Commune de Putscheid

Appeler Site Web Contacter l'organisation

Commune de Putscheid Putscheid est une localité luxembourgeoise et une commune dont elle est le chef-lieu située dans le canton de Vianden.

🇱🇺 Bauschutt-ContainerLeider musse mir a leschter Zäit reegelméisseg feststellen, datt Offall am Bauschutt-Container ent...
27/10/2026

🇱🇺 Bauschutt-Container
Leider musse mir a leschter Zäit reegelméisseg feststellen, datt Offall am Bauschutt-Container entsuergt gëtt, deen net heihi gehéiert.
👉 Aus dësem Grond erënnere mir heimat un d'Reegele bezüglech de Materialien, déi net am Bauschutt-Container duerfen entsuergt ginn.
❗Net erlaabt ass:
🚫 Beton armé
🚫 Plastik
🚫 Eternit
🚫 Gips
🚫 Ytong
Mir bieden Iech, dës Reegelen ze respektéieren a soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

🇫🇷 Conteneur à gravats
Nous avons dû constater que des déchets non autorisés sont régulièrement déposés dans le conteneur à gravats.
👉 Nous tenons à rappeler les règles concernant les matériaux qui ne doivent pas être déposés dans ce conteneur.
❗Matériaux interdits :
🚫 Béton armé
🚫 Plastique
🚫 Éternit (fibrociment)
🚫 Plâtre
🚫 Ytong (béton cellulaire)
Nous vous prions de bien vouloir respecter ces règles et vous remercions de votre compréhension.

🇱🇺 🚧Route barrée🚧👉Ponts & Chaussées informéiert, dat wéinst Aarbechten d'Bréck op der N10 op der Héicht vun der Maschinn...
22/10/2026

🇱🇺 🚧Route barrée🚧
👉Ponts & Chaussées informéiert, dat wéinst Aarbechten d'Bréck op der N10 op der Héicht vun der Maschinn N°10 vun der SEO de 26. Oktober 2026 vun 8:00 bis 18:00 Auer gespaart ass.
🚌 Dëst huet och Auswierkungen op de Busreseau:
👉 De Bus 181 fiert just bis op den Arrêt Veianen-Gare. Heiduerch ginn d'Arrête Veianen-Bréck an -Aale Moart, souwéi d'Uertschafte Bivels, Stolzebuerg, Ënnereesbech an Uewereesbech net ugefuer.
👉 De Bus 182 fiert vum Arrêt Bivels-Bei der Kiirch aus. Heiduerch gëtt den Arrêt Bivels-Op der Millen, souwéi d'Uertschaft Veianen net ugefuer.
👉 D'Schoulbuslinnen A20 a K27 ginn emgeleet. Heiduerch ginn d'Arrête Veianen-Bréck, Veianen-Aale Moart a Bivels-Op der Millen net ugefuer.
🇫🇷 🚧 Route barrée 🚧
👉 L'Administration des Ponts et Chaussées informe qu'en raison de travaux le pont situé sur la N10, à hauteur de la machine n°10 de la SEO, sera fermé le 26 octobre 2026 entre 8h00 et 18h00.
🚌 Ces travaux auront également des répercussions sur le réseau de bus:
👉 La ligne de bus 181 aura son origine et son terminus à l'arrêt Vianden-Gare. Par conséquent, les arrêts Vianden-Bréck et Vianden-Aale Moart, ainsi que les localités de Bivels, Stolzembourg, Untereisenbach et Obereisenbach, ne seront pas desservis.
👉 La ligne de bus 182 aura son origine et son terminus à l'arrêt Bivels-Bei der Kiirch. Par conséquent, l'arrêt Bivels-Op der Millen et la localité de Vianden ne seront pas desservis.
👉 Les lignes scolaires A20 et K27 seront déviées. Par conséquent, les arrêts Vianden-Bréck, Vianden-Aale Moart et Bivels-Op der Millen ne seront pas desservis.

🌌 EURODARK 2026 an Attersee: am Austausch fir de Schutz vun der NuechtEng Delegatioun vun der Gemeng Pëtschent war an Éi...
12/10/2026

🌌 EURODARK 2026 an Attersee: am Austausch fir de Schutz vun der Nuecht

Eng Delegatioun vun der Gemeng Pëtschent war an Éisträich, fir am Kader vun EURODARK 2026 an enger Visitt um Attersee den internationalen Austausch iwwer Liichtverschmotzung an de Schutz vun der natierlecher Nuecht ze verdéiwen.

De Schäfferot gouf begleet vum Daniel Gliedner, Liichtberoder beim Naturpark Our, a vum Bern Greischer, a sengen zwou Funktiounen als Gemengeconseiller a Vizepresident vum Naturpark Our.

💡 Wëssen deelen a vun Erfarunge profitéieren

EURODARK 2026 huet Fachleit aus verschiddene Länner zesummebruecht, fir iwwer Liichtverschmotzung, modern Beliichtungstechnologien an Ëmweltschutz ze diskutéieren. Fir eis Gemeng war dësen Austausch eng Geleeënheet, nei Ureegungen ze sammelen an d’Erfarunge vun anere Gemengen a Regiounen kennenzeléieren.

