JS-Osten

JS-Osten

Partager

Dës Säit ass fir jiddereen, deen déi jonk Sozialisten aus dem Osten ënnerstëtzt.

Den 10.12.12 ass déi éischt Lokal-Sektioun vun der JSL am Osten gegrënnt ginn: d'JS-Osten.

Photos from JS-Osten's post 19/10/2025

Haut war JSO op d’Hunnefeier an hate ganz vill flott Gespréicher , ënner anerem mam CGDIS🤝🌹🇪🇺

11/03/2025

Gëschter hate mir eis Generalversammlung an der Pizzeria V‘diterranio zu Elveng, bäi Schengen!☺️

An der Exekutiv gouf et, wéi och schonn d’lescht Joer an dat Joer virdrun, e puer grouss Ännerungen.
De Marvin huet schonn no engem Joer aus beruffleche Grënn als Präsident opgehal. Hien wäert an Zukunft d’OGJ, d’Jugendabteilung vum OGBL, als Co-Responsaablen iwwerhuelen. Mir soen him villmools Merci fir seng Aarbecht a wënschen him vill Gléck op sengem weidere Wee!
Ausserdeem trëtt de Mike, no laangjäreger wonnerbarer Aarbecht fir d’JSO, aus dem Comité aus. Och him soe mir ee grousse Merci fir säin Engagement!
D’Liv iwwerhëlt ab elo d‘Präsidentschaft, de Charel bleift Sekretär an de Philipp gëtt Caissier.

Mir wëlle jidderengem villmools merci soen dee gëschter présent war fir eis ze ënnerstëtzen!😄

Eist gemeinsaamt Zil ass kloer: eng sozial, gerecht a progressiv Zukunft fir den Osten a fir Lëtzebuerg! Mir packen dat – zesummen!🌹✊🏻

Photos from LSAP's post 12/02/2025
05/02/2025

🚨📝Save-the-Date

Photos from JS-Osten's post 29/08/2024

Gëschter Owend hate mir nees eis traditionellt Iessen op der Schueberfouer!🍔🍟🎢
Wéi all Joer hu mir eis gutt amuséiert an interessant Iddien ënnerteneen ausgetosch!😃

Photos from JS-Osten's post 08/08/2024

Dëse Weekend huet de Flou-, Trödel- an Antikmaart zu Iechternach stattfonnt!😃

Wéi all Joer hu mir als Jonk Sozialisten Osten eis drëms gekëmmert, de Leit ee gudde Wupp vum Grill a lecker Fritten unzebidden🌭🍟

Fir eis ass dat eng extrem wichteg Finanzquelle an dofir soe mir dem Organisateur vum Floumaart, der LSAP Echternach villmools merci, dass mir dat ëmmer nees maachen dierfen!💪🏻🌹

Ee grousse Merci och u jiddereen deen eng Hand mat upepak huet!☺️

Hei e puer Andréck vum Weekend. Niewent dem Schaffen, hu mir eis och alleguerte prächteg amuséiert😉

Photos from JS-Osten's post 26/04/2024

Gëschter hate mir eise Meet and Greet mam Marc Angel a mam Michaela Morrisova am Medusa zu Réimech☺️🌹

An enger gemittlecher Ambiance haten d‘Leit d‘Méiglechkeet mat de Kandidate vun der LSAP fir d‘Europawalen, déi de 9. Juni stattfanne wäerten, bäi engem Patt an d‘Gespréich ze kommen😊🥂

Mir wëlle jidderengem villmools Merci soen dee gëschter présent war fir eis ze ënnerstëtzen an ee besonnesche Merci geet un de Marc Angel an un d‘Michaela Morrisova fir deen interessanten Austausch!😄💪🏻

21/03/2024

Gëschter hate mir eis Generalversammlung am Bistro Quai zu Grevenmacher☺️

An der Exekutiv gouf et e puer grouss Ännerungen. D‘Margot huet no 3 Joer aus perséinleche Grënn als Präsidentin opgehaal. Mir soen him ee grousse Merci fir seng wonnerbar Aarbecht! De Marvin iwwerhëlt ab elo d‘Präsidentschaft, de Charel ass Sekretär an de Mike ass Caissier.

Mir wëlle jidderengem villmools merci soen dee gëschter présent war fir eis ze ënnerstëtzen!😄

Elo gëllt et als jonk an dynamesch Equipe mat voller Motivatioun no vir Richtung Europawalen ze kucken!🌹💪

13/03/2024

Et ass jiddereen*t häerzlech op eis Assemblée générale agelueden!🌹

Ordre du jour:
1. Usproch vun der Presidentin, Margot Delaunois
2. Tätegkeetsbericht vum Sekretär, Mike Maraglino
3. Keesebericht
4. Bericht vun de Keeserevisor:innen
5. Unhuele vun de Berichter & Entlaaschtung vum Comité
6. Virstellung a Wal vum neie Comité an de
Keeserevisor:innen
7. Usprooche vun ausgewielte Parteifrënn:dinnen

No der AG iesse mir nach gemitterlech zesummen - mell dech heivir weg. bei eis un!

09/12/2023

Du wëlls eis (besser) kenneléieren?
Da komm mat eis den 20. Dezember op de Wantermaart an der Staat!🎄
Treffpunkt ass um 19h virun der Post um Hamilius (12a, rue Aldringen | L-1118 Luxembourg), mell dech awer w.e.g iwwert [email protected] un, fir dass mir wëssen, dass du dobäi bass. Mir freeën eis op dech🎅🏻🤶🏻

23/11/2023

Gutt 6 Wochen no de Walen, hunn sech d'Membere vun der LSAP Osten am Bistro Quai zu Gréiwemaacher versammelt, fir de Bilan vun der Walcampagne ze zéien - och d’JS-Osten war hei invitéiert. Et si flott Diskussiounen entstanen aus deene kreativ Ideeën resultéiert sinn, wéi d'LSAP Osten hirem neie Rôle an der Oppositioun an Zukunft ka gerecht ginn. Duerno gouf et nach ee Patt, an enger gemittlecher Atmosphäre, fir all de Membere fir hiren onermiddlechen Engagement wärend der Walcampagne Merci ze soen. Eng Saach steet fest: mir si prett fir den neien Challenge!🌹

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg