03/06/2026
đ±đș
DâSchiferindustrie vun Uewermaartel blĂ©ckt op eng laang Geschicht zerĂ©ck a war bis 1986 aktiv. Schonns am 18. Joerhonnert gouf hei Schifer Ă«nnerierdesch ofgebaut, am Ufank a klenge Familljebetriber. Enn 19. Joerhonnert hunn 2 Bridder aus Frankfurt am Main dâLeekollen opkaf an dorauser eng vun de grĂ©issten Industrien am Land geschaf. Den HaaptsĂ«tz vun hirer Firma âGebrĂŒder Rother Dachschieferwerkeâ war zu Uewermaartel. Nieft den Industriegebaier gouf och eng Cantine, Aarbechterhaiser, dâAdministratioun an Atelieren gebaut. Donieft hat de Patron och sĂ€i WunnsĂ«tz um Site, wat fir dĂ©i ZĂ€it net aussergewĂ©inlech war.
âDâVilla Rotherâ, sou wĂ©i mir se haut kennen, huet net Ă«mmer sou ausgesinn. Am Urkadaster vun 1824 lĂ©ist sech schonn eng mĂ©i kleng Struktur erkennen, dĂ©i am 19. Joerhonnert erweidert gouf. 1898 kĂ«nnt dâWunnhaus an de BesĂ«tz vun de Bridder Rother, dĂ©i et zu enger eleganter Villa mat Wantergaart ausbauen. 1938 kritt dâVilla eng Etage mĂ©i a gĂ«tt modernisĂ©iert. DâPlĂ€ng vum Ămbau si vum bekannte LĂ«tzebuerger Architekt Nicolas Schmit-Noesen.
Den INPA ass als BauhĂ€r fir dâRestauratioun responsabel a huet zesumme mam SchiefermusĂ©e, Architekt a ScĂ©nograph geplangt, wat an dat representatiivt Gebai komme soll. De Rez-de-chaussĂ©e gĂ«tt fir de Public opgemaach a weist dâGeschicht vun der Famill Rother, hirem Hauspersonal an dem Gebai, souwĂ©i historesch Fotoe vun 1900â1950 aus der Collectioun Nic. Molitor. DĂ©i 1. Etage gĂ«tt als Dokumentatiounszenter an Archiv genotzt. Eng weider Etage steet de Benevole vun de FrĂ«nn vun der Lee zur VerfĂŒgung, dĂ©i nach aktiv hei schaffen an e grousse VerdĂ©ngscht drun hunn, dass dĂ«sen historesche Site haut nach authentesch erhalen ass.
MusĂ©e de l'Ardoise, Haut-Martelange Centre national de l'audiovisuel (CNA) Visit Ăislek Visit Luxembourg
Photos: Bohumil Kostohryz; Doris Thilmany; Patrick Diederich
28/05/2026
đ±đș
Haut presentéiere mir iech eis Annexe um RousegÀertchen: 7, rue du Plébiscite, L-2341 Lëtzebuerg.
De Service de lâinventaire an de Service didactique et de communication hunn hei hir BĂŒroen. Ausserdeem fannen hei eis Konferenzen, wĂ©i eis âINPA talksâ, pĂ€dagogesch Atelieren an aner Eventer statt.
Mir freeën eis, iech an Zukunft um RousegÀertchen begréissen ze kënnen!
21/05/2026
đ©đȘ
Im malerischen Eischtal, dem âTal der sieben Schlösserâ, liegt mit Marienthal eines der Ă€ltesten Klöster Luxemburgs. GegrĂŒndet 1232 als Dominikanerinnenkloster, entwickelte sich die Anlage dank adliger UnterstĂŒtzung zu einem bedeutenden religiösen und kulturellen Zentrum. Die Priorin Yolanda von Vianden prĂ€gte diese BlĂŒtezeit, die mit der Weihe der gotischen Klosterkirche 1296 ihren Höhepunkt erreichte.
Nach der Auflösung 1783 folgten Verfall, Umbauten und vielfĂ€ltige Nutzungen, darunter durch die âWeiĂen VĂ€terâ sowie als Erziehungs- und BildungsstĂ€tte. Diese wechselvolle Geschichte spiegelt sich bis heute im Baubestand wider. Die Anlage vereint historische GebĂ€ude wie das barocke Marienhaus und das klassizistische Dormitorium mit spĂ€teren ErgĂ€nzungen und bildet, eingebettet in die Landschaft des Eischtals, ein auĂergewöhnliches Ensemble aus Natur und Architektur im Sinne eines âSite mixteâ.
---
Seit 2016 wird im GroĂherzogtum Luxemburg eine wissenschaftliche Inventarisierung des gebauten Kulturerbes durchgefĂŒhrt. Das Institut national pour le patrimoine architectural - INPA hat seither zahlreiche Gemeinden erfasst und in der Publikationsreihe âInventar der Baukultur im GroĂherzogtum Luxemburgâ dokumentiert. Verantwortlich dafĂŒr ist der Service de lâinventaire im INPA. Ein interdisziplinĂ€res Team aus Fachleuten der Architektur und Kunstgeschichte dokumentiert und analysiert systematisch das bauliche Erbe. Auf dieser Grundlage entsteht ein Inventar schĂŒtzenswerter Bauwerke, das im öffentlichen Interesse und innerhalb eines klar definierten gesetzlichen Rahmens erstellt wird. Ziel ist es, bedeutende GebĂ€ude und StĂ€tten langfristig zu bewahren und gemeinsam mit EigentĂŒmer*innen und Gemeinden ein nachhaltiges Bewusstsein fĂŒr das gebaute Kulturerbe zu fördern.
Heute und in den kommenden Wochen werden ausgewĂ€hlte Objekte vorgestellt â beginnend mit dem Kloster Marienthal in der Gemeinde Helperknapp.
08/05/2026
đ±đș E RĂ©ckblĂ©ck op eis pĂ€dagogesch Atelieren đ°đ§±
De 5. a 6. Mee hate mir dĂ©i grouss Freed, zwou Schoulklassen aus dem Cycle 2 an aus dem Cycle 4 an eiser Annexe um RousegĂ€ertchen ze begrĂ©issen. Am Kader vun eisen pĂ€dagogeschen AktivitĂ©ite hu mir zesumme mat bricks4kidz Luxembourg zwee Atelieren organisĂ©iert, mam Zil dâ Kanner op eng spilleresch Aart a Weis fir eise Patrimoine ze sensibilisĂ©ieren an ze begeeschteren.
âą Mat LEGOÂźïž-Steng hu si a Gruppen Monumenter an historesch Gebaier aus LĂ«tzebuerg explorĂ©iert an nogebaut
âą DobĂ€i hu si vill iwwer dâArchitektur an dâGeschicht gelĂ©iert â vum MĂ«ttelalter bis zur industrieller Revolutioun
Eng flott ManĂ©ier bei dĂ€r dâ Kanner duerch KreativitĂ©it, Observatioun an Teamwork eise Patrimoine ganz nei konnten entdecken.
30/04/2026
đ±đș
DâmĂ«ttelalterlech Buerg vu Beefort gouf a vĂ©ier verschidde Phase gebaut. DĂ©i Ă©ischt Ernimmung geet zrĂ©ck op dâJoer 1050. TĂ«schent 1050 a 1650 gouf de Site Ă«mmer erĂ«m Ă«mgebautan erweidert, bis de Baron Jean de Beck, Gouverneur vun der Festung LĂ«tzebuerg,de Site 1639 keeft a beschlĂ©isst, sech en neit Schlass am Stil vun der Renaissance um Plateau iwwert der mĂ«ttelalterlecher Buerg ze bauen. DĂ«st Schlass gĂ«tt 1649 no 6 Joer BauzĂ€it fĂ€erdeg gestallt, allerdĂ©ngs net sou wĂ©i de Baron Jean de Beck sech dat virgestallt huet. DĂ«se stierft nĂ€mlech 1648 an et ass sĂ€i Jong deen de Chantier vum Schlass ofwĂ©ckelt. Wisou net alles fĂ€erdeggestallt ginn ass, kĂ«nne mir haut just vermuten. Et deit awer villes drop hin, dat Suen an enger onsĂ©cherer ZĂ€it gefeelt hunn. Mir wĂ«ssen haut, dass dâSchlass ursprĂ©nglech als Wunnresidenz vum Baron geplangt war, dĂ«st an engem reprĂ€sentativen Erscheinungsbild, wat fir den Adel an dĂ€r ZĂ€it de normale Standard war. Als Referenz fir sĂ€i Schlass zu Beefort, huet de Baron Jean de Beck sech ouni Zweifel um Mansfeldschlass a Clausen orientĂ©iert. Well dâSchlass awer nĂ«mmen zu engem Deel als Residenz fĂ€erdeg gebaut ginn ass, sinn dĂ©i aner Fligelen, nach wĂ€rend der Bauphase, an eng aner Funktioun Ă«mgewandelt ginn: StĂ€ll fir BĂ©ischten a KasĂ€re fir Zaldoten.
De LĂ«tzebuerger Staat ass haut ProprietĂ€r vun der Buerg a vum Schlass, an den INPA ass zoustĂ€nneg fir all Bauaarbechten. Aktuell lafen och verschidde Chantierâen um Site vun der Buerg an dem Renaissanceschlass Beefort. Nieft ConsolidĂ©ierungsaarbechte vun de Maueren an der Buerg an am Schlass, enger neier Heizung mat den dozou gehĂ©iere Kanal- a RĂ©seauxaarbechten, ass den INPA zĂ«nter 2024 amgaangen dâDiecher vum Nord, Ost- a Westfligel vum Renaissanceschlass nei ze maachen. DĂ«s Aarbechte ginn dĂ«st Joer ofgeschloss.
Haut zielt de Site des ChĂąteaux de Beaufort mat 40.000 Visiteuren dâJoer zu de meeschtbesichte Buergen am Land. DâGerance an dâBespillung vum kulturellen an touristesche Volet mĂ©cht de Centre des Monuments du Grand-DuchĂ© de Luxembourg
Copyright Foto Loftopnam: Seyler
28/04/2026
đ±đș
Mir invitéieren Iech ganz hÀerzlech op déi éischt Editioun vun eiser Konferenzrei INPA talks mat Presentatiounen an Diskussiounen ronderëm de Lëtzebuerger Patrimoine.
De Programm:
đ
04. Juni um 18h30: âLĂ«tzebuerg â e Buergeland?â mam Michel Margue
đ
10. Juni um 18h30: âHandel, Wandel, Patrimoine?â mam Robert L. Philippart
đ
02. Juli um 18h30: âBauanalyse â Grundlage jeder Restaurierungâ mam Thomas Lutgen.
đ Wou? INPA, Annexe um RousegĂ€ertchen - 7, rue du PlĂ©biscite, L-2341 LĂ«tzebuerg
Umeldung: Schéckt eng E-Mail mam Titel vum Virtrag un [email protected]
Mir freeën eis op Iech!
23/04/2026
đ Den 22. AbrĂ«ll 2026 hu sech den Direkter vum Institut national pour le patrimoine architectural - INPA, den HĂ€r Patrick Sanavia, mam SchĂ€fferot vun der Gemeng CliĂ€rref gesinn. Den Austausch huet sech basĂ©iert op dĂ©i aktuell Projeten, d'KlĂ€rung vun nach oppe Froen an d'gemeinsam Koordinatioun vun de nĂ€chsten SchrĂ«tt fir dĂ©i zukĂŒnfteg geplangte Moossnamen.
----------------------
đ Le 22 avril 2026, le directeur de l'Institut national du patrimoine architectural (INPA), M. Patrick Sanavia, a rencontrĂ© le collĂšge des bourgmestre et Ă©chevins de la commune de Clervaux. La discussion a principalement portĂ© sur les projets en cours, la clarification des questions en suspens ainsi que la coordination des prochaines Ă©tapes concernant les mesures prĂ©vues.