28/05/2026
++ Summerfest ++
Verpasst net Samschdes den 13. Juni d’Summerfest vun de Beetebuerger Pompjeeën op der Kiercheplaz zu Beetebuerg.
Entdeckt d’Aarbecht vun de Pompjeeën, kuckt d’Virféierung vun eise Jugendpompjeeën um 11:00 Auer, sidd bei der Aweiung vum restauréierte Won aus dem Joer 1950 um 15:00 Auer dobäi, iesst an drénkt eppes Klenges a probéiert ärt Gléck bei eiser Tombola. Ma natierlech ass och fir Spill a Spaass fir d’Kanner gesuergt.
13/05/2026
De Romain Wohl, vu jidderengem Bonsai genannt, huet gëschter Dënschdegowend 12.5.2026 mat villen anere Benevollen vun de verschiddenen Diddelenger Veräiner, am Numm vun der Amicale vum Zenter Diddeleng a.s.b.l., de Prix du Bénévolat 2026 vun der Gemeng Diddeleng iwwerreecht kritt 🤗
Dem Bonsai seng Eckdaten:
- 1977: Hie fänkt als Jugendpompjee am Diddelenger Zenter un
- Säit 1985 Pompjee zu Diddeleng
- De Moment ass hie pompier de support
- 1987-2018: Member vum Comité vum Centre d’Intervention Dudelange
- 2019 bis haut: Trésorier vum Comité vun der Amicale vum Zenter Diddeleng a.s.b.l.
12/05/2026
++ Visite vum Parc Merveilleux ++
Gëschter Owend kruten d’Membere vum CIS Bettembourg an och hier Kolleege vun Diddeleng e Bléck hannert d’Kulisse vun der gréisster Fräizäit-Attraktioun zu Lëtzebuerg. Nieft der Virstellung vum Site a vu Beräicher déi soss net fir de Public accessibel sinn, huet och de Veterinaire vum Parc puer Hiweiser am Ëmgang mat den deels exoteschen Déiere ginn.
Esou Visitten si wichteg, fir dass esou wuel d’Rettungsdéngschter ewéi och d’Mataarbechter vum Parc Hand an Hand zesumme schaffe kënnen.
Merci dem Parc Merveilleux fir den intressanten Owend.
Centre d’incendie et de secours Dudelange
02/05/2026
01/05/2026 1. Meefeier
Och dëst Joer gouf traditionell zu Diddeleng am CIS den 1. Mee gefeiert.
Nodeems mir d’Kränz gebonnen haten, hu mir se beim Buergermeeschter Dan Biancalana a beim President vun der Amicale, Paul Schalz, un d’Haus gehaangen. Duerno si mir an den CIS gefuer, wou mir zesumme mat de Kolleege vu Beetebuerg giess hunn an den Nomëtteg gemittlech zesummen ausklénge gelooss hunn. Bei dëser Geleeënheet hu mir och dem neie gemeinsamen CIS-Chef, Pascal Thinnes, säi Kranz iwwerreecht.
Nei war dëst Joer, datt den CIS Beetebuerg an den CIS Diddeleng hir 1.-Mee-Feier zesumme gefeiert hunn — dëst mam Bléck op déi kommend Fusioun vun deenen zwee Zenteren.
31/03/2026
++ Nei Kaderen vum CIS Beetebuerg an Diddeleng ++
Op den 1. Abrëll 2026 (nee, dëst ass keen Abrëllsgeck) kënnt et zu Ännerungen um Niveau vun der Leedung vun de béide CIS’e Beetebuerg a Diddeleng .
Uechter déi nächst Jore wäerten d’Asazzentere Beetebuerg an Diddeleng fusionéieren an an
Zukunft op en neie Site an der Z.A.E. Wolser (an der Géigend vun der Firma Husky) plënneren.
Mat Bléck op d‘Virbereedunge vun dëser zukünfteger Fusioun huet de Verwaltungsrot vum CGDIS en neie Kader fir de CIS Beetebuerg an Diddeleng nominéiert:
De Pascal Thinnes, zënter 2020 Offizéier beim CGDIS, iwwerhëlt de Poste vum “Chef de Centre” vum CIS Beetebuerg esouwéi dem CIS Diddeleng . Nieft senger berufflecher Erfarung ass de Pascal schonn zënter ville Joren als fräiwëllege Pompjee am CIS Dippech aktiv an engagéiert sech och do an der respektiver Amicale.
Den Yves Vesque, deen am Joer 2020 d’Funktioun vum berufflechen Zenterchef am CIS Diddeleng iwwerholl huet, gëtt elo Chef de Centre adjoint vum CIS Diddeleng. Hien huet 2002 bei den deemolege Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen. Als fräiwëllege Pompjee war den Yves am GIS CYNO engagéiert, wou hien och d’Funktioun vum Chef GIS adjoint ausgeüübt huet.
De Sven Weber, bis zu dësem Zäitpunkt Chef de Centre, iwwerhëlt de Poste vum Chef de Centre adjoint vum CIS Beetebuerg . Zënter dem Joer 2000 als fräiwëllege Pompjee aktiv, huet de Sven iwwer d’Joren ënnert anerem d’Funktioune vum Sektiounschef, vum Kommandant a vum Chef de Centre zu Beetebuerg ausgeüübt. Mat der Grënnung vum CGDIS huet hie sech och berufflech an dësem engagéiert.
Ab dem 1.Abrëll zielen de CIS Beetebuerg an de CIS Diddeleng deemno jeeweils zwee berufflech Féierungsniveauen, déi d‘Zenteren op d’Fusioun virbereede sollen. Ënnerstëtzt ginn si weiderhi vun de verschiddene Chefs d’unité a Chefs de Section.
Mir wënschen deenen neie Kaderen eng glécklech Hand.
CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours , Ville de Dudelange , Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën - Cibett ,
24/03/2026
Jährliche Generalversammlung der Amicale vum Zenter Diddeleng
Die Amicale vum Zenter Diddeleng a.s.bl. hielt ihre jährliche Generalversammlung in einem würdigen und kameradschaftlichen Rahmen ab. Zahlreiche Mitglieder und Ehrengäste der Amicale waren anwesend, um gemeinsam auf das vergangene Jahr zurückzublicken und einen Ausblick auf die kommenden Herausforderungen und Projekte zu erhalten.
Präsident Paul Schalz eröffnete die Versammlung und begrüßte alle Anwesenden herzlich. In seiner Ansprache bedankte er sich bei allen Mitgliedern für ihr Engagement, ihren Einsatz und den starken Zusammenhalt innerhalb der Amicale.
Im Anschluss präsentierte Sekretär Eric Simon den Rückblick auf die Aktivitäten der Amicale. Er ließ die wichtigsten Veranstaltungen und Momente des vergangenen Jahres R***e passieren und hob besonders die gute Zusammenarbeit und die aktive Beteiligung der Mitglieder hervor.
Die Jugendleiterin Barbara Ferreira berichtete über die Entwicklungen und Aktivitäten der Jugendfeuerwehr. Sie unterstrich die Bedeutung der Nachwuchsarbeit und das große Engagement der Jugendlichen, die mit viel Motivation und Begeisterung am Feuerwehrleben teilnehmen.
Kassierer Romain Wohl stellte die finanzielle Bilanz und die Ausgaben der Amicale vor. Er gab einen transparenten Überblick über die finanzielle Situation.
Einen Blick in die Zukunft warf Vize-Präsident Aurélien Ternat, der den Ausblick auf das Jahr 2026 präsentierte. Dabei wurden kommende Projekte, Veranstaltungen und Ziele der Amicale vorgestellt, mit dem klaren Wunsch, die Gemeinschaft weiter zu stärken und die Vereinsarbeit weiter auszubauen. In diesem Zusammenhang erklärte er ebenfalls, dass die beiden Amicalen aus Bettemburg und Düdelingen erste Gespräche geplant haben, um eine mögliche Fusion im Hinblick auf das neue Einsatzzentrum vorzubereiten und zu planen.
Yves Vesque, Leiter des Einsatzzentrums, gab einen umfassenden Rückblick sowie einen Ausblick auf die operationellen Tätigkeiten der Feuerwehr und des Rettungsdienstes. Seine Ausführungen zeigten einmal mehr die Bedeutung der täglichen Arbeit aller Einsatzkräfte und die Herausforderungen, denen sich der Dienst stetig stellen muss.
Ein besonderer Moment der Versammlung war die Vorstellung von Pascal Thinnes als neuem Leiter des Einsatzzentrum Bettemburg-Düdelingen. Auch er richtete einige Worte an die Versammlung und sprach über die Zukunft sowie über die geplante Fusion im Zusammenhang mit dem neuen Einsatzzentrum.
Ebenso richtete Christopher Schuh, Chef de Zone der Zone de Secours Sud, einige Worte an die Versammlung und betonte die Wichtigkeit der Zusammenarbeit und des gemeinsamen Engagements im Dienst der Bevölkerung.
Auch Josiane Di Bartolomeo-Ries, Schöffin der Stadt Düdelingen, war anwesend und würdigte in ihrer Ansprache die wertvolle Arbeit der Amicale sowie den Einsatz aller Feuerwehr- und Rettungsdienstmitglieder.
Gemeinsam blicken wir motiviert auf das kommende Jahr und setzen uns weiterhin mit Herz, Engagement und Teamgeist für unsere Gemeinschaft ein.
16/03/2026
ZELTIK 2026
E Freiden 13.3., e Samschden 14.3. an e Sonnden 15.3.2026 huet d'Amicale vum Zenter Diddeleng a.s.b.l. ewéi all Joer um ZELTIK gehollef.
Eis Aufgabe waren: d'Garderobe fir d'Visiteuren assuréieren, e Grillstand mat ZELTIK-Burger, e Gedrénksstand mat Irish Red Ale Beer aus der Diddelenger KANTIN & Irish Whiskeys 😎
02/03/2026
Léif Matbiergerinnen a Matbierger aus der Gemeng Diddeleng,
An de kommende Deeg fänke mir mat der Verdeelung vun den Éirememberskaarten 2026 un.
All weider Informatioune fannt Dir geschwënn an Ärer Bréifkëscht.
Mir soen Iech villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung — et freet eis, Iech och dëst Joer erëm dobäi ze hunn! 😊