Dobäi steet eng konkret Fro am Mëttelpunkt: Wéi kënne mir ëffentlech Raim bedarfsgerecht a sécher beliichten a gläichzäiteg onnéidegt Liicht reduzéieren? Eng gezilt Beliichtung, déi op déi richteg Plaz, déi néideg Intensitéit an déi passend Zäiten ofgestëmmt ass, ass e wichtegen Usaz.

✨ Visitt am Stärepark Attersee-Traunsee

D’Rees gouf duerch eng Visitt um Attersee ergänzt. De Stärepark Attersee-Traunsee setzt sech fir den Erhalt vun der natierlecher Däischtert an de Schutz vun der Nuetslandschaft an. Dës Approche bitt wäertvoll Ureegunge fir d’Zesummespill vu Gemengen, Naturschutz a Sensibiliséierung.

E besonnesche Merci geet un d'Buergermeeschtesch Nicole Eder fir den Empfang an den Austausch, grad ewéi un all eis Gespréichspartner fir hir Disponibilitéit an déi gedeelt Erfarungen.

🤝 D’Zesummenaarbecht mam Naturpark Our an den Austausch iwwer d’Grenzen eraus ënnerstëtzen eis dobäi, den Engagement fir eng verantwortungsvoll Beliichtung an eiser Gemeng weiderzeféieren.

❗ Fermeture exceptionnelle ❗🇱🇺 D'Bureaue vun der Gemengeverwaltung bleiwen e Freideg, 2. Oktober 2026 vun 14:00 bis 17:0...
02/10/2026

❗ Fermeture exceptionnelle ❗
🇱🇺 D'Bureaue vun der Gemengeverwaltung bleiwen e Freideg, 2. Oktober 2026 vun 14:00 bis 17:00 Auer ausnamsweis zou.
Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.
🇫🇷 Les bureaux de l'administration communale resteront exceptionnellement fermés le vendredi, 2 octobre2026 de 14h00 à 17h00.
Nous vous remercions pour votre compréhension.

🇱🇺 🚧Route barrée🚧👉Ponts & Chaussées informéiert, dat wéinst Aarbechten d'Bréck op der N10 op der Héicht vun der Maschinn...
28/09/2026

🇱🇺 🚧Route barrée🚧
👉Ponts & Chaussées informéiert, dat wéinst Aarbechten d'Bréck op der N10 op der Héicht vun der Maschinn N°10 vun der SEO den 28 September 2026 bis 18:00 Auer gespaart ass.
🚌 Dëst huet och Auswierkungen op de Busreseau:
👉 De Bus 181 fiert just bis op den Arrêt Veianen-Gare. Heiduerch ginn d'Arrête Veianen-Bréck an -Aale Moart, souwéi d'Uertschafte Bivels, Stolzebuerg, Ënnereesbech an Uewereesbech net ugefuer.
👉 De Bus 182 fiert vum Arrêt Bivels-Bei der Kiirch aus. Heiduerch gëtt den Arrêt Bivels-Op der Millen, souwéi d'Uertschaft Veianen net ugefuer.
👉 D'Schoulbuslinnen A20 a K27 ginn emgeleet. Heiduerch ginn d'Arrête Veianen-Bréck, Veianen-Aale Moart a Bivels-Op der Millen net ugefuer.

🇫🇷 🚧 Route barrée 🚧
👉 L'Administration des Ponts et Chaussées informe qu'en raison de travaux le pont situé sur la N10, à hauteur de la machine n°10 de la SEO, sera fermé le 28 septembre 2026 jusqu'à 18h00.
🚌 Ces travaux auront également des répercussions sur le réseau de bus:
👉 La ligne de bus 181 aura son origine et son terminus à l'arrêt Vianden-Gare. Par conséquent, les arrêts Vianden-Bréck et Vianden-Aale Moart, ainsi que les localités de Bivels, Stolzembourg, Untereisenbach et Obereisenbach, ne seront pas desservis.
👉 La ligne de bus 182 aura son origine et son terminus à l'arrêt Bivels-Bei der Kiirch. Par conséquent, l'arrêt Bivels-Op der Millen et la localité de Vianden ne seront pas desservis.
👉 Les lignes scolaires A20 et K27 seront déviées. Par conséquent, les arrêts Vianden-Bréck, Vianden-Aale Moart et Bivels-Op der Millen ne seront pas desservis.

🇱🇺 D’Bréck tëscht Mierschent a Stool gëtt ersat: d’Aarbechte kommen virun! 🏗️Eng wichteg Etapp vum Chantier ass amgaang:...
22/09/2026

🇱🇺 D’Bréck tëscht Mierschent a Stool gëtt ersat: d’Aarbechte kommen virun! 🏗️

Eng wichteg Etapp vum Chantier ass amgaang: Déi prefabrizéiert Betonselementer vun der neier Bréck gi mat engem Kran op hir Plaz gehuewen a vun den Ekippen op der Plaz präzis zesummegesat.

📸 Op de Fotoe kritt Dir en Abléck an dës Phas vun den Aarbechten.

