déi gréng Luerenzweiler

déi gréng Luerenzweiler

Partager

déi gréng Luerenzweiler Des ass d'Facebook Sait vun de gréngen, Sektioun Luerenzweiler. D'Sektioun Luerenzweiler besteet seit 2011. All Uregunge si wellkomm.

Am Oktober 2011 sinn mir déi 1. Keier mat an d'Gemengewahlen gaangen an hunn e ganz gudd Resultat gemat; 2 vun onsen Leit, d'Carole Ney ép. Prim an de Claude Jegen sinn an de Gemengerot erangewielt ginn. Ons Ziel ass et, eng gudd a konstruktiv Oppositiounsarbecht ze machen. Dir kennt gär mat ons a Kontakt trieden.

06/05/2026

Grénge Mëttwoch

Haut um 19h30 beim Paula (Café des Sports)

Photos from déi gréng Luerenzweiler's post 25/04/2026

Emmer erem gäeren dobai - d‘Grouss Botz an der Gemeng Luerenzweiler Merci jidferengem deen och erem dest Joer dobai war 🫶☀️♻️🚮🗑️🚯🍻🥂🌻

05/04/2026

Déi gréng Luerenzweiler wënschen schéin Ouschtern

Photos from déi gréng Luerenzweiler's post 30/03/2026

Hei eng weider Ufro un de Schäfferot, déi mir den 11. Mäerz agereecht hunn. Am Gemengerot hu mir keng Äntwert kritt.
Laut Gemengegesetz ass de Schäfferot verflicht, spéitstens no engem Mount schrëftlech ze äntweren, wann dat net am Gemengerot geschitt.
Mir waarden nach ëmmer op eng Reaktioun…

19/03/2026

Mir hunn am leschte Gemengerot 6 Froe gestallt. An de nächsten Deeg wëlle mir dës no an no op eiser FB Säit presenteieren.

Haut fänke mir u mat der Medicis-Affär.

Als éischt déi gutt Noriicht:
No ganzen 10 Méint hunn den aktuelle wéi och de viregte Schäfferot endlech de Montant vun hirer Zousazkrankekeess Versécherung un d’Gemeng rembourséiert.. Mir begréissen dëse Schrëtt.

Mee loosse mir kloer sinn: Dat ass net aus eegener Initiative geschitt.

Et war den Drock vun der Oppositioun, deen hei gewierkt huet:
– 3 Ufroen, fir dëst Thema ëmmer nees op den Ordre du jour ze setzen
– e gemeinsame Flyer mat der DP
– an eng Rei Artikelen an der Press (Lëtzebuerger Wort, 100,7 an RTL)

All dës Schrëtt hunn dozou bäigedroen, datt sech endlech eppes beweegt huet.

Datt d’Buergermeeschtesch eis elo reprochéiert, mir hätten hinne keng Zäit gelooss a wieren direkt un d’Press gaangen, kënne mir esou net stoe loossen.

Mir hunn der Majoritéit vu Mee 2025 bis September 2025 Zäit ginn, fir ze handelen – leider ouni Resultat. Eréischt dono si mir un d´Ëffentlechkeet gaangen.

Ugespéngelt fannt dir d´Ufro un de Schäfferot.

16/03/2026
Photos from déi gréng Luerenzweiler's post 16/03/2026

‼️Muer ass um 17h GEMENGEROT.
✅Mir hunn am ganzen 6️⃣Froen op den Ordre du jour setze geloos. ( 2x CSV DP GRENG; 3x GRENG DP; 1x GRENG)
Kommt laanscht lauschteren a maacht iech selwer e Bild. 🌻
💚💙🧡

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg