LSAP Betzdorf

LSAP Betzdorf

Partager

Wëllkomm op der Facebook Säit
vun der LSAP Sektioun Betzder

01/05/2026

De Schäffen- a Gemengerot huet déi traureg Matdeelung kritt, datt hire laangjärege Buergermeeschter Gust Stefanetti haut verscheet ass.

De Gust war vun 1982 bis 2016 Member vum Gemengerot. Vun 1985 bis 2000 war hie Schäffen, an am Joer 2000 ass de Gust Stefanetti Buergermeeschter vun eiser Gemeng ginn. 2016 huet hien aus gesondheetleche Grënn seng Demissioun misse ginn.

Am selwechte Joer huet de Gemengerot hien zum Éierebuergermeeschter vun eiser Gemeng ernannt.

Wärend 34 Joer huet hie sech mat voller Iwwerzeegung fir d’Wuel vun eiser Gemeng an hir Biergerinnen a Bierger agesat. Vill Projeten a wichteg Entwécklunge sinn an eiser Gemeng an där Zäit, besonnesch wärend senger Mandatszäit als Buergermeeschter, ëmgesat ginn.

Gust, mir soen dir Merci fir däin onermiddlechen Asaz. Rou a Fridden.

01/05/2026

D’LSAP Mäertert-Waasserbëlleg huet déi traureg Matdeelung kritt, datt hire laangjärege Buergermeeschter a Sektiounspresident, de Gust Stefanetti, haut verscheet ass.

De Gust war vun 1982 bis 2016 Member vum Gemengerot. Vun 1985 bis 2000 war hie Schäffen, an am Joer 2000 ass hien zum Buergermeeschter vun eiser Gemeng ginn. 2016 huet hien aus gesondheetleche Grënn seng Demissioun misse ginn.

Wärend 34 Joer huet hie sech mat vollem Asaz fir d’Wuel vun eiser Gemeng an hir Biergerinnen a Bierger agesat. Vill Projeten an Entwécklunge sinn an eiser Gemeng a senger Zäit als Buergermeeschter ëmgesat ginn. 2016 huet de Gemengerot de Gust zum Éierebuergermeeschter vun der Gemeng ernannt.

De Gust war zënter 1982 Member vun der LSAP an huet als Bezierkspresident an Organisationssekretär vun der LSAP vill Verantwortung iwwerholl.

Kolleg Gust, mir soen dir Merci fir däin Asaz am Numm vun eiser ganzer LSAP-Sektioun Mäertert-Waasserbëlleg.

Rou a Fridden.

Photos from LSAP Betzdorf's post 15/03/2026

Gudd besichten Generalversammlung vun der LSAP Betzder leschten Freideg❤️👍merci un eis trei Memberen déi derbei waren, a speziel dem Claire Delcourt, eiser jonker a ganz motivéierter Députéiert, fir hiere Besuch👍🌹et war nees e flotten Owend

Photos from LSAP Betzdorf's post 25/02/2026

E klenge Réckbléck vum Bezierkskongress Osten gëschter Owend zu Mäertert🌹

Photos from LSAP Betzdorf's post 18/01/2026

Zesummen um Dësch 2026🥂👍🍛🍽️☕️🍰🎂nees e vollen Succès👍❤️ Merci Iech all fir dee flotten Nomëtteg🤗

06/01/2026

De Goebbelse Rob ass net méi do. 🕊️🤍

LSAP Generalsekretär, Gemengeconseiller, Deputéierten, Staatssekretär, Minister, Europadeputéierten - de Robert Goebbels war e verdéngten LSAP Politiker, eng Perséinlechkeet déi seng Zäit markéiert huet.

De Rob ass ee vun de Päpp vum Schengener Ofkommes, huet duerchgesat datt d’Land batter néideg Infrastrukture krut, an huet, als fréiere Journalist, seng staark Meenung bis zum Schluss verdeedegt an ni gezéckt, och mol géint de Stroum ze schwammen. Mat sengem staarke Wëllen, fir déi eng ze onbequem, fir déi aner e Visionär, huet de Rob der Partei an dem Lëtzebuerger Land vill bruecht. D’LSAP huet haut ee vun hire Grousse verluer.

Senge Kanner Joanne a Gil an dem Rob senger Famill drécke mir eist Bäileed aus.

Photos from LSAP Betzdorf's post 03/01/2026

Bestëmmt ass hei dee richtege Menu fir Iech derbäi. 🍽️

Mir freeën eis elo schonn Iech op eisem Event - ZESUMMEN UM DËSCH 2026 - ze begréissen. 🥳

Reservéiert elo schonn Är Plazen. ✅

26/12/2025
05/10/2025

🇱🇺 D'LSAP wënscht alle Pappen e schéine Pappendag an eng flott Zeit mat äre Léifsten. 🤗

🇫🇷 Le LSAP souhaite à tous les papas une belle fête des pères et de beaux moments avec vos proches. 🤗

🇩🇪 Die LSAP wünscht allen Vätern einen schönen Vatertag und eine tolle Zeit mit euren Liebsten. 🤗

🇬🇧 The LSAP wishes all fathers a happy Father’s Day and a wonderful time with your loved ones. 🤗

19/05/2025

D'LSAP wënscht alle Schüler∙Inne vill Gléck fir d'Examen! 🍀📝

Die LSAP wünscht allen Schüler∙Innen viel Glück für die Abschlussprüfungen! 🍀📝

La LSAP souhaite bonne chance à tous∙tes les élèves pour les examens ! 🍀📝

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse

Luxembourg