05/06/2026
An der 2. Gemengerotsitzung ennert der Présidence vun eiser neier Buergermeschtesch Nadine Braconnier vum 05. Juni goufen gleich zwee gréisser Projets présentéiert an unanime vum Gemengerot gestëmmt.
Projet 1: Alentours mat Shared Space ronderem eis neit Gemengenhaus zu Käerjeng - Investissement: 3.120.000€
Projet 2: Renovatioun vun der aler Post zu Kéinzeg wou nierwt dem Sall vun der Kéinziger Fräschen an der Chorale zwou nei Wunnengen integréiert ginn - Investissement: 1.730.000 €.
01/06/2026
De Sak muss an d’Lach!
Eis 3. Editioun vum Cornhole-Turnéier steet un🥳🥳
Reservéiert iech Freides de 26. Juni am Kalenner!
Umellen kennt der äert 2er-Team bis speitsdens den 19.06 op [email protected] oder iwwert sms/whatsapp op der Nummer 691 856 041
Mir freeën eis op iech!
27/05/2026
Fir Autosfuerer wéi Velosfuerer a Fousgänger eng besser Verkéierssëcherheet ze garantéieren ass Kraizung zweschen Käerjeng & Péiteng - rue des Ateliers / Jules Hemmer an N5 komplett nei emgestallt ginn an seit e puer Deeg fonktionnéieren och elo roud Luuchten ob dëser Kraizung wat dësen Geforenpunkt wesentlech entschäerft.
22/05/2026
CSV Käerjeng on Tour. E groussen Merci gesot un den Olivier Broy fir Invitatioun & Organisatioun vun der Visite Train 1900 am Fond-de-Gras.
Eng ganz interessant Visite mat engem top Guide dem Olivier an e flotten Ofschloss bei der Giedel. Merci gesot un all déi Leit vun der CSV déi derbai waren. 😎😃👍🚂
20/05/2026
CSV Käerjeng felicitéiert dem Nadine Braconnier als nei Buergermeeschtesch vun der Gemeng Käerjeng. 👏👍
05/05/2026
De 5. Mee ass d’Nadine Braconnier vum Frank Pirrotte (Buergermeeschter ff) als neien Member vum Gemengerot vun der Gemeng Käerjeng veredegt ginn an duerno unanime vum Gemengerot als nei Buergermeeschtesch vun der Gemeng virgeschloe ginn. Desweideren huet de Gemengerot och unanime dem Michel Wolter de Titel als Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Käerjeng zougesprach.
21/03/2026
D’CSV Käerjeng de Moien am Asaz: um CSV-Kongress zu Ettelbréck an op der grousser Botz an eiser Gemeng 🤩
11/02/2026
Gutt besichten Generalversammlung vun der CSV Käerjeng gëschter Owend am Käerjenger Treff.
E grousse Merci un eis Ministesch Martine Deprez fir hiren Discours iwwert eise Gesondheets- a Pensiounssystem,an och dass sie sech Zäit geholl huet fir all d‘Froen ze beäntwerten.
10/02/2026
De 09. Februar 2026 war Grondsteeleeung vum neien Gemengenhaus zu Käerjeng. E ganz nohaltegen Projet wou ab Ufank 2029 eis Gemengeservicer ennert de beschten Konditiounen am Interessi vun eisen Matbierger aus Gemeng kennen schaffen. E Projet de eisem Buergermeeschter Michel Wolter um Häerz luch nodéms mir seit 1999 als CSV an der Majoritéit a besonnesch seit 2011 kontinuéierlech eis Gemeng permanent moderniséiert hunn a Beraicher wéi Schoul, Maison Relais, Sport, Kultur, Stroossenbau a nach ganz villen aaneren Beraicher.
08/01/2026
CSV Käerjeng um Neijorspatt vun der CSV zu Ruedt-Syr