Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture

Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture

Partager

Plateforme d'information sur les sujets de l'agriculture, de l'alimentation et de la viticulture. Och kommerziell Inhalter ginn direkt geläscht.

Mir weisen drop hin, datt diskriminéirend Commentairen op dëser Säit net toleréiert ginn. Dofir fuerdere mir d'Visiteure vun dëser Säit op, fir all auslännerfeindlech, rassistesch, homophob, beleidegend, diffaméierend a s*xistesch Remarquen z'ënnerloossen. Dës Commentairë ginn direkt geläscht an un déi zoustänneg Autoritéite weiderginn. Dëse Site gëtt geréiert vu méindes bis freides, vun 8 Auer bi

07/06/2026

🇱🇺 Haut ass den internationalen Dag vun der Liewensmëttelsécherheet 🥗🛡 🔬 🍽️
Liewensmëttelsécherheet ass eng gemeinsam Verantwortung: Risiken erkennen, Ausbréch verhënneren a Liewensmëttel sécher maachen, dat geet just zesummen, vum landwirtschaftleche Betrib bis an d’Kichen.
Liewensmëttelsécherheet baséiert op informéierten Entscheedungen an engem korrekten Ëmgang mat Liewensmëttel.

🇫🇷 Aujourd’hui est la journée mondiale de la sécurité sanitaire des aliments 🥗🛡 🔬 🍽️
La sécurité des denrées alimentaires est une responsabilité partagée : identifier les risques, prévenir les crises et garantir des aliments sûrs est un effort collectif, depuis l’exploitation agricole jusqu’à la cuisine.
La sécurité alimentaire repose sur des décisions éclairées et des bonnes pratiques alimentaires.

🇬🇧 Today is World Food Safety Day 🥗🛡 🔬 🍽️
Food safety is a shared responsibility: identifying risks, preventing outbreaks and ensuring safe food can only be achieved together, from farm to kitchen.
Food safety relies on informed decisions and consistent, solid food practices.

Info 👉https://gd.lu/4KFzgM

Photos from Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture's post 05/06/2026

🌾 Landwirtschaftsdësch 2026: Éischt Consultatioun iwwer dat zukünftegt Agrargesetz

D'Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen, huet haut zu Gréiwemaacher Vertrieder aus der Landwirtschaft, dem Wäibau an dem Gaardebau fir den drëtte «Landwirtschaftsdësch» zesummebruecht.

Am Mëttelpunkt stoung déi éischt Consultatioun iwwert d'Virbereedung vun der gemeinsamer Agrarpolitik (PAC) no 2027 an dat zukünftegt Agrargesetz. Zil ass et, zesumme mam Secteur e Kader auszeschaffen, deen d'Resilienz vun eiser Landwirtschaft stäerkt, d'Liewensmëttelsécherheet garantéiert an eis Betriber nohalteg fir d'Zukunft opstellt.

Besonnesch diskutéiert goufen d'Ënnerstëtzung vu Familljebetriber, de Generatiounswiessel, d'Diversifikatioun vun der Produktioun an e méi geziilten Asaz vun den Agrarhëllefen.

🤝 D'Diskussioune ginn an de kommende Méint am enken Dialog mam Secteur weidergefouert.

👉méi derzou: https://gd.lu/cjGRfd

05/06/2026

🇱🇺 Kënnt Dir Aussoen ewéi „räich un Omega 3“ vertrauen? 🥜

An der EU sinn Aussoen, déi sech op d'Gesondheet oder den Nährwert vu Liewensmëttel bezéien, zougelooss, wann se op wëssenschaftleche Grondlage baséieren a verbraucherfrëndlech formuléiert sinn. Eis Kontrollen droen dozou bäi, de Risiko anzegrenzen, datt Dir duerch falsch oder iwwerdriwwen Aussoe getäuscht gitt.

🇫🇷 Les allégations nutritionnelles du type « riche en oméga 3 » sont-elles fiables ? 🥜

Dans l’UE, les allégations de santé et nutritionnelles autorisées doivent reposer sur des bases scientifiques et être compréhensibles pour les consommateurs. Nos contrôles contribuent à réduire le risque de vous laisser berner par des allégations fausses ou exagérées.

🇬🇧 Are nutrition claims such as “rich in omega‑3” reliable? 🥜

In the EU, authorized health and nutrition claims must be based on scientific evidence and be understandable for consumers. Our controls help reduce the risk of you being misled by false or exaggerated claims.

Infos 👉 https://gd.lu/b3SfRg

Photos from Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture's post 01/06/2026

D' Martine Hansen huet sech haut mat de Vertrieder vu Prolek, der Genossenschaft vu Mëllechbauere getraff, nodeems Lactalis ugekënnegt huet, d’Kontrakter mat de lëtzebuergesche Mëllechbaueren auslafen ze loossen.

D’Informatiounsversammlung haut war en éischten, wichtegen Austausch. Elo geet et drëms an den nächste Wochen, zäitno méiglech Léisungen a Pisten ze analyséieren, fir den 68 Familljebetriber eng Zukunftsperspektiv ze bidden.

01/06/2026

🇱🇺 Am Juni gëtt d’Auswiel u frëschem Uebst ëmmer méi grouss🍓Äerdbier, Hammbier an och déi éischt Kiischte 🍒 maache Loscht op Summer ☀️. Mee och Rubbarb a Spargelen hunn nach Saison 🌱. Wousst Dir, datt zu Lëtzebuerg traditionell de 24. Juni opgehale gëtt Spargelen ze stiechen? Sou kritt d’Planz genuch Zäit, fir sech bis d’nächst Saison ze erhuelen.

🇫🇷 En juin, le choix de fruits frais s’agrandit peu à peu🍓 fraises, framboises et les premières cerises 🍒 annoncent l’arrivée de l’été ☀️. La rhubarbe et les asperges sont également encore de saison 🌱. Saviez-vous qu’au Luxembourg la récolte des asperges s'arrête traditionnellement le 24 juin ? Cela permet à la plante de se régénérer jusqu’à la saison suivante.

🇬🇧 In June, the selection of fresh fruit keeps growing🍓strawberries, raspberries and the first cherries 🍒 bring a taste of summer ☀️. Rhubarb and asparagus are also still in season too 🌱. Did you know that in Luxembourg asparagus is traditionally harvested only until 24 June? This allows the plant to recover in time for the next season.

➡ Méi op regionalsaisonal.lu

28/05/2026

🌾 Méihzäit ass Zäit fir Réikitzrettung! 🦌🚜

D’Méie vum Gréngland ass eng Gefor fir Réikitzen an anert Jongwëld, déi sech am héije Gras verstoppen.
Als Bauere kënnt Dir entscheedend dozou bäidroen, fir dës Déieren ze schützen!

👉 Informéiert Iech, wéi d’Méien déiereschutzgerecht organiséiert ka ginn a frot no Ënnerstëtzung: An eisem Inventar fannt Dir Dronepiloten a Benevollen aus Ärer Géigend, déi Iech zur Säit stinn.

🔗 https://gd.lu/HVjkR
Zesumme fir eis Wëlldéieren — d’Landwirtschaft an den Déiereschutz Hand an Hand. 💚

28/05/2026

🇱🇺 Veräinsfester, Team-Events a gemittlech Grillowender am Gaart 🎉 – jo, mee w.e.g. sécher!

❌ Staark verkuelte Grillwueren?

❌ Liicht verdierflech Liewensmëttel déi stonnelaang net gekillt ginn?

❌ Gekacht Fleesch op de selwechten Teller leeën, op deem dat réit Fleesch louch?

👉 Dat muss net sinn! Dës typesch Feeler loossen sech ganz einfach vermeiden.

✅ Informéiert Iech mat eisem Guide iwwer d’Liewensmëttelsécherheet bei Fester!

💡 Manner Risiko – méi Genoss!

………………………………………………………

🇫🇷 Fêtes associatives, team-buildings et grillades conviviales dans le jardin 🎉 – oui, mais en toute sécurité !

❌ Aliments trop brûlés au barbecue ?

❌ Denrées périssables laissées des heures sans réfrigération ?

❌ Viande cuite posée sur la même assiette que la viande crue ?

👉 Cela peut être évité ! Ces erreurs courantes sont faciles à prévenir.

✅ Informez-vous grâce à notre guide sur la sécurité alimentaire lors des événements !

💡 Moins de risques – plus de plaisir !

……………………………………………………

🇬🇧 Club events, team gatherings and cosy BBQ evenings in the garden 🎉 – sure, but keep it safe!

❌ Heavily charred barbecue food?

❌ Perishable food left out for hours without refrigeration?

❌ Cooked meat placed on the same plate as raw meat?

👉 It doesn’t have to be this way! These common mistakes are easy to avoid.

✅ Check out our food safety guide for events!
💡 Less risk – more enjoyment!

Info 👉 https://gd.lu/41bSTR

28/05/2026

🇱🇺 Déi europäesch Gesetzgebung stellt sécher, datt déi 14 kennzeechnungsflichteg Allergenen däitlech op de Liewensmëttel-Labelen ugi sinn, fir datt Dir se einfach erkennt a sécher Entscheedungen treffe kënnt.

🇫🇷 Allergie alimentaire ? 🚫🥜
La législation européenne veille à ce que les 14 allergènes à déclaration obligatoire soient clairement indiqués sur les étiquettes des aliments, afin que vous puissiez facilement les identifier et faire des choix sûrs.

🇬🇧 Food allergy? 🚫🥜
European legislation ensures that the 14 allergens that must be declared are clearly indicated on food labels, so you can easily recognize them and make safe choices.

👉 https://gd.lu/6RTt9

Photos from Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture's post 26/05/2026

D’EU-Landwirtschaftsministeren hunn haut zu Bréissel iwwer den Aktiounsplang fir méi abordabelen Dünger an der 🇪🇺 diskutéiert.
D'Präisdeierecht an d'Verfügbarkeet vum Dünger hunn en direkten Afloss ob eis Liewensmëttelpräisser, d'Produktioun an d'Liewensmëttelsouveränitéit. Mëttelfristeg musse mer alles dru setzen, fir manner ofhängeg ze sinn, eis Biomass besser ze notzen, a Renure anzesetzen, sou d'Ministesch Martine Hansen.

24/05/2026

Hutt Dir jeemools doriwwer nogeduecht, wéi Planzen d'Wuelbefanne vun Ärem Kand am Alldag ënnerstëtzen? 🌱 Vum narhafte Liewensmëttel, déi se iessen, bis zur propperer Loft, déi se ootmen, ass d'Gesondheet vun de Planzen essenziell. 🥦🌬️

Maacht mat bei der Beweegung!
Zesumme kënne mir eis Planzen erhalen a méi eng gesond Zukunft fir eis Familljen an eis Ëmwelt schafen. 💚

📷(c) EFSA

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse

1, Rue De La Congrégation
Luxembourg
1352

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00