05/06/2026
🪵 Brennholz-Stee | Kanech - 13. Juni 2026 🔨
🇱🇺
Léif Matbiergerinnen,
Léif Matbierger,
Samschdes, den 13. Juni 2026 fënnt um 10:00 Auer am “Reeschbësch“ tëscht Kanech a Greiweldeng ons Brennholz-Stee statt.
Dës Stee riicht sech un ons Matbierger. Versteet gëtt Laangholz a Kouertenholz / Ster aus onsem Gemengebësch.
De Präis fir d'Laangholz, net geschnidden a net gespalt, fänkt bei 55,00 €/m3 un (ouni TVA vun 8 %) a fir ee Ster bei 50,00 €/m3 (ouni TVA vun 8 %). E Weiderverkaf vum gesteetem Holz ass net erlaabt.
🌐 ▶️ https://lenningen.lu/media-centre/publications/
🇫🇷
🪵 Vente aux enchères de bois de chauffage | Canach - 13 juin 2026 🔨
Chères concitoyennes,
Chers concitoyens,
Une vente aux enchères de bois de chauffage aura lieu le samedi 13 juin 2026 à partir de 10h00 au «Reeschbësch» entre Canach et Greiveldange.
Cette vente est réservée aux concitoyens de la commune de Lenningen. Du bois long ainsi que du bois en stères et cordes provenant de la forêt communale seront mis en vente.
Le prix de départ du bois long, non-coupé et non-fendu est fixé à 55,00 €/m3 (hors TVA 8 %) et celui du bois en stère est fixé à 50,00 €/m3 (hors TVA 8 %). La revente du bois adjugé n’est pas autorisée.
🌐 ▶️ https://lenningen.lu/media-centre/publications/
27/05/2026
[🚲 Mobilitéit 🚗]
🇱🇺
Léif Matbiergerinnen,
Léif Matbierger,
Mir informéieren iech, datt samschdes, den 30. Mee 2026 d'Vëloscourse “Schleck Gran Fondo“ stattfënnt.
Mir bieden Iech ze notéieren datt d’Cyclisten duerch Lenneng a Kanech fueren.
Fir d'Sécherheet vu jidderengem ze garantéieren si bei follgende Stroossen an zu follgenden Auerzäite speziell Verkéiersmoossname geholl ginn:
- Rue de l’Ecole, Lenneng (CR146) vu 9:30 bis 12:12 Auer;
- Rue de Canach (CR146) an d’Rue du Village (CR146), Lenneng vu 9:45 bis 12:30 Auer;
- Rue Hardt (CR145), Kanech vun 11:15 bis 16:45 Auer.
Déi speziell Verkéiersreegele sinn:
- d’Stroossen si nëmmen an eng Richtung op (sens unique);
- Parkverbuet a béid Richtungen.
Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech a bieden Iech Är Faarten deen Dag entspriechend unzepassen.
All Informatiounen, wéi zum Beispill déi gesamt Stréck vun der Course, fannt dir op onser Internetsäit.
🌐 ⇨ https://lenningen.lu/
[🚲 Mobilité 🚗]
🇫🇷
Chères concitoyennes,
Chers concitoyens,
Nous vous informons que la course cycliste «Schleck Gran Fondo» aura lieu le samedi 30 mai 2026.
Nous vous prions de bien vouloir noter que les cyclistes participants traverseront, ce jour-là, les localités de Canach et de Lenningen.
Afin de garantir la plus grande sécurité publique possible, des mesures de circulation spécifiques seront mises en place pour:
- la Rue de l’Ecole à Lenningen (CR146) de 9h30 à 12h12;
- la Rue de Canach (CR146) et la Rue du Village (CR146) à Lenningen de 9h45 à 12h30;
- et la Rue Hardt (CR145) à Canach de 11h15 à 16h45.
Les mesures particulières de circulation prévues pour les rues concernées sont les suivantes:
- tronçon de voie publique où la circulation se fait en sens unique;
- interdiction d’accès aux conducteurs de véhicules et d’animaux, auxquels la voie publique est uniquement accessible par la direction opposée;
- stationnement interdit dans les deux sens.
Nous vous remercions pour votre compréhension et vous invitons à adapter vos déplacements en conséquence.
Toutes les informations, comme par exemple le parcours complet de la course, sont disponibles sur notre site internet.
🌐 ⇨ https://lenningen.lu/
26/05/2026
💃🌴☀️ SAVE THE DATE☀️🌴💃
🎶🔥 Summer Vibes 🔥🎶
📅 Samschdes, de 4. Juli 2026 ab 19:00 Auer
📍 3, rue de l'Eglise, Kanech
💃 Salsa Rhythmen • 🎺 Latin Beats • 🍹 Cocktails • 🌞 Summer Feeling in the Village
✨ Organisatioun: Odeon asbl & d'Kulturkommissioun vun der Gemeng Lenneng
☀️ SAVE THE DATE - 04.07☀️
Odeon asbl & the Culture Commission proudly present the third edition of: SUMMER VIBES 🌴🎶
Join us for a festive summer evening full of latin music, dance, cocktails, and good vibes!
