Fir Iech, Mat Iech

Fir Iech, Mat Iech

Partager

Mir stellen Iech op dëser Säit eis Ekipp vun 9 Kandidate fir d’Gemengewalen zu Konsdref vir.

Rebecka Danielson, Joëlle Salentiny, Edith Jeitz, Susy Lopes, Christophe Meisch, de Bruin Jang, Nico Vesque, Alfred Neises, Lee Heynen.

01/06/2023

Mäin Numm ass Edith Jeitz, ech sinn 59 Joer al an e Konsdrëffer Meedchen. Zanter 2017 sinn ech Buergermeeschtesch vun der Gemeng Konsdref.
Ech si Bankemployée a Bedreiwerin vun der Fitness-Scheier zanter 1989.
Meng Hobbyen si Sport a bei mengem Brudder an der Bäckerei aushëllefen.
Ech wëll iis grouss Projete virubréngen (nei Schoul, Ëmgestaltung vun der Scheedges Kierch, Kreatioun vun enger Duerfplaz zu Konsdref an de Raccordement un de Kanal um Wuelper. Ech wier frou wann ech d‘Vertrauen nach eng Kéier géif kréien, fir nach nei Projeten ze entaméiere fir eis Gemeng no vir ze bréngen.

31/05/2023

Mäin Numm ass Nicolas Vesque. Ech sinn e Konsdrefer Jong, 64 Joer al, pensionéiert a Schäffen.
Ech si President vun der Weekommission, President vun de Schollenhoppeler (al Tracteuren) Am Kader vu menger Aarbecht an der Weekommissioun, sinn ech amgaang eng Kaart vun iise Quellen ze erstellen.
Doriwwer eraus sinn ech Member bei de Roude Léiwen a bei de Konsdrefer Senioren.
Besonnesch um Häerz läit mir den Erhalt an d‘Ausbaue vun iser Duerfstruktur (d.h) Material, Spillplazen, Grénganlagen, Infrastrukturen, d‘Wanderweeër, etc.

30/05/2023

Mäin Numm ass Susy Lopes. Ech sinn 59 Joer al, Mamm vun zwee Meedercher a ganz houfreg op mäi kléngen Enkelchen. Zanter 27 Joer wunnen ech an der Gemeng Konsdref an zanter 2008 um Scheedgen.

Ech schaffen zanter 40 Joer bei der selwechter Firma mat 1900 Mataarbechter wou ech en Direktiouns-Leader Posten am Beräich Relatioun Client; Organisatioun vun de Sitten; Motivatioun an Ausbildung vum Kommerziellen a Supervisiouns Personal.

An e puer Wochen ass d’Zäit do fir an d’Pensioun ze goen. Ouni inaktiv kënnen ze bleiwen, akzeptéieren ech dës nei Erausfuerderung vum Kandidat fir d’Gemengewalen. Ech well mech engagéiere fir eis Gemeng méi liewenswäert ze maachen a wënsche mir méi soziaalt Liewen an engem ëmweltfrëndlechen Environnement.

(Français)
Je m’appelle Susy Lopes, j'ai 59 ans, mère de deux filles et très fière de mon petit-fils. Je vis dans la commune de Consdorf depuis 27 ans et depuis 2008 à Scheidgen.
Je travaille depuis 40 ans dans la même société avec 1900 salariés où j’occupe un poste de Directrice-Adjointe dans le domaine du Relationnel clients ; Organisation et gestion opérationnel des sites ; Motivation et formation du personnel commercial et d'encadrement.
Dans quelques semaines, le temps de la retraite sera arrivé.
Sans pour autant pouvoir rester inactive, j'accepte donc ce nouveau challenge de candidate aux élections communales, ou mon but serait d’apporter mon soutien à rendre notre commune plus vivable, avec plus de vie sociale, dans un milieu respectueux de l'environnement.

28/05/2023

Mäin Numm ass Alfred Neises. Ech si 56 Joer al, bestuet a Papp vun engem Meedchen.
Ech sinn um Stoppelhaff grouss ginn a wunnen zu Kolwent. Ech schaffen als Privatbeamten bei der Enovos. Mat Passioun hunn ech iwwer 30 Joer hei zu Konsdref Futtball gespillt a war och aktiv an de Jugendpompjeeën. Mäin Hobby ass am Moment de Vëlossport.
Ech géif mech freeë mech an deenen nächste Jore kënne fir d‘Wuel vun de Bierger ze engagéieren.

26/05/2023

Mäin Numm ass Joëlle Salentiny. Ech si 57 Joer al a Mamm vun engem Jong.
Mäi Beruff ass Direktiounsassistentin bei der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun.
Meng Kandheet hunn ech an der Gemeng Konsdref verbruecht, méi genau um Stoppelhaff. Nodeems ech e puer Joer fort war, wunnen ech zënter 2002 nees an der Gemeng.
Meng grouss Passioun ass wanderen an ech si frou an houfereg an esou enger schéiner Regioun ze wunnen.
Als eng vun de Gemengen aus dem Natur & Geopark Mëllerdall a geleeën am Häerz vun der klenger Lëtzebuerger Schwäiz engagéieren ech mech gär fir dass eis Gemeng weider un Attraktivitéit gewënnt an e beléiften Unzéiungspunkt fir Touristen an Eenheemescher gëtt.
Natierlech ënnerstëtzen ech och all aner Projeten, respektiv droen ech dozou bäi fir nei Iddien an nei Projeten z‘entwéckelen.

25/05/2023

Mäin Numm ass Jang De Bruin. Ech sinn 63 Joer al, bestuet a Papp vun dräi Kanner. Ech wunnen zanter 35 Joer zu Konsdref. Ech wëll mech fir erneierbar Energien asetzen a fir eis Ëmwelt engagéieren.
Mäin Hobby ass meng Famill an ech gi vill mam Mupp an d’Natur trëppelen.

24/05/2023

Mäin Numm ass Lee Heynen. Ech sinn 22 Joer al, Studentin a wunnen zanter 5 Joer zu Konsdref. Ech sinn an der Hotelschoul. A menger Fräizäit baken a kachen ech gären.
Ech konnt Lëtzebuerg wärend 10 Woche representéieren op der Weltausstellung an iisem Pavillon zu Dubai.
Ech wëll mech fir d‘Jugend an d‘Promotioun vun eise lokale Restauranten asetzen.

(Deutsch)
Mein Name ist Lee Heynen. Ich bin 22 Jahre alt, Studentin und lebe seit 5 Jahren in Consdorf. Ich bin in der Hotelschule. In meiner Freizeit koche und backe ich sehr gerne.
Ich konnte Luxemburg auf der Weltausstellung in Dubai in unserem Pavillon vertreten.
Ich möchte mich für die Jugend und die Promotion unserer lokalen Restaurants einsetzen.

(Français)
Je m'appelle Lee Heynen. J'ai 22 ans, je suis étudiante et je vis à Consdorf depuis 5 ans. Je suis à l'école hôtelière. Pendant mon temps libre, j'aime beaucoup cuisiner et faire de la pâtisserie.
J'ai pu représenter le Luxembourg à l'exposition universelle de Dubaï dans notre pavillon.
J'aimerais m'investir pour les jeunes et la promotion de nos restaurants locaux.

(English)
My name is Lee Heynen. I am 22 years old, a student and have been living in Consdorf for 5 years. I am in hotel school. In my free time I love to cook and bake.
I represented Luxembourg at the World Expo in Dubai in our pavilion.
I would like to work for the youth and the promotion of our local restaurants.

23/05/2023

Mäin Numm ass Christophe Meisch. Ech si 24 Joer al a sinn am Marscherwald opgewuess. Mäin Hobby ass Sport.
Ech schaffe bei eis am Familljebetrib am Garage Kruft zu Iechternach. Ech sinn an der Vente an am Akaf täteg an hëllefe mengem Papp de Betrib leeden. Zu engem spéideren Zäitpunkt wäert ech d’Successioun vum Betrib iwwerhuelen.
Ech wëll mech fir de Commerce an eiser Gemeng asetzen.

20/05/2023

(English version below)

Mäin Numm ass Rebecka Danielson. Ech sinn 42 Joer al, sinn a Schwede gebuer an hunn déi duebel Nationalitéit, schwedesch a lëtzebuergesch. Ech wunnen zanter iwwer 20 Joer zu Lëtzebuerg, déi lescht zwee an hallef Joer zesumme mat mengem Liewenspartner um Scheedgen. Ech hunn e Bachelor an internationale Bezéiungen a schaffen zanter 18 Joer an enger Bank. Ech sinn eng leidenschaftlech Leeferin a verbrénge vill Zäit dobaussen an der Natur. An der Konsdrëffer Gemeng wunnen ze dierfen, matten am schéine Mëllerdall, empfannen ech als e Privileeg.

Integratioun an Toleranz si wichteg Wäerter fir mech. An eiser Gemeng hunn ech mech vun Ufank un wëllkomm gefillt, och wann ech net hei zu Lëtzebuerg gebuer sinn. Ech gi mat an d’Gemengewale fir eppes vun dëser Frëndlechkeet an Oppenheet zeréck ze ginn an d’Integratioun an d‘Participatioun vun all Bierger an eiser Gemeng weider ze ënnerstëtzen. Ech sinn iwwerzeegt dass wann ech eppes bewierke kann, da ka jidder aneren dat och!

(English)

My name is Rebecka Danielson. I am 42 years old, born in Sweden and have double nationality, Swedish and Luxembourgish. I have been living in Luxembourg for over 20 years, the last two and a half years in Scheidgen together with my partner. I have a Bachelors degree in International Relations and I have been working in a bank for 18 years. I am a passionate runner and spend a lot of time outside in nature. For me it is a privilege to live in Consdorf municipality, in the middle of beautiful Müllerthal.

Integration and tolerance are values that mean a lot to me. From day one I felt welcome in our muncipality, even though I am not born in Luxembourg. I participate in the municipal elections to give some of this friendliness and openness back and to further support the integration and participation of all citizens in our municipality. I am convinced that if I can make a difference, so can everybody else!

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Consdorf ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

Adresse


Consdorf