22/04/2026
🚗 Maacher Oldtimer-Dag – 5. Editioun!
Den 25. Abrëll 2026 verwandelt sech Gréiwemaacher an eng richteg Rees an d’Autosgeschicht.
Vun 11:00 bis 18:00 Auer kënnt dir an der Foussgängerzon, op der Moartplaz, der Schiltzeplaz an um Schweinsmoart (Parking Machera) vill Oldtimer aus dem leschte Joerhonnert entdecken.
👀 Kommt laanscht a bewonnert legendär Gefierer aus verschiddene Generatiounen.
👨👩👧👦 Och fir d’Famill ass gesuergt:
🎈 Kanneranimatioun
🍔 Iessen & Gedrénks
E flotte Rendez-vous fir Autosfans, Famillen an all déi, déi Nostalgie gär hunn.
📅 25.04.2026
🕚 11:00 – 18:00
📍 Gréiwemaacher
Mir freeën eis op äre Besuch! 🚗✨
05/04/2026
D’Maacher Geschäftsleit wënschen all hire Memberen, Clienten an Frënn schéin an erhuelsam Ouschteren 🐣🌷
Genéisst déi fréi Fréijoersdeeg, d’Zäit mat Äre Léifsten an déi kleng Momenter vum Gléck. Mir soen Iech Merci fir Äert Vertrauen an Är Ënnerstëtzung!
Schéi Feierdeeg an eng flott Ouschterzäit! 🌼
Är Maacher Geschäftsleit
22/03/2026
🌸 Fréijours Shopping zu Maacher! 🌸
Moien alleguer 👋
Haut ass et esou wäit – Maacher Geschäftsleit invitéieren Iech häerzlech op eise Fréijoers Shopping vun 14:00 bis 18:00 Auer 🛍️
Kommt laanscht a genéisst eng flott Zäit an eiser schéiner Muselmetropol! Eis lokal Butteker freeën sech drop, Iech mat vill Léift a gudder Stëmmung ze empfänken 💐
👉 Ënnerstëtzt lokal
👉 Entdeckt eis Vielfalt
👉 Verbréngt e gemittlechen Nomëtteg zu Maacher
Bréngt Frënn a Famill mat a loosst Iech inspiréieren ✨
Mir freeën eis op Iech!