🎟️ FREE ENTRY
💃 19:00 – Salsa Workshop
🎶 20:30 – Live latin music with CHOCO Y SUS COMPLICES!
🍹 Cocktails & delicious food on site. All money collected will be donated to charity.
📍 Public Place, 3 rue de l'Église, Canach
26/05/2026
⚠️Wéinst Aarbechten un der Waasserleitung gëtt d'Waasserversuergung haut (26-05-2026) an der Uertschaft Lenneng vun 09:30 Auer bis 11:00 Auer ënnerbrach.
⚠️Dans le cadre de travaux d’entretien, l’approvisionnement en eau potable dans la localité de Lenningen sera interrompu aujourd'hui (26-05-2026) de 09h30 à 11h00.
22/05/2026
🇱🇺
Léif Matbierger,
Léif Alleguer,
Mir informéieren iech, datt déi nächst Gemengerotssëtzung donneschdes, de 4. Juni 2026 um 15:00 Auer am Gemengenhaus zu Kanech stattfënnt.
Den Ordre du jour vun där Sëtzung fannt dir ënnert dësem Post.
🇫🇷
Chers concitoyens,
Chers tous,
Nous vous informons que la prochaine séance du conseil communal se tiendra le jeudi 4 juin 2026 à 15h00 à la maison communale de Canach.
Veuillez trouver ci-dessous l'ordre du jour de la séance.
🌐➜ https://lenningen.lu/
22/05/2026
D'Jugendkommissioun an d'Härenekipp vum FC Jeunesse Canach invitéieren iech freides, de 5. Juni ab 17:00 Auer op déi 10. Editioun vum "Café Belgique", deen an der Buvette vum Stade "Fernand Weber" zu Kanech stattfënnt.
21/05/2026
D‘Elterevereenegung Lenneng Kanech organiséiert samschdes, de 4. Juli 2026 ab 11:00 Auer hiert Spillfest fir Kanner um Schoulkomplex “Kaulenwiss“ zu Kanech.
Attraktiounen an Atelieren déi Freed, Spaass, Laachen a grouss A maachen erwaarden iech.
Fir déi grouss ass ganz sécher och eppes derbäi.
De ganze Programm vum Fest fannt dir um Flyer.
19/05/2026
💃 SAVE THE DATE 🕺
Soirée française 🇫🇷 un événement entre valse 🎻, musette 🎼 et guinguette 🪗
📅 Vendredi, 10 juillet 2026 à partir de 18h00
📍Mercure Luxembourg Kikuoka Golf & Spa, Canach
18/05/2026
🇱🇺
Léif Matbiergerinnen,
Léif Matbierger,
Léif Alleguer,
Mir informéieren iech, datt ons Büroen donneschdes, den 21. Mee 2026 ausnamsweis vun 12:00 Auer un zou sinn.
Am Noutfall erreecht dir ons um 621 498 143.
Mir soen iech Merci fir Äert Verständnis.
🇫🇷
Chères concitoyennes,
Chers concitoyens,
Chers tous,
Nous vous informons que l’Administration communale de Lenningen fermera exceptionnellement ses portes le jeudi 21 mai 2026 à 12h00.
En cas d’urgence, vous pouvez nous joindre au 621 498 143.
Nous vous remercions de votre compréhension.
🇬🇧
Dear citizens,
Dear all,
We would like to inform you that the Lenningen municipal administration will be closed exceptionally on Thursday May 21, 2026 at 12:00 pm.
In case of emergency, you can reach us on 621 498 143.
Thank you for your understanding.
💻➡︎ https://lenningen.lu/
17/05/2026
Den 12. Mee 2026 hunn d’Schäfferéit aus dem Kanton Réimech am Kader vun hirer Reunioun, déi dës Kéier zu Munneref stattfonnt huet, dat regionaalt Klimaschutz Leitbild ënnerschriwwen ✍️🌳🌻 Dëst Leitbild definéiert gemeinsam Ziler, Prinzippien an Handlungsfelder, ouni an déi operativ Ëmsetzung oder an d’Detailplanung vun den eenzele Gemengen anzegräifen. Konkret Moossnamen, Zäitpläng an d’Budgete bleiwe weiderhin an der Verantwortung vun de jeeweilege kommunalen Instanzen a gi schrëttweis, koordinéiert a bedarfsorientéiert weiderentwéckelt.
De Kanton Réimech setzt op eng verstäerkt regional Zesummenaarbecht, fir gemeinsam a virun allem wierksam den Erausfuerderunge vum Klimawandel entgéintzewierken.
Eng regional Klima-Konferenz, organiséiert vun der Klima-Agence fënnt den 30.06.2026 um 19 Auer zu Munneref am Bierger- a Kulturhaus statt (weider Detailer kommen no).