Piraten Gemeng Stengefort

Piraten Gemeng Stengefort

Partager

Lëtzebuerg: modern & fair fir jiddereen #Lëscht1

06/05/2026
06/05/2026

Den Index wäert am Juni falen, et dierf awer net Tripartite benotzt gi fir en ausfalen ze loossen.

27/04/2026

🦫 Nutria zu Lëtzebuerg – Déiereschutz muss Prioritéit hunn.

🦫Dës Déieren goufen viru laanger Zäit importéiert a sinn haut Deel vun eiser Natur. Ee mënschegemaachte Problem. Elo ginn dës Déieren agefaangen.

An duerno? Mir wëlle wëssen, ob d'ANF se dout mécht. 💀

❗ Dat wier fir eis net akzeptabel.

⚓🌱 Ëmweltmanagement däerf net automatesch heeschen, Déieren ze eliminéieren. Et brauch Léisungen, déi d’Liewe respektéieren.

Mir kënnen d’Ausbreedung reguléieren, ouni systematesch Déieren ëmzebréngen.
💜D’Piraten setzen sech fir eng Politik an, déi Déiereschutz eescht hëlt an no Alternativen sicht, amplaz op Doud ze setzen.


RTL-Tribune libre: D’Paula Couto an de Raymond Remakel iwwer Fraerechter - PIRATEN 10/02/2025

Wann et ëm d’Fraerechter geet, si mir Piraten der Meenung dass et hei zu Lëtzebuerg Nohuelbedarf gëtt, besonnesch bei der Ofdreiwung. ☝🏻

RTL-Tribune libre: D’Paula Couto an de Raymond Remakel iwwer Fraerechter - PIRATEN Wann et ëm d’Fraerechter geet, si mir Piraten der Meenung dass et hei zu Lëtzebuerg Nohuelbedarf gëtt, besonnesch bei der Ofdreiwung. D’Piratepartei steet fir de Prinzip vun der fräier Selbstbestëmmung… Continue reading RTL-Tribune libre: D’Paula Couto an de Raymond Remakel iwwer Fraere...

10/02/2025

D’Tageblatt huet haut an engem Artikel dat bestätegt, woufir mir Piraten zënter Jore warnen:
Den ëffentleche Bussyndikat TICE gëtt lues a lues ofgebaut. 👎🏻
De Syndicat mixte mam Staat ass de nächste Schrëtt zu engem Ofbau vum TICE. An der Chamber sti mir weiderhin zu eiser Fuerderung, dass een dem TICE mindestens esou vill Budget, zu de selwechte Konditiounen, zougesteet wéi den CFL-Buslinnen! ☝🏻
An de kommende Woche wäerte mir Piraten souwuel an der Chamber wéi an de betraffene Gemengeréit Käl/Téiteng, Suessem a Péiteng weider fir den Erhalt vum TICE kämpfen. 💪🏻

07/02/2025

Virgëschter hunn d’Majoritéitsparteien an der zoustänneger Chamberskommissiounfir manner Matbestëmmung fir d’Leit an eiser Gesellschaft gestëmmt!

De Marc Goergen huet iwwer Wochen an den Diskussioune vehement fir eng Vereinfachungplädéiert an dofir gëschter och mat Nee gestëmmt! Matbestëmmung ass e wichtegt Element an eiser Gesellschaft, et beräichert de politeschen Debat an hëlleft eis wichteg an informéiert Decisiounen ze huelen.

23/01/2025

Kee soll géint säi Wëllen an de Krich geschéckt ginn!

Am Dezember huet den Deputéierten Marc Goergen eng Motioun mat an d’Chamber geholl, fir sécherzestellen, dass keen obligatoresche Militärdéngscht zu Lëtzebuerg agefouert gëtt. ☝🏻

CSV/DP huet agelenkt, esou dass et KEEN obligatoreschen Militärdéngscht wäert ginn.

22/01/2025

D'Pirate positionéieren sech kloer géint en obligatoresche Militärdéngscht (Wehrpflicht)!

Kee Lëtzebuerger soll gezwonge ginn an d'Arméi mussen ze goen. ❌

Verbessert d’Konditiounen a maacht de Beruff méi attraktiv, mee loosst de Leit de fräie Choix. 👍🏻

Diskriminéierung vu Fraen an der kathoulescher Kierch - PIRATEN 21/01/2025

2019 hat de lëtzebuergesche Weibëschof ausgeschloss, dass Fraen an der kathoulescher Kierch kéinte Paschtouer ginn. 👩🏼⛪️

Dës ass bis haut nach d’Positioun vun der kathoulescher Kierch.

Wäert d’kathoulesch Kierch weiderhi Frae kënnen op Basis vun der Reliounsfräiheet diskriminéieren?

Diskriminéierung vu Fraen an der kathoulescher Kierch - PIRATEN 2019 hat de lëtzebuergesche Weibëschof ausgeschloss, dass Fraen an der kathoulescher Kierch kéinte Paschtouer ginn. Dës ass bis haut nach d’Positioun vun der kathoulescher Kierch. An der Äntwert op d’parlamentaresch… Continue reading Diskriminéierung vu Fraen an der kathoulescher Kierch

16/01/2025

⚓️ Besser Gemengeservicer fir de Bierger!
D’Piraten hu sech dofir mat der FGFC ausgetosch, fir ze kucken, wéi een d’Aarbechtsbedingungen vum Personal an de Gemengen verbessere kann! 👍🏻

Bezéihungen tëschent dem Staat a SpaceX - PIRATEN 09/01/2025

D’Verdeedegungsministesch huet bestätegt, dass et eng Geschäftsbezéihung tëschent dem Lëtzebuerger Staat an der Satellitefirma SpaceX vum Multimilliardär Elon Musk gëtt.

An de vergaangene Méint huet de Besëtzer vu SpaceX an zukünftege Minister ënnert der Trump-Regierung sech immens an den däitsche Walkampf agemëscht.

Wäert d’Lëtzebuerger Regierung weiderhin neutral op d’Firma SpaceX setzen an hei Milliounen bezuelen, wëssend, dass den Proprietär vun der Firma sech oppen an d’Walen vun europäesche Partnerstaaten amëscht an extrem Positiounen vertrëtt?

Bezéihungen tëschent dem Staat a SpaceX - PIRATEN Et ass gewosst, dass d’Firma SpaceX vum Multimilliardär Elon Musk Geschäftsbezéihungen mat der US-amerikanescher Defense huet. An de leschte Wochen huet de Besëtzer vu SpaceX sech immens an den US-amerikanesche… Continue reading Bezéihungen tëschent dem Staat a SpaceX

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg