CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg

CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg

Partager

CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg

04/06/2026

The place to be - Samschdes 13. Juni op der Kiercheplaz zu Beetebuerg

++ Aweiung vum restauréierte Pompjeeswon ++

Samschdes den 13. gëtt um 15:00 Auer op eisem Summerfest, a Präsenz vum Buergermeeschter a vum Paschtouer, e restauréierte Beetebuerger Won aus dem Joer 1950 dem Publik virgestallt an offiziell ageweit.

Uschléissend invitéiert d'Gemeng op e Patt.

Mir invitéieren iech all, den 13. Juni bei eisem Summerfest op der Kiercheplaz dobäi ze sinn. Fir Iessen, Gedrénks an Animatioun ass gesuergt.

CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg Bettembourg

03/06/2026

90% vun de Pompjeeën zu Lëtzebuerg si Fräiwëlleg. Merci fir hiren Engagement!

Photos from CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg's post 20/05/2026

++ Maintien des Acquis iwwer d'Thema Vegetatiounsbrand ++

Gëschter Owend huet den CIS Bettembourg, zesumme mat de Kolleege vum CIS Centre d’incendie et de secours Dudelange a vum CIS Frisange eng Übung ronderëm d'Thema Vegetatiounsbrand organiséiert. Vegetatiounsbränn erfuerdere vun de Rettungsdéngschter en ugepasste Virgoen. Dofir ass et wichteg, dëst Thema reegelméisseg ze trainéieren an déi neisten Technike virzestellen.

D'Übung huet mat engem kuerze Rappel iwwert d'Virgoe bei Vegetatiounsbränn ugefaangen. Och d'Sécherheetshiweiser bei esou Asätz sinn nach eng Kéier erkläert ginn. Uschléissend ass d'Schaffe mat enger Kaart an d'Orientatioun theoretesch a praktesch thematiséiert ginn, bevir d'Memberen an zwee Ateliere weider Infoe kruten.

An engem Atelier kruten d'Membere d'Funktionalitéit vum ULF (Universallöschfahrzeug) vum CIS Bettembourg a vum TLFW (Tanklöschfahrzeug-Waldbrand) vum CIS Frisange erkläert.

An engem weideren Atelier sinn déi gängeg Utensilie fir d'Bekämpfe vu Vegetatiounsbränn erkläert ginn. D'Participant'en konnten dës uschléissend an engem kontrolléierten a gesécherten Ëmfeld och praktesch trainéieren.

Merci alle Participante fir dësen intressanten Austausch.

An deenen nächsten Deeg wäert et nees e gutt Stéck méi waarm an domat och méi dresche ginn. Et ass de Rappel, vigilent ze sinn, fir eventuell Vegetatiounsbränn ze vermeiden.

Note: och wa bei Vegetatiounsbränn op eng reduzéiert Uniform zeréckgegraff ka ginn, hunn d'Participanten bei der Übung deels awer an der Nomex-Jackett geschafft, dëst opgrond vum Wieder.

12/05/2026

++ Visite vum Parc Merveilleux ++

Gëschter Owend kruten d’Membere vum CIS Bettembourg an och hier Kolleege vun Diddeleng e Bléck hannert d’Kulisse vun der gréisster Fräizäit-Attraktioun zu Lëtzebuerg. Nieft der Virstellung vum Site a vu Beräicher déi soss net fir de Public accessibel sinn, huet och de Veterinaire vum Parc puer Hiweiser am Ëmgang mat den deels exoteschen Déiere ginn.

Esou Visitten si wichteg, fir dass esou wuel d’Rettungsdéngschter ewéi och d’Mataarbechter vum Parc Hand an Hand zesumme schaffe kënnen.

Merci dem Parc Merveilleux fir den intressanten Owend.

Centre d’incendie et de secours Dudelange

04/05/2026

++ Internationalen Dag vun de Pompjeeën ++

Haut um 4. Mee ass den internationalen Dag vun de Pompjeeën. Dofir wëlle mir dovu profitéieren, alle Membere vun de Rettungsdéngschter, ma virun allem eise fräiwëllegen an haaptberuffleche Memberen, MERCI ze soen.

MERCI fir hiert Engagement am Déngscht vum Bierger. Ronn 64.300 Stonnen hu si 2025 geleescht an iwwer 2.680 Asätz ofgeschafft.

MERCI awer och alle fréiere Membere vu Beetebuerg, déi hiren Deel zu der Geschicht bäigedroen hunn.

14/04/2026

Foto vum Maintien des acquis gëschter Owend.

31/03/2026

++ Nei Kaderen vun den CIS Bettembourg an Dudelange ++

Op den 1. Abrëll 2026 (nee, dëst ass keen Abrëllsgeck) kënnt et zu Ännerungen um Niveau vun der Leedung vun de béide CIS’e Beetebuerg a Diddeleng .

Iwwert déi nächst Jore wäerten d’Asazzentere Beetebuerg an Diddeleng fusionéieren an an
Zukunft op en neie Site an der Z.A.E. Wolser (an der Géigend vun der Firma Husky) plënneren.

Mat Bléck op d‘Virbereedunge vun dëser zukünfteger Fusioun huet de Verwaltungsrot vum CGDIS en neie Kader fir den CIS Bettembourg an den CIS Dudelange nominéiert:

De Pascal Thinnes, zënter 2020 Offizéier beim CGDIS, iwwerhëlt de Poste vum “Chef de Centre” vum CIS Beetebuerg esouwéi dem CIS Diddeleng . Nieft senger berufflecher Erfarung ass de Pascal schonn zënter ville Joren als fräiwëllege Pompjee am CIS Dippech aktiv an engagéiert sech och do an der respektiver Amicale.

De Sven Weber, bis zu dësem Zäitpunkt Chef de Centre vum CIS Bettembourg, iwwerhëlt de Poste vum Chef de Centre adjoint vum CIS Bettembourg. Zënter dem Joer 2000 als fräiwëllege Pompjee aktiv, huet de Sven iwwer d’Joren ënnert anerem d’Funktioune vum Sektiounschef, vum Kommandant a vum Chef de Centre zu Beetebuerg ausgeüübt. Mat der Grënnung vum CGDIS huet hie sech och berufflech an dësem engagéiert.

Den Yves Vesque, deen am Joer 2020 d’Funktioun vum berufflechen Zenterchef am CIS Dudelange iwwerholl huet, gëtt elo Chef de Centre adjoint vum CIS Diddeleng. Hien huet 2002 bei den deemolege Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen. Als fräiwëllege Pompjee war den Yves am GIS CYNO engagéiert, wou hien och d’Funktioun vum Chef GIS adjoint ausgeüübt huet.

Ab dem 1.Abrëll zielen de CIS Beetebuerg an de CIS Diddeleng deemno jeeweils zwee berufflech Féierungsniveauen, déi d‘Zenteren op d’Fusioun virbereede sollen. Ënnerstëtzt ginn si weiderhi vun de verschiddene Chefs d’unité a Chefs de Section.

Mir wënschen deenen neie Kaderen eng glécklech Hand.

CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours Bettembourg

Photos from CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg's post 27/03/2026

++ Merci Izzi ++

Iwwert déi nächst Jore wäerten d’Asazzentere vu Beetebuerg an Diddeleng fusionéieren. Am Kader vun dëser geplangter Fusioun kënnt et op den 1. Abrëll zu Upassunge bei der Féierung vum CIS Bettembourg. Déi nei Féierung wäerte mir iech an den nächsten Deeg virstellen.

Dëst bréngt mat sech, dass de Raffaele Izzi säi Posten als Chef de Centre Adjoint vum CIS Bettembourg wäert opginn. Den Izzi, wéi en am Zenter genannt gëtt, ass zënter 2001 fräiwëllege Pompjee zu Beetebuerg. 2015 krut hien d’Nominatioun als Sektiounschef an ass an de Comité vum CIBETT opgeholl ginn. Zënter hier huet den Izzi bei villen Asätz d’Leedung iwwerholl an d’Projet’en am Zenter begleet. Mat der Grënnung vum CGDIS ass den Izzi du Chef de Centre Adjoint ginn, eng Charge déi hien als fräiwëllege Pompjee iwwerholl huet. Den Izzi huet säin Hobby iwwregens och zum Beruff gemaach an ass nieft fräiwëllegem Pompjee och Beruffspompjee am CGDIS an an den Zentere Beetebuerg an Diddeleng affektéiert.

Iwwert d’Joren huet den Izzi sech a sengen ënnerschiddleche Funktiounen ëmmer fir de Beetebuerger Zenter agesat. Virun allem säin Engagement an der Logistik ronderëm d’Material an de Fuerpark ass ervirzehiewen.

Och wann den Izzi säi Poste wäert opginn, esou si mir frou, dass hie weiderhin als Member zu Beetebuerg aktiv bleift an sech och weiderhin ëm d’Logistik këmmert.

Merci Izzi fir däin Engagement!

Bettembourg CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours

Photos from CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg's post 25/03/2026

E Sonndeg den 22. Mäerz hat d'Fédération Nationale des Pompiers - Grand-Duché de Luxembourg op déi national Schwammmeeschterschaften fir Pompjeeën zu Dikrech an der Schwemm invitéiert 🏊‍♀️👩‍🚒.

D'Jugendpompjeeë vu Beetebuerg ware mat 8 Schwëmmer vertrueden. Um Enn konnten si och 2 Medailen (1 Gold an 1 Bronze) mat op Beetebuerg bréngen 🥇🥉. Gratulatioun un all eis Jugendlech!

Du hues och Loscht an d'Jugendpompjeeën ze kommen? Da mell dech bei eis.

10/03/2026

++ Verdeele vun de Memberskaarten ++

Dir wëllt d’Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën an domat d’Memberen vum CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg e bëssen ënnerstëtzen? Da kënnt dir dëst iwwert eng Éiere-Memberschaft oder d’Schlësselassurance maachen.

Zënter gëschter ginn d’Bréifer duerch de CIGL un all Haushalt an der Gemeng Beetebuerg verdeelt.

Mir géifen eis freeën, wann dir e klengen Don maache géift!

Merci

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Bettembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


2-4, Rue J./H. Polk
Bettembourg
3275