01/03/2026
D’DP Sektioun Schwaarz Iernz (Konsdref, Bech, Waldbëlleg, Beefort a Bäerdref) hat e Freideg den Owend hir A.G. an der Brasserie Op Buergkapp.
E flotten Austausch tëscht eise fënnef Gemengen am Natur- a Geopark Mëllerdall – mat ville regionalen, nationalen an internationale Sujeten. Eng beräicherend Diskussioun an engem gudde Kader.
Mir schaffe weider engagéiert fir eis Matbierger a si gären do fir Är Suggestiounen an Doleancen.
Merci Baum fir deng Präsenz an däin Input – an och dem Lopes fir d’Reservatioun vum Restaurant an de super Antipasti-Buffet!
23/05/2025
Den Owend an der Comitéssitzung hu mir den Damien Schmit eestëmmeg an de Comité gewielt.
Mir heeschen hien häerzlech wëllkomm☺️
📌 Den 29 Joer jonke Lëtzebuergeschproff wunnt zanter e puer Méint zu Beefort. Hien ass begeeschtert vu Sproochen a léiert niewelaanscht nach Spuenesch.
Mir hoffen iech ganz geschwënn op eist nächst Event kënnen z‘invitéieren💬👥
07/03/2025
Interessant Gespréicher a gutt Stëmmung den Owend op der Generalversammlung vun der Sektioun Schwaarz Iernz✍️🎤
Merci jidderengem deen de Wee op de Scheedgen fonnt huet☺️ a merci dem Nori fir d‘Foto📷
28/10/2024
Mir haten nees eng gutt Stëmmung op eisem Afterwork an der Scheier zu Konsdrëf. Dem Edith an dem Liette hir selwer gemaachte Schnittercher waren esou séier fort, dass mer keng Foto méi konnte maachen ;)
09/05/2024
Happy Europe Day🇪🇺 kommt bis laanscht🤗
08/05/2024
Mir si muer um Europadag mat engem Stand zu Beefort. Bei eis kritt dir Kaffi a Kuch🤗 Kommt bis laanscht🤩
09/03/2024
Gëschter Owend hate mir eis Generalversammlung um Scheedgen am Veräinsbau.
Merci der Gemeng Konsdref fir de Sall!
D‘ Bibi Wintersdorf, Gemengeconseillère vu Bech ass elo Vizepresidentin vun der Sektioun an d‘Rebecka Danielson huet de Comité verlooss, well hatt am Abrëll plënnert.
Mir haten déi grouss Éier 3 Kandidate fir d‘Europawalen bei eis ze hunn: de Charles Goerens, d’Amela Skenderovic an de Christos Floros.
Merci iech dräi fir dee flotten Austausch ☺️ Eis Ënnerstëtzung hutt dir den 9. Juni💪💙
02/02/2024
Mir wënschen alle Kanner vill Spaass beim Liichtmëssdag 🏮🍬
Un d'Leit op der Strooss: Passt w.e.g. gutt op d'Kanner op👀
05/01/2024
D'DP Schwaarz Iernz invitéiert op hiren Neijoerschpatt den 11. Januar um 19 Auer zu Beefort am Kummelsbau.
📌13 Rue Kummel, 6310 Beefort.