi Persoun wier, déi den Haushalt op d'Gemeng umelle komm ass. An engem eis bekannte Fall hätt dann awer de Bréif un d'Fra missen adresséiert ginn, wat awer net geschitt ass.

Mir froen also mol no.

De gesamten Ordre du jour vum Gemengerot, ewéi och eis Fro a Schrëftform fannt dir wéi gewinnt an de Kommentarer.

12/03/2026

Flott war et um Kongress! 🌻

Photos from Déi Gréng Nordstad's post 08/03/2026

🌻 Gëschter hate mer gréngen Nationalkongress zu Dikrech

Merci allen déi de Wee op Dikrech fonnt an déi di lescht zwee Deeg eis gehollef hunn dat iwwer d'Bün ze bréngen!

Bis déi nächste Kéier! 💚

27/02/2026

🎆 Gréisser Diskussiounen ëm d'Freedefeier op Silvester zu Ierpeldeng-Sauer

Ee Méindeg war zu Ierpeldeng Gemengerot, an och wann eise Vertrieder den Giovanni Ferigo selwer net konnt do sinn, huet seng Fro zum Freedefeier fir e puer Diskussioune gesuergt.
De Schäfferot hat leschte Silvester nees fir d'éischt deene Leit eng Erlabnis zum Ofschéisse vu Freedefeier ausgestallt déi och eng ugefrot hunn. Den Giovanni wollt dowéinst ë.a. wëssen, ob een d'Nopere vun deene Leit gefrot oder informéiert hätt, oder wouhir d'Leit soss wësse kéinten wien dierft schéissen a wien net. D'Äntwerte vum Schäfferot waren, datt ee keen extra informéiert hätt, och keng Baueren déi eventuell an der Géigend hir Ställ hätten. Doropshin ass d'Diskussioun pro a contra Freedefeier um Gemengerotsdësch lassgaangen mat de bekannten Argumenter. D'Conclusioun war, datt ee kuckt fir eng gemeinsam Positioun fir d'nächst Joer ze fannen.

Déi ganz Diskussioun zu dëser an den anere Froen déi den Giovanni Ferigo agereecht hat, kann een hei nolauschteren: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2026/02/260223-Froen-Ierpeldeng.mp3

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

https://dikrich.greng.lu/

Adresse

Luxembourg