26/10/2025
Verbréngt e gemittleche Mëtten mat ärer Famill am Bësch. Donneschdes, an der Allerhelljevakanz, léiert dir op eng spilleresch Art a Weis eppes iwwert de Maulef a maacht zesumme mat äre Kanner flott Spiller.
Mellt iech un op www.samo.lu/kalenner
26/10/2025
Wëlls du no engem stressegen Aarbechtsdag e bëssen ofschalten an d'Rou vun der Natur genéissen? Da mell dech elo nach schnell un, an entspan a gemittlecher Atmosphär a gudder Gesellschaft🙂🔥
02/05/2025
Am Mee läit de Fokus op der Natur. Sich der eng Woch am Mee eraus, an däer's de däin Handy ëmmer eweg lees, wanns de duerch e Bësch, Park, Feld,... spazéiers. Lee däi Fokus op däin Emfeld: op d'Natur. Lauschter d'Villecher, kuck der d'Planzen un a spier de Wand, d'Sonn oder de Reen op der Haut.
Genéiss de Moment a schalt kuerz of.
Schreif deng Erfarungen gär an e Kommentar.
30/04/2025
3 Méint - 3 Challengen
Challenge dech am Mee, Juni a Juli. Sich der am jeweilege Mount eng Woch eraus an däer's de eng Erausfuerderung unhëlls an all Dag kuerz Momenter no dier kucks an op däi Kierper an däin Emfeld lauschters.
Infos zu den Challengen kommen am jeweilege Mount
28/04/2025
Scheinwelt_Videoclip_FINISH
This is "Scheinwelt_Videoclip_FINISH" by De Piwitsch on Vimeo, the home for high quality videos and the people who love them.