Amicale Pompjeeën Beefort

Amicale Pompjeeën Beefort

Partager

Amicale Pompjeeën Beefort

01/05/2026

Maikranz 2026 🌿🍻

Amicale Pompjeeën Beefort wünscht euch einen schönen 1. Mai

Photos from Amicale Pompjeeën Beefort's post 24/02/2026

🔥 Réckbléck op d’Buergbrennen zu Beefort 🔥

E Sonnenowend, den 22.02, huet Beefort nees am Liicht vun de Flamen gestanen – trotz Reen. 🌧️🔥

Och wann d’Wieder net ganz matgespillt huet, hu sech vill Leit versammelt, fir zesummen de Wanter ze verdreiwen an eng flott, geselleg Stëmmung ze genéissen. De Reen konnt eis d’Laun net huelen – am Géigendeel, en huet gewisen, wéi staark de Zesummenhalt an eiser Gemeng ass. ✨

🙏 E grousse MERCI un:

• d’Firma Rollingertec
• de Kranchauffeur Marco Augusto
• eiser Gemeng Beefort
• Gemeng Reisduerf
• de Bauer Reiff
• de Bauer Schilling
• dem Nico Niggel
• dem Besëtzer vun der Wiss

Ouni är Ënnerstëtzung a fräiwëlleg Hëllef wier dëst Buergbrennen net méiglech gewiescht.

Merci un all déi, déi dobäi waren – mir freeën eis schonn op d’nächst Joer! 🔥😊

22/02/2026

D‘ Buerg 🏰 ass pünktlech faerdeg ginn.
Kommt laanscht 🍔🌭⛺️🍺

10/01/2026

Eis Ekipp ass ennerwee vir d‘Chreschtbeemecher anzesammelen🎄
Och déi wanterlech Konditiounen stoppen eis net❄️☃️🚒

05/01/2026

🎄 Chrëschtdagsbam-Sammlung 2026 🎄

D’Amicale Pompjeeën Beefort sammelt e Samschdeg, den 10. Januar ab 9 Auer, d’Chrëschtdagsbeemcher zu Beefort.

👉 Wann s du eis bei der Aktioun hëllefe wëlls, lee däin Beemchen virun d’Hausdier.
🔥 Déi gesammelt Beemcher ginn ewéi all Joer fir eist Buergbrennen benotzt.

Villmools Merci fir är Ënnerstëtzung! 🚒❤️

26/11/2025

🎄Adventsfenster den 2.12 am CIS Beaufort🎄

Och dëst Joer si mir nees mat vill Häerz dobäi an natierlech net ouni eis traditionell, frësch gemaachten Kischelcher! 🍪😍

Nieft dëse séisse Klassiker, déi mir verkafen, offréiere mir och waarme a kaale Patt an eppes Leckeres ze iessen, fir dass jidderee säin Adventsmoment genéisse kann.

Kommt bis laanscht, verbréngt eng gemittlech Stonn mat eis a loosst Iech an d’Feststëmmung bréngen. 🎅✨

Mir freeën eis op Iech! ❤️

19/11/2025

Rock de Puck beim Biggy
huet d’Baam-Challenge erfollegräich gemeeschtert. 🌳🌲

16/11/2025

E grousse Merci fir d’Nominatioun 🙌
Pompjees-Musik Bettenduerf

Mir hunn haut dem „Nëssi“ e Stéck Zukunft geschenkt 🌱💚

Elo si mir drun mat nominéieren:
Judo Club Beaufort-Echternach
Rock de Puck beim Biggy
@ Schoulpersonal Beeforter Buergfénkelcher

Dir hutt 72 Stonnen Zäit fir och e Bam ze planzen – soss komme mir op Är Käschten iessen an drénken 😄🍽️🥤

06/06/2025

UPDATE VUN DER AUERZÄIT BIS OPEN END 🎉

+++ AFTER WORK PARTY +++

AM CIS BEAUFORT 🚒

Photos from Amicale Pompjeeën Beefort's post 25/05/2025

Merci Gemeng Beefort und Kommission.
Wir haben gerne geholfen 👌🏻💪🏻

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Beaufort ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

Adresse


61 Route De Dillingen
Beaufort
L-6315