LSAP Diddelenger Sozialisten

LSAP Diddelenger Sozialisten

Partager

Dëst ass d'Facebook-Säit vun der Diddelenger LSAP-Sektioun. Zil ass et fir den Austausch mat den diddelenger Bierger a Bierginnen ze vereinfachen.

Dëst ass d'Facebook-Säit vun der diddelenger LSAP-Sektioun, déi 2013 online goung fir eiser Sektioun och eng Stëmm op enger vun de bekanntesten a beschtbesichsten Social media-Plattformen vun der Welt, dem Facebook, ze ginn. Dofir schreift eis roueg op eis Mauer, schéckt eis ee Message op Facebook oder einfach een Email un [email protected] schécken.

Photos from LSAP Diddelenger Sozialisten's post 01/06/2026

𝗜𝗻𝗮𝘂𝗴𝘂𝗿𝗮𝘁𝗶𝗼𝗻 𝗧𝗲𝗻𝗻𝗶𝘀 𝗕𝗼𝗴𝗲𝗻𝗵𝗮𝗹𝗹𝗲 🎾

De Mëtteg ass d’Tennis Bogenhalle offiziell ageweit ginn. Wärend den Ëmbauaarbechte vum Stade J.-F. Kennedy bitt des Hal de Spiller d’Méiglechkeet iwwerdaacht Tennis ze spillen, ouni dem Wieder ausgesat ze sinn ⛈️
Een Invest an eis Veräiner, eis Benevoler an an eis Sportsstad Diddeleng 🎾🏀⚽️🏐

25/05/2026

🌿 Fir eng Stad, an där Natur, Klima a Liewensqualitéit zesummepassen

Am Gemengerot goufen d’lescht Woch wichteg Schrëtt am Kader vum Naturpakt an dem Klimapakt behandelt.

🌳 méi eenheemesch a standuertgerecht Plantatiounen
🌱 Urban Gardening a Biergerbedeelegung
🦇 manner Liichtverschmotzung fir Insekten a Fliedermais
🌾 naturnoen Entretien vu Feldweeër, Hecken an Accotementer
💧 méi staark Zesummenaarbecht am Beräich Waasser a Baachen
🌲 méi resilient Gemengebëscher
⚡ konkret Klimaziler, Energieeffizienz an erneierbar Energien
🚲 Mobilitéit, Waasser, Ressourcen a Gréngflächen zesummendenken

Diddeleng huet am Klima- an Ëmweltberäich schonn eng laang Geschicht: zanter 1994 am internationale Klimabündnis, zanter 2004 am Klimabündnis Lëtzebuerg, zanter 2013 am Klimapakt an zanter 2018 beim Covenant of Mayors.

Fir eis als LSAP Diddeleng ass kloer: Klimaschutz an Naturschutz sinn net nëmmen Ëmweltfroen. Si sinn och Froen vu Liewensqualitéit, Gesondheet, sozialer Gerechtegkeet an enger gudder Entwécklung vun all eise Quartieren.

Eis Ambitioun bleift, weider ze wuessen an Natur- a Klimapolitik nach méi fest an der kommunaler Praxis ze verankeren. 🌱

Photos from Ministère des Affaires intérieures's post 18/05/2026

E wichtegen Invest an d’Zukunft vun eise Kanner 🏫 📚

12/05/2026

Réckbléck op eisen éischten Afterwork vun der Saison 😎☀️🥂

Du hues dëst Event verpasst? Kee Probleem! Et wäert bestëmmt eng weider Editioun vum Afterwork mat der LSAP ginn 🙌

E grousse Merci u jiddereen, deen laanscht komm ass. Dir waart einfach super ❤️🙏🌹

Photos from Radio Dudelange's post 10/05/2026
Photos from LSAP Diddelenger Sozialisten's post 09/05/2026

🇪🇺Afterwork an der Wäinstuff zu Diddeleng🍷🍻🥂🌭✨

Et war e wierklech gelongenen Owend mat enger flotter Stëmmung an enger immens angeneemer Atmosphär. Et huet einfach alles gepasst – d’Wieder, de Wäin an natierlech d’Grillwurschten ☀️😎

Du hues dëst Event verpasst? Kee Probleem! Et wäert bestëmmt eng weider Editioun vum Afterwork mat der LSAP ginn 🙌

E grousse Merci u jiddereen, deen laanscht komm ass ❤️🙏🌹

07/05/2026

Diddelenger Frënn, eng Rubbarbstaart, an de läschte Beschass 🤫😉 Entdeckt den Diddelenger Wochemaart mam Mars a mam Dan 🍓🥕🥐

06/05/2026

Muer um 10 Auer bei eis um Maart 🌹

Aarbechtszäiten, Mindestloun, Jobsécherheet, Digitalisatioun...

Deng Meenung zielt! Komm en Donneschden de Moien op den Diddelenger Maart, an diskutéier mat eis iwwer d'Zukunft vun der Aarbecht.📣
Well d'Zukunft vun der Aarbecht ass keen Zoufall - et ass eng politesch Decisioun, a mir gestalten se elo!

Temps de travail, salaire social minimum, sécurité de l'emploi, numérisation...

Ton avis nous intéresse! Rejoins-nous ce jeudi matin au marché de Dudelange pour partager tes idées sur l'avenir du travail.📣
Car l'avenir du travail n'est pas un hasard – il s’agit d’une décision politique, que nous devons façonner dès maintenant!

Photos from LSAP Diddelenger Sozialisten's post 13/02/2026

E gutt gefëllte Gemengerot stoung haut um Programm 📑

Nieft der Virstellung vum Plan plurianuell de financement hu mir weider a 𝗯𝗲𝘇𝘂𝗲𝗹𝗯𝗮𝗿𝗲 𝗪𝘂𝗻𝗻𝗿𝗮𝘂𝗺 investéiert. De Projet Echerdahl schaaft 5 nei Wunnunitéiten a bitt Plaz fir bis zu 26 Awunner. Deel vum Projet ass och een Tiny House, deen de Bauterrain soumadder ideal notzt an op innovativ Wunnarte setzt 🏘️

Donieft hu mir en 𝗻𝗲𝗶𝗲 𝗦𝘂𝗯𝘀𝗶𝗱𝗲 virgestallt fir Kanner a prekäre Situatiounen den Zougang zum Sport ze vereinfachen. Eng weider sozial Mesure déi d'Integratioun an de Sport vun alle Gesellschaftsschichte fërdert. 🎽🏀⚽️

Photos from LSAP Diddelenger Sozialisten's post 11/02/2026

🌹 𝗦𝘂̈𝗱𝗸𝗼𝗻𝗴𝗿𝗲𝘀𝘀
Réckbléck op de Südkongress wou mir eis zwee Delegéiert Fabienne Dimmer a Walter Berettini hunn dierfe fir Diddeleng an de Comité wielen 🗳 🙌

📸 Marc Lazzarini

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg