Jonk Demokraten Zentrum

Jonk Demokraten Zentrum

Partager

D’Jonk Demokraten Zentrum sinn Deng liberal Stëmm am Bezierk Zentrum��Gëff elo Member!

17/04/2026

Léif Frënn, Léif Alleguer👋,
De Comité vun de JD Zentrum huet d'Freed l**h op eng flott Visitt vum Post HELIX HQ op der Gare ze invitéieren! 📬

Wéini: den 18. Mee um 17:30
Wou: 38 Pl. de la Gare, 1616 Gare Luxembourg

Mellt l**h schnell, bis den 11.05 ennert
[email protected] oder
[email protected] u !
Bis geschwënn ären JD Zentrumskommitee!💙

—————-

Dear friends, dear all👋,
The JD Center Committee is pleased to invite you to an interesting visit to the Post HELIX HQ at the station! 📬

When: May 18 at 5:30 p.m.
Where: 38 Pl. de la Gare, 1616 Gare Luxembourg

Register quickly, by 11.05 at
[email protected] or
[email protected]!
See you soon, your JD Center Committee!💙

Photos from Jonk Demokraten Zentrum's post 07/02/2025

En Donneschden de Owend ware mir op den nächsten AGen an eisem Bezierk Zentrum. Dei vun der DP Bartreng a vun de Jonken Demokraten Bartréng.

D’AG vun der DP Bartreng war immens. Nieft flotte Gespreicher, engem impressionante Rapport vun hierem Comité an der Wal vun hierem neie President, gouf et och wonnerbar z’iessen.

D’Jonk Demokraten Bartreng hunn geschter op hierer AG annoncéiert, dass sie elo offiziell an d’ Jonk Demokraten Zentrum wärte verschmëlzen.

No der Annonce vun der Fusioun war eng gewesse Nostalgie am Sall ze spieren. Emmerhin waren d’Jonk Demokraten Bartreng eng historesch immens wichteg Lokalsektioun fir d’ JDL Jonk Demokraten mee och fir d’ DP - Demokratesch Partei.

Eisen Bezierkspresident, den Tom Elsey huet sech doweinst fir eis zu Wuert gemellt fir ze betounen dass Bartreng vun de Jonken net am Stëch gelooss gett, au contraire, dass mer emsou mei motiveiert sinn fir ze hellefen wou och emmer mir kenne. De Comité aus dem Zentrum huet sech dann virgestallt, fir de Lien tëscht der DP Bartréng an de Jonken Demokraten ze knäppen, deen donoo zu enger gudder Zesummenaarbescht wärt feieren!

Och de Lou Linster, eise Nationalpresident, souwei de Max Stoffel, President vun der DP Zentrum, hunn an hire Rieden kloer gemaach, dass d’Jonk Demokraten Zentrum prett sinn desen neien Challenge z’iwwerhuelen!

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg