06/02/2026
Den 05.02.2026 hatten mir eis gemeinsam Generalversammlung vun den 3 Sektiounen Schengen, Mondorf an Réimech.
Mir woren fro, als Éieregäscht den Minister Léon Gloden, Deputéiert Madame Octavie Modert an den Monsieur Ricardo Marques ze begréissen. En groussen Merci fir hir Präsens an hir Rieden.
Och en groussen Merci un en Vertrieder vun CSJ an un Buergermeeschteren a Schäffen aus den Nopesch Gemengen.
En speziellen Merci geet un eisen Special Guest, der Ministerin Martine Deprez fir hiren interessanten Virtrag iwwert Pensiounsreform an Gesondheet.
23/12/2025
D’CSV Sektioun Reimech wënscht Iech an Ärer Famill schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.
Mir freeën eis op e flott Joer 2026.
20/04/2025
D’CSV Sektioun Remich wënscht Iech an Ärer Famill schéin Ouschterdeeg!
23/12/2024
D’CSV Sektioun Reimech wënscht Iech an Ärer Famill schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.
Mir freeën eis op e flott Joer 2025.
04/10/2024
Treffen vun der CSV Réimech an CSV Diddeleng um italieneschen Owend, organiséiert vun der Kommissioun zesummen Liewen Stad Réimech
19/08/2024
Den Samschden huet ons déi traureg Noricht erreecht dass onsen Frënd, Parteikolleeg, Bezierkspräsident, Buergermeeschter vun der Rieslingsgemeen Wuermer an Ost-Deputéierten, de Max Hengel ons fir ëmmer verloos huet. Max, mir kënnen et nach ëmmer net gleewen an awer mussen mir elo zur Kenntnis huelen, dass du leider net méi ënnert ons bass a kann‘s sin! Däin Asaz fir deng Gemeng, d‘Muselregioun an daat ganzt Land, deng Jovialitéit, Hëllefsbereetschaft a besonnësch däin Courage an deng Kämpfermentalitéit am Kampf géint de Kriibs an domat an der Ëffentlechkeet ëmzegoën bleiwen onvergiess. Mir wäerten dech vermëssen Max, an an onsen Häerzer huest du fir ëmmer eng Éireplaz! Dem Jacqueline, dem Jonas, dem Jules an der ganzer Famill drécken mir ons déifsten Matgefill aus. Äddi Max!
01/05/2024
CSV Réimech um Familljenfest vun der LCGB, zu Réimech.
04/03/2024
Epuer Andréck vun onser AG 2024! 📸
23/12/2023
Léif Réimecher,
mir blécken zréck op e spannend Joer, wou mir alleguer net nëmmen ee mee souguer zwee mol vun eisem Walrecht gebrauch maache konnten. Mir soen Iech als CSV Sektioun Réimech Merci fir dee staarke Réckhalt uechtert d’Land a virun allem an eiser schéiner Stad Réimech.
Fir déi verbleiwend Deeg vun dësem Kalennerjoer wënsche mir Iech an Ärer Famill schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.
Mir freeën eis op e flott Joer 2024.
08/10/2023
Léiw Réimecher,
muer gi mir alleguer wielen a mir hunn nach méi wichteg Wale wéi soss déi Joren! Geet et esou virun oder maache mir als Land e Schratt an déi richteg Richtung?
Eis Partei an hir Lëscht am Oste sti fir eng nei a raisonnabel Politik! Eng immens kompetent an dynamesch Ekipp gouf op d’Bee gestallt fir Är Interessi am Oste vum Land ze vertrieden.
An dës Joer hu mir souguer no laangem mol erëm mam Rita Wallerich e Réimecher op der Lëscht.
Déi Meescht vun eis alleguer kennen d’Rita a mir wëssen, dass hatt sech fir näischt ze schued ass an eng Persoun ass op déi een sech verloosse kann. Dëst weist d’Rita och scho säit enger gewëssener Zäit mat sengem alldeeglechen Asaz als Schäffen an eiser Stad. A wisou soll dat eng Etage driwwer op nationalem Plang net och esou sinn?
Dofir schenkt dem Rita muer Äert Vertrauen an ënnerstëtzt hatt zesumme mat deenen anere Kandidaten op eiser Lëscht!
All Stëmm fir CSV. Lëscht 4!
05/10/2023
Den 04.10.2023 zu Gréiwemaacher:
CSV Réimech zesummen mat eisem nationalen Spëtzekandidat Luc Frieden.
Et ass Zéit fir den Wiessel, dofir den 08 Oktober all Stemm fir CSV, Lëscht 4 !!