Merci un d’Ekippe fir hir Aarbecht an un d’Awunner an all déi, déi dës Streck benotzen, fir hir Gedold a fir hiert Versteesdemech.

──────────

🇫🇷 Remplacement du pont entre Merscheid et Stool : le chantier avance ! 🏗️

Une étape importante du chantier est en cours avec la pose des éléments préfabriqués en béton du nouvel ouvrage. Soulevés à l’aide d’une grue, ils sont positionnés et assemblés avec précision par les équipes sur place.

📸 Découvrez en images cette phase des travaux.

Merci aux équipes mobilisées pour leur travail, ainsi qu’aux riverains et aux usagers pour leur patience et leur compréhension.

🚧 Weller – Haaptstrooss gespaart: Ännerunge fir d’Buslinnen 138, A01 a K23Wéinst Stroossenaarbechten ass d’Haaptstrooss ...
21/09/2026

🚧 Weller – Haaptstrooss gespaart: Ännerunge fir d’Buslinnen 138, A01 a K23

Wéinst Stroossenaarbechten ass d’Haaptstrooss zu Weller ab direkt a bis de Freideg, 18. Dezember 2026, um 17.00 Auer, fir de gesamte Verkéier gespaart.

🚌 Fir d’Buslinnen 138, A01 a K23 gëllen dës Ännerungen:

📍 Den Arrêt „Weiler – Gemengebau“ gëtt duerch e provisoreschen Arrêt an der rue de Hosingen, op der Héicht vun der Kierch, ersat.

➡️ Linnen 138 a K23
D’Busse ginn iwwer d’rue de Hosingen an d’Streck Richtung Walhausen iwwer „Schmuelen“ ëmgeleet.
⚠️ Den Arrêt „Putscheid – Bei der Gemeng“ gëtt vun dësen zwou Linnen net bedéngt.

➡️ Linn A01
D’Busse ginn iwwer d’rue de Hosingen a „Schmuelen“ ëmgeleet, fueren duerno iwwer de CR322 Richtung Pëtschent an iwwer de CR320 an de CR353 weider Richtung Nuechtmanescht. Den Arrêt „Putscheid – Bei der Gemeng“ bleift fir d’Linn A01 bestoen.

Dës Ëmleedunge gëllen a béid Richtungen.

Merci fir Äert Versteesdemech. Berücksichtegt dës Ännerunge wgl. bei der Planung vun Äre Faarten.

21/09/2026

Informatioun – Droneflich am Kader vun der Duerferneierung zu Weller

Am Kader vun der Duerferneierung zu Weller gi reegelméisseg Iwwerflich mat enger Drône duerchgefouert, fir d’Aarbechten ze dokumentéieren an de Fortschrëtt vum Chantier festzehalen.

Dës Flich erfollegen am Optrag vun der Gemeng a gi vu Mataarbechter vun der Gemeng duerchgefouert.

📶 Eng besser Netzofdeckung fir eis GemengDe Schäfferot huet sech mat Vertrieder vu MyConnectivity G.I.E. getraff, fir iw...
18/09/2026

📶 Eng besser Netzofdeckung fir eis Gemeng
De Schäfferot huet sech mat Vertrieder vu MyConnectivity G.I.E. getraff, fir iwwer d’Verbesserung vum Mobilfunkreseau an eiser Gemeng ze schwätzen.
Am Mëttelpunkt stoung de Proximus-Dossier an d’Sich no alternative Léisungen, nodeems Proximus de geplangte Mast net méi wëll bauen.
MyConnectivity wäert d’Problematik beim zoustännege Ministère uschwätzen. Dobäi sollen och d’Ofdeckungslücke vum TETRA-Noutfallreseau, deen den Asazkräften déngt, ervirgehuewe ginn, fir den Handlungsbedarf ze ënnersträichen.
Eng zouverlässeg Netzofdeckung ass wichteg fir den Alldag vun eise Bierger, grad ewéi fir d’Sécherheet. Mir bleiwen um Dossier a setzen eis weider fir konkret Verbesserungen an.
Merci u MyConnectivity fir de konstruktiven Austausch an d’Ënnerstëtzung.

⚡ Wéi séier geet d’Energiewend wierklech virun? A wat kënnt nach op eis duer⁉Dës an aner spannend Froen behandelt de Pro...
18/09/2026

⚡ Wéi séier geet d’Energiewend wierklech virun? A wat kënnt nach op eis duer⁉

Dës an aner spannend Froen behandelt de Prof. Dr. Christian Stöcker a sengem Virtrag iwwer d’Energiewend. Hie weist, wéi séier den Ëmbau hin zu erneierbaren Energië virugeet – a wou nach Erausfuerderunge leien.

👉 Virwëtzeg ginn? Da sidd dobäi!

Mellt iech elo iwwer de Link an de Kommentarer un a kommt den 1. Oktober an de Parc Housen. 📩

Adresse

Putscheid

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 12:00
14:00 - 19:00
Vendredi 08:00 - 12:00
14:00 - 17:00

Téléphone

+352285593

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Commune de Putscheid publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à Commune de Putscheid:

Raccourcis

Partager