05/06/2026
🌳🇱🇺 De Finanzminister Gilles Roth huet eng Ried gehalen op der Sessioun vun der Tropical Forest Forever Facility (TFFF) am Kader vun deenen éischten International Climate Finance Days zu Lëtzebuerg.
De Fong vum TFFF (Tropical Forest Investment Fund), dee vu 66 Länner op der COP30 ënnerstëtzt gouf – gëtt zu Lëtzebuerg gegrënnt. Dëse wäert Kapital fir de Schutz vun de tropesche Bëscher mobiliséieren duerch eng sougenannten „blended finance“-Struktur, déi Sponsor-Kapital vu Regierungen a Fondatioune mat institutionellen Investitioune kombinéiert.
De Minister Roth huet ënnerstrach:
„D’Decisioun, den TFIF zu Lëtzebuerg unzesidelen, ass e staarkt Zeeche vu Vertrauen. Vertrauen an dës Initiativ, an eise Finanzsecteur, an an d’Iddi, datt d’Finanzen dozou bäidroe kënnen, reelle Fortschrëtt fir d’Mënschen an eise Planéit z’erreechen.“
©️Ministère des Finances, Luxembourg
Gouvernement luxembourgeois
05/06/2026
Ech hunn um FEDIL-Seminaire iwwert d'Finanzéierung vun der Lëtzebuerger Industrie geschwat.
D'Industrie ass e wichtege Pilier vun eiser nationaler Wirtschaft an eng dreiwend Kraaft fir de Wuesstem an d'Konkurrenzfäegkeet vu Lëtzebuerg.
Fir säi Potenzial voll auszeschäffen, musse mir d'Synergie tëscht eisem Finanzsecteur an der Industrie weider stäerken. D'Mobiliséierung vu privatem Kapital a ganz Europa ass dofir wesentlech.
Et erlaabt eis, an Innovatioun, Sécherheet an an d'Resilienz ze investéieren, an domat eng staark Zukunft fir eis Industrie a fir Europa ze sécheren.
Gléckwonsch un den Alex Schumann deen d'Presidence vun der FEDIL iwwerholl huet. Ech wënschen him vill Erfolleg bei dëser wichteger Missioun.
©️Ministère des Finances, Luxembourg
Écho des entreprises | Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois
04/06/2026
Ech war frou, op een Neits d’Jenny Johnson ze begéine fir de 35. Anniversaire vu Franklin Templeton ze feieren.
Vum éischten tokeniséierte UCITS-Fong op enger ëffentlecher Blockchain bis hin zum Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz am Finanzsecteur weist Franklin Templeton, datt seriéis Innovatioun och vu seriéisen Institutioune komme kann.
Villmools Merci, Jenny Johnson, Craig Blair an der ganzer Lëtzebuerger Ekipp fir Är Roll op eiser Finanzplaz! Är 35 Joer Bestoe weist, datt mir dee selwechte Service-Geescht deelen: de Mënsch an de Mëttelpunkt stellen.
©️Ministère des Finances, Luxembourg
Gouvernement luxembourgeois | Ministry of Finance, Luxembourg | Franklin Templeton
20/05/2026
Um Asset-Management-Seminar organiséiert vun ALFI an LPEA zu Zürich, hunn ech eng zentral Stäerkt ervirgehuewen, déi d'Schwäizer an d’Lëtzebuerger Finanzplaze verbënnt: eng zolidd finanziell Expertise kombinéiert mat engem grousse Vertrauen op internationalem Niveau.
Schwäizer Finanzvermëttler maache ronn 12 % vun den Activen an de Lëtzebuerger Fongen aus, wat d'Schwäiz zu engem vun eise wichtegste Partner mécht. Fir Kapital ze mobiliséieren an de wirtschaftleche Wuesstem ze ënnerstëtzen, hunn ech nach emol betount, wéi wichteg pragmatesch Léisunge sinn, dorënner eng Reduktioun vum administrativen Opwand, fir eis Finanzplaze weider ze stäerken.
©️Ministère des Finances, Luxembourg
Gouvernement luxembourgeois | Ministry of Finance, Luxembourg
19/05/2026
🇱🇺🤝🇨🇭 Ech hat e gutt Treffe mat menger Schwäizer Homologin, dem Karin Keller-Sutter, zu Bern.
Zesummen hu mir eng Absichtserklärung ënnerschriwwe fir e strukturéierte finanziellen Dialog tëscht Lëtzebuerg an der Schwäiz ze lancéieren. Dëst ass e wichtege Schratt fir eis laangjäreg bilateral Zesummenaarbecht nach weider ze stäerken.
Duerch d'Verdéiwung vun eiser Zesummenaarbecht kënne mir eis komplementar Stäerkte besser notzen, fir zur Stabilitéit, Konkurrenzfäegkeet a globaler Relevanz vun eisem Finanzsecteur bäizedroen.
©️Ministère des Finances, Luxembourg
Gouvernement luxembourgeois | Ministry of Finance, Luxembourg
19/05/2026
D'Aweiung vun de neie Büroe vu Citco zu Hollerich markéiert e wichtege Meilesteen a stellt hiren Engagement ënner Beweis dat si hier Presenz laangfristeg zu Lëtzebuerg ofsécheren.
Zënter iwwer 30 Joer ass Citco bekannt fir Innovatioun a seng clientsorientéiert Léisunge. Ech freeë mech drop d'Zukunft vun eiser Finanzplaz zesummen ze gestalten.
© Ministère des Finances, Luxembourg
Gouvernement luxembourgeois
19/05/2026
Op der Receptioun vu Luxembourg for Finance zu Genf hat ech d'Geleeënheet fir iwwer déi staark a bestänneg Relatiounen tëscht der Schwäiz a Lëtzebuerg ze ënnersträichen.
Et ass essenziell an Zäite vu geopolitescher Onsécherheet op zouverlässeg a staark Partner kennen ze zielen. Eis Länner sinn duerch hier Oppenheet, finanziell Expertisen an eis international Denke gepräägt.
©️Ministère des Finances, Luxembourg
Gouvernement luxembourgeois | Ministry of Finance, Luxembourg