03/06/2026
🚧 Verkéiersinformatioun 🚧
Den Accès op den CR101 Schoenfels–Gosseldange ass fir Gefierer a béid Richtungen gespaart (Méiaarbechten, Ënnerhalt a Marquage).
🚫 Dës Moossnam ass duerch d’Verkéiersschëld C,2a uginn.
📅 Datum: 08.06.2026 – 12.06.2026
https://lintgen.lu/route-barree-c2a-cr101-schoenfels-gosseldange-8-12-6-2026/
02/06/2026
De Countdown fir d’Nuit du Sport de 6. Juni leeft ⏱️
📍um Campus Scolaire an och an der Sportshal
⏰ vun 16:00 Auer
➡️ Programm: https://www.nuitdusport.lu/fr/programme/lintgen
Zesumme mat de Veräiner an Associatiounen aus eiser Gemeng erwaart iech e villfältege Programm mat Aktivitéiten a flotten Challenges 💪
Maach mat a probéier aus 🩵
29/05/2026
Den Ordre du jour vun der nächster Gemengerot-Sëtzung vum 04. Juni 2026.
28/05/2026
🌿🚶♂️ Naturspazéiergang zu Lëntgen 🚶♀️🌿
Kommt mat op eng spannend Wanderung ronderëm eis Bëscher a léiert méi iwwert Naturschutz an der Praxis 🌳
📅 12. Juni 2026 um 19:00
📍 Start: bei der Kierch
👉 Ronn 5,5 km mat interessante Erklärungen zur Natur an zum Zoustand vun eise Bëscher
👟 Denkt un fest Schong
💧 Bréngt eng Drénkfläsch mat
D’Ëmweltkommissioun freet sech op är Participatioun a vill flott Momenter an der Natur 🙌🌿
27/05/2026
De Countdown fir d’Nuit du Sport de 6. Juni leeft ⏱️
📍um Campus Scolaire an och an der Sportshal
⏰ vun 16:00 Auer
➡️ Programm: https://www.nuitdusport.lu/fr/programme/lintgen
Zesumme mat de Veräiner an Associatiounen aus eiser Gemeng erwaart iech e villfältege Programm mat Aktivitéiten a flotten Challenges 💪
Maach mat a probéier aus 🩵
19/05/2026
Info CFL ‼️
Vum 23. Mee bis Sonndes den 31. Mee fiert keen Zuch vun Lëntgen aus ❌🚆
Dësen gëtt ersat duerch Buslinn L10 🚌
All Informatiounen iwwer Auerzäiten fannt dir hei :
https://www.cfl.lu/fr-fr/timetable Voir moins
18/05/2026
📢 Avis un de Public
D’Gemeng Lëntgen informéiert hir Bierger, datt d'Bureau'e vun der Administratioun fir Donneschdes, den 21. Mee 2026
ab 12:00 Auer zou sinn.
Mir bieden ëm Äert Versteesdemech a soen Iech Merci.
12/05/2026
🎶 Schreif dech an🎶
D’Aschreiwunge fir déi nei Schüler fir d’Schouljoer 2026/2027 an der UGDA-Musekschoul sinn op.
📅 Period: 11.05 – 23.05.2026
👉 All Detailer an d’Aschreiwung fannt dir iwwer de QR-Code um Flyer.
05/05/2026
📢 🇱🇺 Wichteg Informatioun
Am Kader vun der Aféierung vum neie Lëtzebuerger Pass (Gültegkeet: 10 Joer), deen ab dem 11. Mee ugefrot ka ginn, ginn technesch Upassungen duerchgefouert.
👉 Dofir kann an der Period vum 8. bis den 10. Mee 2026 (abegraff) zu Lëntgen op der Gemeng keng Demande fir Päss gemaach ginn.
Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.
📢 🇫🇷 Information importante
En raison des préparatifs techniques liés à l’introduction du nouveau passeport luxembourgeois d’une durée de validité de 10 ans, dont les premières demandes pourront être effectuées à partir du 11 mai, il est important de noter qu’aucun enrôlement de passeport ne pourra être réalisé pendant la période du 8 au 10 mai 2026 inclus.
👉Pendant cette période, les demandes de passeport ne pourront pas être traitées.
Nous vous remercions de votre compréhension.