11/04/2026
DP - Sektioun Esch
Haut um Samsten haate mer ais éischt Comitéssëtzung no äiser Assemblée générale.
Néi Memberen sin mat derbei
Tania Quintus
Danielle Welter-Goergen
Franca Cannas
Zesummen sin mer duerno op d’Kiermes e Maufel iesse gangen.
04/04/2026
DP - Sektioun Esch as wei all Joer mat dem Ouschterhues ennerwee.
Getraff hu mer ais beim Pizza Enzo,
an déi bloo Eeër hun mer an der Uelzechtstrooss verdeelt.
💙🪺🪺💙
24/12/2025
Schéin Feierdeeg un all eis Membren a Frënn.
22/12/2025
Escher DP Sektioun wënscht iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an daat néit Joer.
Bléift gesond a monter!
20/12/2025
Eis Annonce de Moien am Wort 😥
17/12/2025
Léiwe Bridy,
du hues eis zwar drop virbereet,
an dach deet et onheemlech wéih.
Mir sinn alleguerten ganz traureg.
Mat denger Liewensfreed, dengem Laachen
an denger positiver Astellung
hues du eis zesummegehalen
a staark gemaach.
Du hues ëmmer un eis gegleeft,
och wann mir et selwer net ëmmer konnten.
Mir soen der vu ganzem Häerz Merci
fir alles, waats du eis ginn hues.
Du bleifs fir ëmmer an eisen Erënnerungen!
D’Escher DP Sektioun drëcken dem Josée, dem Tania Quintus an dem Lenny hiert deifstend Matgefill aus.
29/11/2025
Eisen Bloe Kleeschen steet erem virun der Dir.
MELLT IERCH UN ;-)
09/11/2025
Eisen éischten Quiz war e vollen Erfolleg.
An eisen Emile Zinnen kruet 83 Joer.
Happy birthday to you!
08/11/2025
Um Escher DP Quiz Owend hun mer den 83. Gebuetsdaag vun aisem Doyen dem Emile Zinnen gefeiert.