JDL Kanton Gréiwemaacher

JDL Kanton Gréiwemaacher

Partager

Wëllkomm op der offizieller Facebook Säit vun der JDL Kanton Gréiwemaacher.

Photos from Jonk Demokraten's post 01/08/2024
27/07/2024

Mir Jonk Demokraten si schockéiert, dass d’Petitioun 3198 “LGBT-Themen aus der Educatioun vu Mannerjäregen auszeschléissen” a manner wéi dräi Deeg, déi néideg 4.500 Ënnerschrëften erreecht huet, fir an der Chamber debattéiert ze ginn. Och wann den Auteur behaapt, dass d’Petitioun net als Zil huet, d’LGBTQIA+ Community ze diskriminéieren, si mir der Meenung, dass dës Petitioun genau dat mécht. D’Theme ronderëm d’LGBTQIA+ Community aus der Educatioun vun de Mannerjäregen erauszehuelen, bedeit dës Communautéit onsiichtbar ze maachen a se domat ze décrédibiliséieren.

D’Schoul soll eng Plaz sinn, wou all Kand sech wuelfillt a sech selwer ka sinn, ouni dofir jugéiert ze ginn. Mir fannen et wichteg a gutt, dass de Kanner bäibruecht gëtt, dass si sech individuell entfalen an expriméiere kënnen, sou ewéi si et fir richteg empfannen.

Bei ganz villen Theme kann een iwwer verschidde Meenungen diskutéieren, mä eppes steet fir eis net zur Debatt: Respekt virun eise Matmënschen ass keng Meenung, dat ass selbstverständlech!

D’Jonk Demokraten hoffen, dass d‘Debatt an der Chamber friddlech ofleeft, mat Respekt fir d’LGBTQIA+ Community, an dass d’Chamber déi eenzeg richteg Decisioun hëlt, an zwar dës Petitioun ofzeleenen. 🏳️‍🌈

06/06/2024

📣 D’Jonk Demokraten fuerderen eng kontrolléiert Fräigab vum Cannabis an der EU 🪴 Doduerch solle follgend Ziler erreecht ginn:

•⁠ Eng Reduzéierung vum Schwaarzmaart a vun der organiséierter Kriminalitéit.
•⁠ Eng besser Kontroll vun der Qualitéit vun de Cannabisprodukter.
•⁠ Vermeidung vum Drogentourismus innerhalb vun der EU.

Wiel den 9. Juni déi Jonk Demokraten: Deng Stëmm fir e liberaalt Europa! 🟡🔵 🇪🇺

06/06/2024

📣 D’Jonk Demokraten fuerderen eng méi effikass Klimapolitik 🌐 Mir setzen eis a fir:

•⁠ Eng gemeinsam Klimapolitik aus engem Goss.
•⁠ En « European Green Deal » mat Grouss-Investitiounen, den Ofbau vun administrativen Hürden an den Ausbau vu Weiderbildungsofferen.
•⁠ D’Fërderung vun erneierbaren Energien, duerch z.B. Offshore-Wandenergie.
•⁠ D’Ofhängegkeet vu Rohstoffimporter ze reduzéieren.

Wiel den 9. Juni déi Jonk Demokraten: Deng Stëmm fir e liberaalt Europa! 🟡🔵 🇪🇺

06/06/2024

📣 Der EU gëtt oft eng schlecht Relatioun zu hire Biergerinnen a Bierger an hire Suerge virgeworf. Och wann an de leschte Jore verstäerkt op Biergerinitiativen a Biergerdialoge gesat gouf, muss weider dru geschafft ginn, fir dësen demokrateschen Defizit opzehiewen. D'Jonk Demokraten fuerderen:
•⁠ d'Aféierung vun engem Initiativrecht fir d'Europaparlament
•⁠ d'Direktwiel vum Komissiounspresident

Wiel den 9. Juni déi Jonk Demokraten: Deng Stëmm fir e liberaalt Europa! 🟡🔵 🇪🇺

03/06/2024

📣 D’Jonk Demokraten fuerderen eng human Flüchtlingspolitik 🌐 Mir setzen eis a fir:

•⁠ Eng besser Laaschteverdeelung (« burden-sharing ») an der EU.

•⁠ D’Bereetstellung vu Fonge fir déi Staaten, déi am meeschte betraff sinn.

