FRO.LU

FRO.LU

Partager

FRO.LU

Wëllkomm op FRO.LU, wous Du parlamentaresch Froen proposéieren kanns.

Probleme mit den Prämien beim CGDIS 112 28/05/2026

En nei QP gouf proposeiert : Probleme mit den Prämien beim CGDIS 112 " Die Mitarbeiter des CSU 112 müssen die Prämie für ihre Reserven des Jahres 2024 jetzt zur Hälfte zurückzahlen.

Die Mitarbeiter haben im Jahr 2025 mehr Geld erhalten als 2024. Auf Nachfrage bei ihrem Vorgesetzten wurde mitgeteilt es sei erhöht worden.

2025 bekamen sie dann weniger und erkundigten sie bei der Personalabteilung.

Daraufhin, stellte Diese dann fest dass für das Jahr 2024 ein Fehler bei den Vorgesetzten in den Kalkulation bestand und sie somit das Doppelte als Normal bekamen.

Jetzt stellt sich die Frage;

Warum müssen die Mitarbeiter bezahlen, wenn der Fehler bei den Vorgesetzten lag?

Warum fiel das nicht direkt auf?

Warum wurde mitgeteilt dass es richtig sei und dann 1 Jahr danach doch falsch war?

Können die Mitarbeiter nach 1 Jahr noch verpflichtet werden es zu bezahlen obwohl Sie keinen Fehler gemacht haben?

Warum bekommen die Mitarbeiter keine Auflistung? Die Bereitschaftsprämie wird 1x im Jahr ausgezahlt, die Mitarbeiter bekommen das Geld aber keinerlei Beleg was wie gerechnet und bezahlt wird, hat also auch keine Möglichkeit das Ganze zu kontrollieren?

Kann den Mitarbeitern ein Fehler gemacht werden wenn sie nichts kontrollieren können?

Probleme mit den Prämien beim CGDIS 112 Die Mitarbeiter des CSU 112 müssen die Prämie für ihre Reserven des Jahres 2024 jetzt zur ... gemacht werden wenn sie nichts kontrollieren können?

Qualifikatioune fir Dokteren an den hospitaläre Urgencë zu Lëtzebuerg 15/05/2026

En nei QP gouf proposeiert : Qualifikatioune fir Dokteren an den hospitaläre Urgencë zu Lëtzebuerg "

E puer Reflexiounen zu den Generalisten, déi an enger Urgence schaffen.

Däerf e „médecin spécialiste en médecine générale", deen zu Lëtzebuerg autoriséiert ass ze praktizéieren, legal an enger hospitalärer Urgence schaffen, ouni zousätzlech spezifesch Ausbildung an der Noutfallmedezin?

Gëtt et eng gesetzlech oder reglementaresch Basis, déi déi minimal Qualifikatioune festleet, fir an enger Urgence schaffen ze dierfen?

Ass den Titel oder d'Funktioun vum „urgentiste" zu Lëtzebuerg reglementéiert? Falls jo:

wéi eng Qualifikatioune sinn dofir néideg;

a wat ass den Ënnerscheed tëscht:

der Aarbecht an enger hospitalärer Urgence,

an der offizieller Unerkennung als Spezialist an der Noutfallmedezin?

Wéi vill Generaliste schaffen aktuell an den Urgencë vun de Lëtzebuerger Spideeler, an insbesonner an den 4 nationale Spideeler? Wéi vill vun dëse Generaliste hunn keng spezifesch zousätzlech Formation gemaach, déi si fir d'Aarbecht an enger Urgence qualifizéiert?

Däerf e Generalist oder en Internist, deen an enger Urgence schafft, sech offiziell „urgentiste" nennen?

Plangt d'Regierung eng gesetzlech oder reglementaresch Präzisioun betreffend de Statut an d'Konditioune fir Dokteren, déi an den Urgencë schaffen?

Aussert dem mémoire d'honoraires, deen e Dokter als Leeschtungen un den Urgence-Patient verrechent, wat kritt hien zousätzlech vum Spidol vergütt fir seng Schicht an der Urgence ze maachen?

Ass all Generalist d'office fäeg, an enger Noutfallstatioun vun engem Spidol ze schaffen?

Qualifikatioune fir Dokteren an den hospitaläre Urgencë zu Lëtzebuerg E puer Reflexiounen zu den Generalisten, déi an enger Urgence schaffen. Däerf e médecin ... an enger Noutfallstatioun vun engem Spidol ze schaffen?

Impfempfehlungen, Alterskriterien an Remboursement duerch d’CNS 14/05/2026

En nei QP gouf proposeiert : Impfempfehlungen, Alterskriterien an Remboursement duerch d’CNS "

An de leschte Joren ass d’Wichtegkeet vun der Preventioun an domat och vun de Recommandatioune fir Impfungen no Alter a Risikoprofil ëmmer méi an de Virdergrond geréckelt. Besonnesch fir eeler Persounen oder Persounen mat engem geschwächten Immunsystem ginn haut verschidde Vaccinatioune recommandéiert, ënner anerem géint Zona, RSV, saisonal Gripp oder Covid-19. A verschiddene Fäll ginn och speziell Héichdosis-Impfstoffer recommandéiert.

Kann d’Madamm Ministesch an engem Tableau duerstellen, ab wéi engem Alter verschidde Impfungen als sënnvoll oder recommandéiert ugesi ginn:

fir Fraen;

fir Männer;

souwéi fir Persounen, déi immunosuppriméiert sinn oder aner Risikofacteuren hunn?

Kann dobäi och preziséiert ginn, fir wéi eng Risikogruppen oder Situatioune folgend Impfungen recommandéiert sinn:

FSME (Zecken);

Hepatitis A a B;

MMR (Maselen, Mumps, Riedelen);

RSV;

Zona;

saisonal Gripp;

Covid-19?

Wéi eng vun dëse recommandéierten Impfungen ginn aktuell vun der CNS rembourséiert, evaluéiert no bestoenden ALD-Krankheeten an dem Alter vum Patient?

Zu wéi engem Prozentsaz ginn déi jeeweileg Impfstoffer rembourséiert?

Sinn aktuell Mesurë geplangt, fir d’Recommandatiounen oder d’Remboursementer vu bestëmmten Impfungen auszebauen?

Impfempfehlungen, Alterskriterien an Remboursement duerch d’CNS An de leschte Joren ass d'Wichtegkeet vun der Preventioun an domat och vun de ... oder d'Remboursementer vu bestëmmten Impfungen auszebauen?

Baby-years fir Grenzgänger 12/05/2026

En nei QP gouf proposeiert : Baby-years fir Grenzgänger "

Laut Artikel 171, Punkt 7, vum Sozialversécherungsbuch hunn Persounen, déi innerhalb vun den 36 Méint virun der Gebuert vun hirem Kand op d’mannst 12 Méint obligatoresch pensiounverséchert waren, Urecht op sougenannten Baby-years déi en Zäitraum vun 24 Méint ofdecken an fir deen e fiktiivt Akommes fir d’Pensiounsberechnung berécksiichtegt gëtt. An der Praxis kann duerch d’Unerkennung vun de Baby-years d’Pensioun vun engem Versécherten ëm iwwer 100 Euro pro Mount klammen.

Fir Net-Residenten, notamment fir däitsch Grenzgänger, schéngen déi Baby-years awer oftmools zum Moment vun der Pensiounsberechnung net ugerechent ze ginn, well déi Verséchert aus hirem Wunnland Kannererzéiungszäiten ugerechent kruten, oft ouni, dass si déi formell ugefrot hunn.

Wëssend, dass déi Kannererzéiungszäiten aus hirem Wunnland wesentlech manner favorabel sinn wéi déi zu Lëtzebuerg geltend Baby-years, wëssend, dass vereenzelt Frontalieren d’Pensioun an hirem Wunnland iwwerhaapt net unhuelen, a wëssend, dass zum Moment vun der Pensiounsestimatioun d’Baby-years mat a Rechnung geholl ginn, wéilt ech der Madamm Ministesch follgend Froen stellen:

1.
Ënner wéi engen Bedéngungen kann e Frontalier zu Lëtzebuerg Baby-years unerkannt kréien?

2.
Ënner wéi engen Bedéngungen kënnen auslännesch Kannererzéiungszäiten déi lëtzebuergesch Baby-years verdrängen?

3. Wéi gedenkt d’Pensiounskeess de Versécherten eng transparent Auskonft iwwer hiren zukünftegen Pensiounsbetrag ze ginn wann bis zum leschten Moment vun der Pensiounszoudeelung d’Baby-years nach oferkannt kënne ginn?





Mat déiwem Respekt,

Baby-years fir Grenzgänger Laut Artikel 171, Punkt 7, vum Sozialversécherungsbuch hunn Persounen, déi innerhalb vun den 36 Méint ... supportLists] --> Mat déiwem Respekt,

Sanctiounen fir den Dépassement vun der Parkzäit am Parking Tour A vun der Fonction publique 21/04/2026

En nei QP gouf proposeiert : Sanctiounen fir den Dépassement vun der Parkzäit am Parking Tour A vun der Fonction publique "

Am Parking vun der Fonction publique um Kierchbierg kennen Beamten aus verschiddenen Administratiounen parken. Dofir muss een am Viraus en Crénau buchen. Wann een méi wéi 30min iwwert de Créneau, deen ee gebucht huet, eraus de Parking benotzt, muss een nobezuelen. Wann een dat gemach huet, kruut een en automatiséierten Message. Elo ass eng Kommunikatioun un d'Benotzer vun deem Parking eraus gangen, deen follgendes seet:

"Chères utilisatrices / chers utilisateurs du parking de la Tour A,



Jusqu’à présent, vous receviez un courriel individuel en cas de dépassement de plus de 30 minutes sur une réservation de place de parking.



A la demande de la Direction du MFP, le mode opératoire va évoluer : les courriels quotidiens ne seront plus envoyés. Un rapport mensuel, reprenant tous les dépassements de réservations de plus de 30 minutes, sera remis au Cabinet ministériel du Ministère de la Fonction publique. Ce dernier décidera le cas échéant des suites à donner à ces dépassements."

Heescht dat de Minister entscheed elo ween muss den Dépassement bezuelen an ween net?

Sanctiounen fir den Dépassement vun der Parkzäit am Parking Tour A vun der Fonction publique Am Parking vun der Fonction publique um Kierchbierg kennen Beamten aus verschiddenen Administratiounen ... den Dépassement bezuelen an ween net?

Parlamentaresch Ufro iwwert d’Intransparenz bei de Konditioune fir elektronesch Iwwerwaachung (Foussfessel) 14/04/2026

En nei QP gouf proposeiert : Parlamentaresch Ufro iwwert d’Intransparenz bei de Konditioune fir elektronesch Iwwerwaachung (Foussfessel) "

Madame d’Ministesch,

Am Kader vun engem Artikel vum 13. Abrëll 2026 op RTL Lëtzebuerg iwwert d’elektronesch Iwwerwaachung als Alternativ zum Prisong goufen d’Konditiounen nëmme partiell duergestallt. Dës limitéiert Informatioun werft Froen op iwwert d’Transparenz an d’Applikatioun vun dëser Moossnam.

Et schéngt, datt eng Rei vu wichtege Critèrë weder kloer kommunizéiert nach systematesch opgelëscht ginn, wat zu Onkloerheeten an enger méiglecher Ongläichbehandlung vun de Betraffene féiere kann.

An deem Kontext géif ech der Madame d’Ministesch gär follgend Froe stellen:

Firwat ginn d’Konditioune fir d’Zouloossung zur elektronescher Iwwerwaachung net komplett, transparent an eenheetlech kommunizéiert?

Wat sinn all d’gesetzlech an administrativ Critèrë, déi eng Persoun erfëlle muss, fir en Utrag op eng Foussfessel ze stellen an accordéiert ze kréien?

Ass et korrekt, datt finanziell Obligatiounen (z. B. Protokoller oder Indemnitéiten un parties civiles) mussen ofgeschloss sinn, ier en Utrag iwwerhaapt berécksiichtegt gëtt? Wann jo, firwat gëtt dës Konditioun net kloer kommunizéiert?

Wéi gëtt garantéiert, datt d’Decisioune vum Parquet objektiv an op Basis vun aktuelle Faiten geholl ginn, a gëtt dobäi ausgeschloss, datt verjäert Elementer aus dem Casier judiciaire eng Roll spillen?

Ginn et spezifesch Adaptatioune fir vulnerabel Persounen, besonnesch fir komplett Fleegefäll, déi e feste Wunnsëtz a familiär Ënnerstëtzung hunn? Wann net, firwat net?

Wéi vill Demandë fir elektronesch Iwwerwaachung ginn all Joer gestallt, wéi vill dovu ginn refuséiert, a wat sinn déi heefegst Refusgrënn?

Kann d’Ministesch ausschléissen, datt och kleng administrativ oder formell Mängel dozou féieren, datt Demandë refuséiert ginn?

Dës Onkloerheeten stelle sech als problematesch duer am Hibléck op d’Rechtssécherheet an d’Gläichbehandlung vun de Betraffenen.

Madame d’Ministesch, ech bieden Iech, dës Froen ze beäntweren.

Parlamentaresch Ufro iwwert d’Intransparenz bei de Konditioune fir elektronesch Iwwerwaachung (Foussfessel) Madame d'Ministesch, Am Kader vun engem Artikel vum 13. Abrëll 2026 op RTL Lëtzebuerg iwwert ... , ech bieden Iech, dës Froen ze beäntweren.

De systemateschen Ofbau vum „Aidant informel" an d'Erosioun vun de Geldleeschtungen an der Fleegeversécherung. 30/03/2026

En nei QP gouf proposeiert : De systemateschen Ofbau vum „Aidant informel" an d'Erosioun vun de Geldleeschtungen an der Fleegeversécherung. "

An der Äntwert op d'Fro 3054 gouf bestätegt, datt de reale Wäert vun de Geldleeschtungen zanter 2018 ëm 15,9 % gesonk ass. Am selwechten Zäitraum ass d'Zuel vun de Leit, déi exklusiv vun engem „Aidant informel" betreit ginn, ëm 51 % agebrach.

Virun dësem Hannergrond an am Hibléck op de gesetzleche Kader vum Code de la sécurité sociale (Livre V), gëtt d'Madamm Ministesch ëm Äntwert gefrot.



• Wéi definéiert d'Regierung d'Equivalenz vun dësem „Ersatz"?

• Ass d'Ministesch net och der Meenung, datt en Ersatz, deen 16 % manner wäert ass wéi d'Original, de gesetzlechen Zweck vum Art. 354 verfeelt an domat d'Gerechtegkeet am System ausgehuewe gëtt?

D'Ministesch huet an hirer Äntwert op Fro 3054 argumentéiert, d'Geldleeschtung wier keng „indemnité de remplacement", mee eng „indemnité" fir d'fleegebedierfteg Persoun. Dëst ass awer e juristesche Kunstgrëff: Den Text vum Art. 354 benotzt explizitt d'Verb „remplacées". Eng funktionell Equivalenz, déi am Gesetz selwer verankert ass, kann net per Ministerialdefinitioun opgehaange ginn. Eng Kloerstellung vum Geriichtshaff oder dem Staatsrot wier dofir ubruecht, ob dës Interpretatioun mat dem Gesetzeswuertlaut konform ass.

Dobäi kënnt, datt d'Ministesch an hirer Äntwert selwer confirméiert huet, datt d'Diskussioune mat de betraffenen Acteuren am Abrëll 2023 stattfonnt hunn – ouni awer d'Conclusiounen derzou ze nennen, an ouni datt iergendeng Ännerung gefollegt ass. D'Fro stellt sech dofir: Wat waren d'Conclusioune vun dësen Diskussioune genee, a firwat goufen dës der Ëffentlechkeet an dem Parlament bis haut net matgedeelt?



• Erkennt d'Ministesch un, datt d'Afréiere vun de Leeschtungen eng geziilte Spuermoossnam op de Réck vun deene Senioren duerstellt, déi hiert Liewe laang an d'Versécherung abezuelt hunn?

• Wéi rechtfäerdegt d'Regierung dëse Vertrauensbroch vis-à-vis vun deene Familljen, déi d'Versuergung doheem op de gesetzleche Versprieche vun 2018 opgebaut hunn?

D'Ministesch erwänt als Kompensatioun, datt d'Fleegeversécherung Cotisatioune fir d'Pensiounskeess vun net-pensionéierten Aidanten abezilt, berechent op de sozialen Mindestloun vum onqualifizéierte Salarié. Dëst ass awer nëmme fir Aidanten, déi nach net pensionéiert sinn. Fir déi grouss Majoritéit vun den Aidanten – Eheleit oder Partner am Rentenalter – existéiert keng esou Kompensatioun. Wéi rechtfäerdegt d'Ministesch, datt genee déi vulnerabelst Grupp vun Aidanten – déi, déi selwer am Rentenalter sinn – keng zousätzlech Ënnerstëtzung kréien, wärend hir Leeschtungen 15,9 % u realer Kafkraaft verluer hunn?



• Gesäit d'Ministesch eng Gefor fir d'Selbstbestëmmungsrecht, wann d'Betraffen duerch finanziell Nout (wéinst entwäerte Geldleeschtungen) gezwongen ginn, d'Hëllef vu frieme Persounen an hirer Intimsphär unzehuelen, amplaz dës Handlungen vum Partner oder engem Familljemember maachen ze loossen?

• Gëtt d'Wahrung vun der Intimsphär hei zu engem Privileg fir déi Leit, déi genuch eegent Kapital hunn, fir de Verloscht vun der Kafkraaft vum Staat auszegläichen?

D'Ministesch huet an hirer Äntwert d'Qualitéit vun der Prise en charge als zentralt Argument benotzt, fir d'Präferenz fir professionell Netzwierker ze justifiéieren. Mee d'Ministesch bréngt keng eenzeg Etüd oder Bewäertung vir, déi beweist, datt d'Fleeg duerch e Familljemember qualitativ schlechter ass wéi déi duerch e professionelle Service. D'Behaaptung, datt méi professionell Hëllef automatesch besser Qualitéit bedeit, ass eng net belegte Prämiss, déi als politescht Argument benotzt gëtt, fir eng finanziell Entscheedung ze decken. Dozou kennt dass Fleejedingschter nemmen“Minute“ kommen an d´Familljenmemberen den ganzen Dag fir déi Fleejebedürfteg do sinn.



• Wéi erkläert d'Ministesch, datt d'Regierung de bewosste Risiko ageet, datt d'Leit aus finanzieller Nout d'familiär Fleeg opginn an an déi professionell Netzer flüchten, wat d'Versécherung multiplizéiert méi deier kéint maachen? Ass dëst eng verantwortungsvoll Gestioun vum Budget vun der Fleegeversécherung?

D'Ministesch huet an hirer Äntwert selwer uginn, datt d'PE zanter der Aféierung vun der Fleegeversécherung plafonéiert war, ënner anerem fir ze verhënneren, datt en Aidant seng Aarbecht opgëtt, fir doheem ze fleegen. Mee dës Justifikatioun widdersprécht sech selwer: Wann d'Geldleeschtung ze niddreg ass, fir eng Aarbecht ze ersetzen, dann ass se och ze niddreg, fir déi reell Käschte vun der Fleeg doheem ze decken. D'Regierung kann net gläichzäiteg argumentéieren, datt d'Leeschtung bewosst niddreg gehale gëtt, fir d'Aarbechtsopgab ze verhënneren, an dann och behaapten, datt dës Leeschtung eng adequat Ënnerstëtzung fir d'Familljen duerstellt.



• Firwat gëtt d'Aarbecht vum Mënsch (den Aidant informel laut Art. 354) schlechter behandelt wéi d'Liwwerung vun einfachem Material (Art. 356)? Wéi eng moralesch an administrativ Begrënnung gëtt et fir dës Ongläichbehandlung?

D'Ministesch huet op dës Fro an der Äntwert op Fro 3054 keng Äntwert ginn. D'Fro bleift oppen a gëtt hei ausdrécklech erneiert.

Zousätzlech muss drop higewise ginn, datt d'Ministesch am selwechten Dokument confirméiert, datt d'Sachleeschtungen (Art. 353) reegelméisseg un d'Käschtenentwécklung ugepasst ginn. Et existéiert also am selwechte Gesetz e Mechanismus fir Upassung – deen awer bewosst nëmmen op Material an professionell Déngschtleeschtungen applizéiert gëtt, net op d'mënschlech Aarbecht vum Aidant. Dëst ass keng technesch Onméiglechkeet, mee eng politesch Wiel.



An hirer Äntwert op Fro 3054 huet d'Ministesch explizitt zouginn, datt dem IGSS keng Donnéeën doriwwer virleien, firwat potenziell Aidanten d'Roll net iwwerhuelen – ob aus finanziellen, evaluatiounsbedéngten oder perséinleche Grënn.

• Wéi rechtfäerdegt d'Ministesch eng politesch Entscheedung – d'Nicht-Indexéierung vun de Geldleeschtungen mat hire bekannten sozialen Auswierkungen –, wann d'Regierung scho selwer zougëtt, d'Ursaachen net ze kennen?

• Ass eng evidenzbaséiert Politik net d'Mindestviraussetzung fir verantwortungsvollt Regéieren? A wann net, wéini gedenkt d'Ministesch, déi néideg Studien am Optrag ze ginn, fir dës Date-Lück ze schléissen?

Dobäi kënnt eng weider Onstëmmegkeet: D'Ministesch behaapt, datt d'Evaluatiounscritèren vum Gesetz 2018 d'Qualitéit vun der Prise en charge solle sécherstellen. Gläichzäiteg gëtt si zou, datt net bekannt ass, a wéi vill Fäll potenziell Aidanten duerch dës Critèren ofgewisen goufen. Wann d'Ministesch net weess, wéi vill Familljememberen duerch déi nei Evaluatiounsregele vun 2018 als Aidant ofgewisen goufen, wéi kann si dann behaapten, datt de System d'Qualitéit verbessert huet, ouni gläichzäiteg d'Zuel vun den Aidanten strukturell reduzéiert ze hunn?



• Kann d'Ministesch eng detailléiert Berechnung virleeën, déi beweist, datt d'Nicht-Indexéierung vun de Geldleeschtungen (Spuerung: ~1,9 Mio. EUR/Joer) budgetär sënnvoll ass, wann all fleegebedierfteg Persoun, déi duerch finanziell Nout vum familiären Aidant an eng professionell Ariichtung wiesselt, der Fleegeversécherung e Vielfaches méi kascht?

• Wann dës Berechnung net existéiert: Ass d'Ministesch net der Meenung, datt d'Fleegeversécherung duerch d'Nicht-Indexéierung strukturell méi deier gemaach gëtt, well d'Spuere kuerzfristeg zu méi Käschte laangfristeg féieren, déi déi vermeintlech Eerspuernis bei wäitem iwwersteigen?

• Wéi eng konkret Kostenanalyse läit der Regierung vir, déi bewäert, ob d'Nicht-Indexéierung der Fleegeversécherung insgesamt notzt oder schuet?

An dësem Kontext ass och d'Äntwert vun der Ministesch zum internationale Verglach opfälleg: Si behaapt, de Lëtzebuerger System wier mam Ausland net vergläichbar, nennt dann awer selwer Däitschland mat engem Maximum vun 947 EUR de Mount als Referenz. Lëtzebuerg, als dat Land mat dem héchste Liewenskäschtenindex an der EU, bitt also Geldleeschtungen, déi nominal mat engem vill bëllege Land verglachbar sinn – a real, wéinst der Nicht-Indexéierung, ëmmer méi hannendrun kommen. Wéi rechtfäerdegt d'Ministesch dëse Réckstand am internationale Kontext?



Ass d'Ministesch bereet, eng Revisioun vum Gesetz unzefänken, fir e verflichtende Mechanismus anzeféieren, deen d'Geldleeschtungen un d'Entwécklung vun de Käschten an d'Inflatioun bindt, fir déi strukturell Benodeelegung vum „Aidant informel" an de Familljen definitiv ze stoppen?

De systemateschen Ofbau vum „Aidant informel" an d'Erosioun vun de Geldleeschtungen an der Fleegeversécherung. An der Äntwert op d'Fro 3054 gouf bestätegt, datt de reale Wäert vun de Geldleeschtungen zanter 2018 ... an de Familljen definitiv ze stoppen?

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


25, Rue Notre Dame
Luxembourg
2240