25/02/2026
[Wousst der schonn ...]
.. datt ëm déi 90 % vun der Aarbecht vum Pompjee aus Ambulanzasätz besteet?
Wärend der ganzer Woch kritt dir op RTL Radio en Abléck an de Beruff vum Pompjee an an d’Rekrutementsprozedur: https://gd.lu/6fQM8S
Loscht nach méi gewuer ze ginn an och de Sportstest ze probéieren?
Mellt iech fir den Informatiounsdag, den 14. März um CNIS, un: https://gd.lu/1rp68x
06/01/2026
[Prévention des risques liés aux surfaces d’eau gelées]
🇱🇺
Gefruere Waasserfläche kënnen täuschend wierken. Se gesi villäicht stabil aus, sinn et awer oft net.
Hei e puer Tipps:
• Gitt net op gefruere Weieren, Séien oder Flossufer
• Halt är Kanner an Déiere vun Äisflächen ewech
• Bleift a sécherer Distanz zu Äisflächen
Am Fall vun engem Accident:
• Rufft direkt op den 112 un a preziséiert déi genau Adress
• Probéiert net selwer eranzegoen (Benotzt e Seel, e Bengel oder en anert Hëllefsmëttel vum Ufer aus)
• Verléiert d’Persoun net aus den Aen
• Sot der Persoun se soll roueg bleiwen an sech beweegen
• Wann d’Persoun dobaussen ass, soll se ewech krauchen oder rullen
• Déi naass Kleeder sollen ausgedoen an d’Persoun am Waarme gehale ginn
Déi richteg Reaktioun ka Liewe retten.
🇫🇷
Les plans d’eau gelés peuvent donner une fausse impression de sécurité. La glace paraît solide, mais ne l’est souvent pas.
Voici quelques conseils :
• Ne vous aventurez pas sur des surfaces d’eau gelées
• Tenez les enfants et les animaux éloignés des zones à risque
• Restez toujours à une distance de sécurité
En cas d’accident :
• Alertez immédiatement le 112 et indiquez précisément le lieu
• Ne tentez pas de rejoindre la victime (utilisez une corde, un bâton ou un autre objet depuis la berge)
• Ne la perdez pas de vue
• Une fois sortie, elle doit ramper ou rouler pour quitter la zone fragile
• Enlevez les vêtements mouillés et maintenez la personne au chaud jusqu’à l’arrivée des secours
Une réaction adaptée peut sauver des vies.
06/01/2026
Mir bedaueren, dass den Cours net kann organiséiert ginn, well net genuch Participants ageschriwwen sinn.
Mir wäerten mat der Gemeng Duelem Recksprooch haalen fir en weideren 1. Hëllefscours ze organiséieren an der Hoffnung, dass genuch Participants sech aschreiwen.
„ Léiert 1. Hëllef, léiert Liewen retten „
Hei fannt dir all d‘1. Hëllef Couren an d‘Aschreiwungen: https://cours.cgdis.lu/page/course/1/DEU/index.html
📢Éischt Hëllef Cours organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Sécherheetskommissioun
🗓️ 06.01.2026 - 03.03.2026, all dënschdes (ausser an der Schoulvakanz)
🕖 19.00 - 21.00 Auer
📌 Salle Polyvalente, 3, Am Eck, Fëlschdref
31/12/2025
🚒🚑 🎇🎆D‘Pompjeeën vum CIS Duelem wënschen Iech Alles Guddes an en sëchert Joër 2026. Och 2026 engagéieren mir eis fir är Sëcherheet. 🚒🚑🎇🎆
Gemeng Duelem
30/12/2025
Pünktlech nach um Schluss vum Joer konnte mir haut eise KDOW an MTW an déi nei Garage setzen, dëst nodeems eist alt Gebai (Post Gebai) no engem Waasserschued am Januar huet missten of gerappt ginn, a puer Woche wann all et Uschlëss gemaach si kenne mir och nach an eisen neie Büro plënneren. Ee ganz grousse Merci un Gemeng Duelem.