Piratepartei Bezierk Norden

Piratepartei Bezierk Norden

Partager

Dëst ass d'Facebook-Page vum Nordbezierk vun der Piratepartei.

06/05/2026

Den Index wäert am Juni falen, et dierf awer net Tripartite benotzt gi fir en ausfalen ze loossen.

05/04/2026
10/01/2026

Mir schützen eis Baueren zu Lëtzebuerg! 🇱🇺

MERCOSUR bedeit méi Importer vu Liewensmëttel, déi net no deene selwechte Standarden produzéiert ginn wéi bei eis. Dat setzt eis landwirtschaftlech Betriber ënner massiven Drock, dréckt d’Präisser an ënnergräift regional Produktioun.

Eis Baueren hale sech u streng Reegelen bei Ëmwelt, Déiereschutz a Liewensmëttelsécherheet.

Si däerfen net géint Billigprodukter ausgespillt ginn, déi dëse Critèren net entspriechen!

Landwirtschaft ass méi wéi e Maart. Et geet ëm Versuergungssécherheet, Landschaft, Aarbechtsplazen an d’Zukunft vum ländleche Raum.

Dofir kloer a konsequent:
Mir Piraten schützen eis Baueren zu Lëtzebuerg.

Nee zu MERCOSUR!

21/02/2025

Reaktioun: Parlamentaresch Fro n°1793 iwwer d’Dokteraarbecht vun der Prinzessin Claire

D’Parteileedung vun de PIRATEN hëllt d’Berichterstattung zur Kenntnis, déi iwwert d’parlamentaresch Fro n°1793 vum Deputéierte Sven Clement iwwer d’Dokteraarbecht vun der Prinzessin Claire geschriwwe gouf.

D’Ofsiicht hannert der parlamentarescher Fro war et, fir dat gesondheetspolitescht Thema vun der Organspend ze stäerken. Am Interessi vun der ëffentlecher Gesondheetsdiskussioun wier et ze begréissen, wann esou wichteg Aarbechten am Allgemengen enger méi breeder Ëffentlechkeet zougänglech gemaach géif ginn. Fir esou dat liewenswichtegt Thema Organspenden ze promouvéieren.

D’Parteileedung wëll heimadder d’Positioun kloerstellen, dass d’Partei an eng grouss Majoritéit vu senge Membere weiderhi kloer zur lëtzebuergescher Monarchie steet an d’Legitimitéit vun der Monarchie souwéi der groussherzoglecher Famill a kengster Weis a Fro stellt.

https://piraten.lu/reaktioun-parlamentaresch-fro-n1793-iwwer-ddokteraarbecht-vun-der-prinzessin-claire/

15/02/2025
La hausse du salaire minimum est actée 17/12/2024

Marc Goergen (Parti pirate) critique que «les quelques euros seront directement enlevés aux salariés en raison de la hausse des prix de l’énergie», qui deviendra réalité en 2025.

La hausse du salaire minimum est actée

La hausse du salaire minimum est actée Il s’agit dans les faits d’une adaptation mécanique du salaire social minimum à l’évolution moyenn...

D'Piratepatei gëtt sech nei Statutten an eng nei Coordinatioun 16/12/2024

D'Piratepatei gëtt sech nei Statutten an eng nei Coordinatioun

D'Piratepatei gëtt sech nei Statutten an eng nei Coordinatioun Zu Péiteng war de Samschdeg de National Kongress vun der Piratepartei, 32 Parteimemberen hunn drun Deel geholl, Haaptuleies um Kongress war eng Ännerung vun de Statutten an de Vott iwwert eng nei Parteileedung.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg