JS Dudelange

JS Dudelange

Partager

"Dëst ass eng Säit fir all Mënsch, deen déi jonk Sozialisten vun Diddeleng (JSD) ënnerstëtzen an Informatiounen iwwert eis an ons Aktivitéiten erhale wëll.

Mär sinn ëmmer op fir nei Iddien an Är Uleien. Fir Diddeleng!"

04/05/2026
Photos from JS Dudelange's post 27/03/2026

🌹 Generalversammlung 2026 – Jusos Diddeleng

De 26. Mäerz 2026 hunn d’Jonk Sozialisten Diddeleng hir Generalversammlung ofgehalen – e wichtege Moment fir zeréckzekucken, awer virun allem fir no vir ze kucken.

Mer soe villmools Merci fir de flotte, conviviale Moment virun der AG zesumme mat Memberen aus der Diddelenger Sektioun!

D’Motivatioun ass grouss, an d’Loscht sech anzebréngen nach méi!

Eis nei Exekutiv:
• Lisa Benasstutti & Edi Pacarada – Co-President:innen
• Dylan Ferreira – Tresorier
• Noël Lessinger – Sekretär
• Laura Oé – Member vun der Exekutiv (Social Media & Eventer)

Zesumme wëlle mir méi Präsenz weisen, méi Leit mobiliséieren an aktiv d'Zukunft vun eiser Stad matgestalten.

👉 Loscht matzemaachen? Schreif eis!
👉 Loscht op Politik déi no bei de Leit ass? Komm dobäi!

🌹 Zesumme fir e soziaalt, gerecht a modernt Diddeleng.

Photos from JS Dudelange's post 23/09/2025

LSAP Diddelenger Sozialisten
Pot du Président 2025🌹

15/09/2025

Mir wënschen alle Kanner, Elteren eng gutt Rentrée 🖋️📚

́e

🎤 Mir waren op der Fête de la Musique ënnerwee an hu jonk Leit direkt um Terrain befrot, wéi si d’FDLM erlieft hunn – an d’Äntwerten ware kloer: super Ambiance, flott Musek a gutt Gesellschaft! 🎶💬

E ganz grousse Merci geet un d’Gemeng Diddeleng déi sech zënter Jore fir d’Jugend an d’Liewensqualitéit an eiser Regioun asetzt. 🎉🫂

Duerch kulturell Evenementer wéi d‘Fête de la Musique weist d’Gemeng, datt si de richtegen Akzent op d’Jugend, d’Zesummeliewen an d’Gemeinschaft setzt. Dëst Engagement mécht en Ënnerscheed – a mir als Jugendpartei wëlle genau dat ënnerstëtzen an weiderféieren. ❤️

Zesumme schafe mir eng Gemeng, wou jidderee sech wuel fillt – besonnesch d’Jugend. 

Merci a bis demnächst!

Jonk Sozialisten Diddeleng🌹 

#dudelange #diddeleng #jsdiddeleng 28/06/2025

🎤 Mir waren op der Fête de la Musique ënnerwee an hu jonk Leit direkt um Terrain befrot, wéi si d’FDLM erlieft hunn – an d’Äntwerten ware kloer: super Ambiance, flott Musek a gutt Gesellschaft! 🎶💬 E ganz grousse Merci geet un d’Gemeng Diddeleng déi sech zënter Jore fir d’Jugend an d’Liewensqualitéit an eiser Regioun asetzt. 🎉🫂 Duerch kulturell Evenementer wéi d‘Fête de la Musique weist d’Gemeng, datt si de richtegen Akzent op d’Jugend, d’Zesummeliewen an d’Gemeinschaft setzt. Dëst Engagement mécht en Ënnerscheed – a mir als Jugendpartei wëlle genau dat ënnerstëtzen an weiderféieren. ❤️ Zesumme schafe mir eng Gemeng, wou jidderee sech wuel fillt – besonnesch d’Jugend. Merci a bis demnächst! Jonk Sozialisten Diddeleng🌹 #dudelange #diddeleng #jsdiddeleng

22/06/2025

D’Jonk Sozialisten Diddeleng wënschen Iech e schéine Nationalfeierdag 🇱🇺

08/06/2025

Schéine Mammendag❤️💐🌟

19/05/2025

D’Diddelenger Jusoe wënschen de Primaner vill Gléck fir hire Premièresexamen!🎓

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Dudelange ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

Adresse

Dudelange
3542