•⁠ D’Fërderung vun der transnationaler an humanitärer Zesummenaarbecht.

Wiel den 9. Juni déi Jonk Demokraten: Deng Stëmm fir e liberaalt Europa! 🟡🔵 🇪🇺

03/06/2024

📣 D’Jonk Demokraten fuerderen eng realistesch a progressiv Erweiderungspolitik 🌐 Mir setzen eis a fir:

•⁠ ⁠datt d'Bäitrëttskrittäre fir nei Memberstaaten (ë.a. d’Rechtsstaatlechkeet. ⚖️) strikt respektéiert ginn an déi eenzel Bäitrëtter d'EU intern an och extern stäerkt.

•⁠ institutionell Reformen duerchgefouert ginn, fir d’Opnamefäegkeet vun der EU ze stäerken.

•⁠ datt d’Kooperatioun mat Groussbritannien grouss geschriwwe gëtt, virun Allem an de Beräicher vun der Sécherheet an der Verdeedegung.

Wiel den 9. Juni déi Jonk Demokraten: Deng Stëmm fir e liberaalt Europa! 🟡🔵 🇪🇺

Christos Floros

03/06/2024

📣 D’Jonk Demokraten fuerdere gläich Konditioune fir all d’Baueren an der EU! 🚀 Mir setzen eis a fir:

•⁠  D'Harmoniséierung vun den nationale Reegelungen 🇪🇺

•⁠  D’Verhënnerung vun Dumping-Liewensmëttelimporter an d’Erhéijung vun de Standarde vun internationalen Importer. 🌾

Wiel den 9. Juni déi Jonk Demokraten: Deng Stëmm fir e liberaalt Europa! 🟡🔵 🇪🇺

02/06/2024

📣 D’Jonk Demokraten fuerderen eng gemeinsam an zilorientéiert Aussepolitik! 🚀 Mir setzen eis a fir:

* E richtegen « EU-Ausseminister » an net méi de veraalten Terme vum « Hoher Vertreter der Europäischen Union für Außen- und Sicherheitspolitik ». 🇪🇺
* D’Unanimitéit soll bei aussepolitesche Froen ofgeschaaft ginn, fir eng méi schnell an effikass Reaktioun vun der EU z’erlaben.
* Bei der Opstellung vum nächste Budget soll méi Finanzéierung fir aussepolitesch Projet’e virgesi ginn, fir méi proaktiv handelen ze kënnen.

Wiel den 9. Juni déi Jonk Demokraten: Deng Stëmm fir e liberaalt Europa! 🟡🔵 🇪🇺

Jana Degrott

02/06/2024

📣 D’Jonk Demokraten gesinn d’KI als Chance! 🚀
•⁠ ⁠D’EU ass an der KI-Technologie hannendran. D’JDL fuerdert eng zukunftsorientéiert Politik, déi en attraktive Kader fir d’KI-Technologië schaaft 🤖
•⁠ ⁠D’Abuse vu KI-Technologië musse bekämpft ginn! D’EU muss e gréisseren Afloss op déi international Diskussioun rondërem d’Ethik an den Asaz vun der KI hunn.

Wiel den 9. Juni déi Jonk Demokraten: Deng Stëmm fir e liberaalt Europa! 🟡🔵 🇪🇺

02/06/2024

📣 D’Jonk Demokraten setzen sech a fir eng qualitativ Bildung an der EU!

•⁠ ⁠Eng verbessert Kooperatioun an der Bildung tëschent der EU a Groussbritannien mat engem verstäerkten Erasmus+ 🇪🇺 🚉 🇬🇧
•⁠ ⁠Fir eng europawäit Unerkennung vum Statut vum « studéierenden Entrepreneur » fir den Entrepreneursgeescht weider duerch déi ganz EU ze stäerken 📚🏫

Wiel en 9. Juni déi Jonk Demokraten: Deng Stëmm fir e liberaalt Europa! 🟡🔵 🇪🇺

13/04/2024

Mir haten haut bei herrlechem Wieder eis AG vun der JDL Sektioun Gréiwemaacher an der aaler Schmëtt zu Menster.

Felicitatioun dem Tim Asselborn (President) an dem Hugo Da Costa (Keessjier) fir hir nei Posten a bonne Chance fir d'Zukunft.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg