Château de Bourscheid

Château de Bourscheid

Partager

Site historique Le premier Seigneur du château fut Bertram de Bourscheid, cité pour la première fois en 1095 dans les annales de Bourscheid.

Le début de la construction du château, remplaçant les vestiges d'anciennes fortifications, date de l'an 1000.

Photos from Château de Bourscheid's post 15/05/2026

Den 13. Mee hunn mir Owes d'Präisiwwerreeschung gemaach fir eis Gewënner vum Concours deen mir während dem Ouschterweekend bei eisem Stand am Cactus gemaach haaten🥳🤗
Et hunn ronn 350 Leit matgemaach an die richteg Unzuel vun den Zockertuuten war... 671!🍬
Félicitatiounen un all eis Gewënner an merci eisen Sponsoren fir die flott Kaddo'en die mir verdeelen konnten🥂🍻 Grousse Merci och un den Cactus Ingeldorf fir hier Ënnerstëtzung an dat mir nees wie all Joer bei hinnen eisen Stand konnten opriichten!🏰🤝🌵

12/05/2026

Merci @ Eng Postkaart den Dag fir Deelen vun dëser aler Opnam vum Stolzebuerger Haus a vun der Ënnerbuerg🙏

Vue op d'Iwwerreschter vun der Buerg Buerschent.
Mir gesinn hei eng al Vue op Buerschter Buerg, wéi se haut net méi ze gesinn ass, vu dass d'Buerg zu engem gudden Deel nei opgeriicht a restauréiert ginn ass.
D'Buerg beandrockt duerch hir grouss Ausdeenung an duerch hir vill verschidden Gebaier a Baustiler, déi eis vill iwwer d'Geschicht vun der Buerg erzielen.
Op der Buergplaz goufen e puer réimesch Mënz fonnt an net wäit vun der Buerg ass och e Kiem verlaf. Op awer schonn zu Réimerzäit eng Festung op der Buergplaz stoung, ass net sécher ze soen.
Éischt Erwänung vun der Buerg fanne mir am Joer 1095 wou vun engem "munitissimum...castrum Bursceith" geschwat gëtt, zesummen mat engem Bertram vu Buerschent. Op hien och den Erbauer vun der Buerg war, ass net sécher ze soen.
Kloer ass awer, dass déi éischt Befestegung ganz aus Holz bestanen huet, déi ongeféier ëm d'Joer 1000 gebaut ginn ass.
Um Enn vum 11. Jh., Ufank 12. Joerhonnert ass d'Holzbuerg ganz zu enger Steebuerg ëmgebaut ginn.
Weider gouf d'Buerg am ganzen bis zu 5 mol ëm- an ausgebaut.
1512 ass dee leschten Här aus der Famill vu Buerschent gestuerwen an d'Buerg ass un verschidden Iewen, ënnert anerem d'Famill Metternich gaangen.
Duerch déi vill nei Besëtzer vun der Buerg an och de Verloscht u Stellewäert vu Buergen an der Neizäit duerch z.B. de Fortschrëtt vun der Artillerie, ass d'Buerg lues a lues verfall.
1972 gouf d'Buerg dunn un de Staat verkaaft, dee wichteg Renovatiouns- a Rekonstruktiounsaarbechten duerchféiere gelooss huet.

19/04/2026
03/04/2026

📣GEWËNNSPILL📣
Haut a muer ass d'Schlass op een Ausfluch an den Cactus zu Angelduerf🏰🌵 Kommt eis besichen an maacht mat bei eisem Gewënnspill fir eng Chance ze hunn ee Flug mam Schlass-Ballon ze gewannen!
Dir kënt awer och iwwer Facebook deelhuelen👀 Dofir musst dir eis just soen wivill Tuuten Zocker am Pokal sinn, eis Säit an dëse Post liken an deelen. Bonne Chance!🍀🍀🍀

*** Gewënnspill ass ofgeschloss. Merci fir Matmaachen. Resultater ginn deemnächst hei publizéiert. Schéin Ouschteren. ***

Photos from Château de Bourscheid's post 03/04/2026

Kommt eis op eise Stand an de Cactus op Angelduerf besichen.
Och dëst Joer gëtt et rëm ee Gewënnspill an den 1. Präis ass ee Ballonsflug.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Bourscheid ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Type

Téléphone

Adresse


Schlasswee
Bourscheid
9140

Heures d'ouverture

Lundi 09:30 - 18:00
Mardi 09:30 - 18:00
Mercredi 09:30 - 18:00
Jeudi 09:30 - 18:00
Vendredi 09:30 - 18:00
Samedi 09:30 - 18:00
Dimanche 09:30 - 18:00